Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Innepolitik

Et ass Fös an der CSV…. 

Et ass Fös an der CSV….
image credits:CSV

B 

is Aeschermëttwoch ass et wuel kaum gedoen! De Serge Wilmes wor haut op Radio Lëtzebuerg an huet vun der Long op d’Zong geschwat, den neie Parteichef Frank Engel esou richteg ausernee geholl. Kloer, de Mann muss seng Wonne lecken, ma hei gouf esou richteg Tacheles geschwat. Analyse an Erklärungen:

De Serge Wilmes seet, hie géing nach op de Projet vum Frank Engel waarden. Ass ze verstoen, wéi wann den neie Mann un der Spëtzt iwwerhaapt kee Projet hätt. Dobäi haten déi zwee Kandidaten fir d’Presidentschaft op verschiddene Hearingen d’Geleegenheet, hire Projet virzestellen! War den Här Engel net präzis genuch oder huet den Här Wilmes net richteg nogelauschtert? Waren d’Delegéiert esou domm, e Mann ze wielen matt “vision zéro”?

De Serge Wilmes sot weider, hie géing op Propositioune waarden, fir de Gruef tëscht deenen zwou Säiten – Symphatisanten vu Wilmes an Engel – nees méi zouzemaachen; am nämmlechten Zoch huet hie matgedeelt, datt deen een oder aneren aus Protest géint den Engel d’Partei verlooss huet, fir ze ënnersträichen, wéi eescht et ëm d’Zukunft vun der Partei bestallt ass!

Déi nächst op de Bak vum Engel: dem Wilmes soll et mat senger Kandidatur eenzeg an eleng ëm d’Partei gaange sinn, net ëm sech selwer.

image credits: rtl.lu

Dem Engel géing et par contre drëm goen, a 5 Joer Spëtzekandidat vun der Partei ze sinn….an eventuel neie Staatsminister! Och déi souz!

Net commentéiert huet hien, datt vu verschiddene Säiten an der Partei géint hien agéiert gi war; do fällt ëmmer nees den Numm vum Michel Wolter, deen an de Kulissen un de Fisselle gezunn hätt, fir dem Engel zur Majoritéit ze hëllefen.

De Style awer vum neie Parteipresident wier net dee richtegen. D’CSV  sollt net op eng knallhaart Oppositioun setzen, ma op eng intelligent Oppositioun, mat Alternativen, an no bei de Leit. Aneschters gelies: dat wat de Frank Engel wëlles huet, ass blöd a wäit ewech vum CSV-Vollek.

A schlisslech nach déi heiten: et geet net duer, datt d’CSV déi nächste Wahlen gewënnt, ma si muss och koalitiounsfäheg sinn! De Serge Wilmes ënnerstellt also elo schonn, datt seng Partei mat engem Frank Engel un der Spëtzt, et wäert schwéier kréien, e Koalitiounspartner ze fannen!

De Serge Wilmes war de Moien esou richteg knätscheg; no sengen Aussoen vun de Moien ass sech tatsächlech schwéier virzestellen, datt déi zwee Borden vun der Partei nees zesummefannen. Dat misst dem Engel säin éichte Projet sinn! Hat hie vergiess, mam Wilmes ze schwätzen?

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *