Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Ëmwelt

Vu lauter Beem de Bësch net méi gesinn! 

Vu lauter Beem de Bësch net méi gesinn!

Mat der Natur ass et ewéi mat der Industrie. Et huet een se gär well ee weess, datt een si brauch. Awer nëmmen esou laang si eis net stéieren! Eng Jughurtsfabréck an der eegener Gemeng? Kënnt net an d’Tut! Si brauch ze vill Waasser, dat jo awer ech brauch fir mäi Wues a meng Piscine. Eng Wandmillen op 200 Meter Loftlinn? Geet guer net! Mécht ze vill Kaméidi. Wech domadder! Beem? Wonnerbar. Allerdéngs just do, wou si mech net ploen! Also schonn guer net am Noper sengem Gaart!

Uganks Februar hunn ech d’Geschicht vun Izeg verzielt. An der Hesperstrooss huet sech eng Koppel en Haus kaaft an et ausgebaut. Esou wäit esou gutt, ma déi nei Besëtzer hu sech e bemol un de Beem vun engem Noper gestéiert déi schonn zanter iwwer 40 Joer op där Plaz stinn. Et koum zum berüchtegten Nopersträit.

Deen een Noper huet deen aneren Noper verklot mat der Fuerderung, déi Beem missten gekierzt respektiv ofgeseet ginn. Ein Platz an der Sonne. Datt déi Beem schonn 1975 geplanzt gi waren, sollt dobäi weider keng Roll spillen. An engem Urteel dat 10 Säiten laang ass, krut déi Antibam-Klägerkoppel nämlech Recht, an déi verkloten Noper goufen opgefuerdert, hir Beem an Hecken an der Zäit vun 10 Wochen op 8 Meter ze kierzen. Am anere Fall misst eng Astreinte vun 250 Euro den Dag als Strof berappt ginn! Wat net grad wéineg ass!

Déi condamnéiert Ëmweltschützer hunn direkt Appell géint dee Verdikt ageluecht.

De Pefferkär bei der ganzer Geschicht ass, datt de Kläger op en Neits fir d’Gemengewahlen kandidéiert; hie steet op der Lëscht vun de Gréngen, also vun där Partei déi virun 40 Joer an de Krich gezunn ass géint allméiglech Profaneien vis-à-vis vun der Natur. Wéi d’Tempelritter hu si sech géint Atomwierker agesat, géint d’Nordstrooss, géint den Helleggeeschttunnel, géint de stater Contournement…Si hu sech dobäi dacks un d’Beem ugekett, esou wéi hir Kanner a Kandskanner sech haut un d’Strooss upechen.

gkonline

 

De Willy Markus ass gebiertegen Hollänner a pensionéierte Bankemployé. Hien ass dee Mann deen eng méi fräi Vue aus sengem Haus wëll hunn. Mënschlech kann ech et novollzéien, politesch ass et en Desaster! Fir eng Partei kandidéieren, déi am Léifsten d’Kettesee wéilt verbidden; déi den Ënnergank vum Planéit am Schottergaart gesäit; déi léiwer Pissblummen a Brennnesselen am Virgäertchen hätt ewéi Wues; déi de Kierchbierg zougeséit huet mat Onkraut fir dat d’Seechomessen an d’Spannen net mussen auswanderen! Op der Lëscht vun där Partei also e Kandidat, deen an déi aner Richtung zitt! Deen sech op d’mannst net genéiert, Bam an Hecken hire sakrale Charakter ofzëerkennen.

Villäicht wëll eis dës Geschicht d’Moral bäibréngen, datt d’Ideologie an der Politik net vill ze sichen huet. Also am Fong geholl den éiwegen parteiinterne Sträit bei den Ekologisten tëscht Fundi a Realos. De Willy Markus als Galiounsfigur also fir eng ekologesch Politik déi d’Strooss hält? Goudron a Makadamm aplaz vu Sonneblummen a Kéifläpp? Esou Kandidaten brauch d’Partei déi sech déi lescht 10 Joer eng Éier draus gemaach huet, vill an der Natur ze rappen an ze wudderen!

Iwwerall do wou et Sënn mécht! Dixit Bausch. A Sënn mécht an de gréngen Aen vum Minister den Tram, neierdéngs och eng drëtt Pist op den Autobunnen, iwwerhaapt mécht zanter 2013 alles Sënn, wat esou geschëppt a gebuddelt gëtt,- Haaptsaach de Bagger ass gréng. De Wiessel vun der Oppositioun an d’Regierung, d’Mutatioun vun der Vergaangenheet op haut huet déi Gréng zu enger Täuschungspartei gemaach.

De Wee ass net méi wäit zu enger Enttäuschungspartei!

Related posts

1 Comment

  1. Goedert Alain

    Moien Här Kaiser.
    Ech war bis elo der Meenung datt dir Här Keiser, iech géift informéieren, wann dir en Artikel schréift. Ech sin entsaat datt dir, ouni iech selwer e Bild ze machen iwer dat wa dier schreift, e Bierger un de Pranger stellt. Ech kennen Haus ( wou den Här Markus a seng ganz Famill schons iwer 40 Joer dra wunnt ) an Situatioun vun där dir do schreift, an ech ka nëmmen de Kapp rësëlen wann ech ären Artikel liesen.
    Ech si keen deen op RTL oder egal wou Commentairen ofgett an sech hanner engem Anonymat verstoppt, mee dëst as wierklech zevill.
    Ech wärt garantéiert ni méi op är Site kommen

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *