Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Gesellschaft

E bësselchen méi no beim Vollek wannechgelift! 

E bësselchen méi no beim Vollek wannechgelift!
Image par skeeze de Pixabay

iergendwéi geet d’Saach net méi op! D’Regierung huet alles richteg gemaach an d’Infektiounen goungen zeréck. Elo wou d’Zuelen no uewe ginn, heescht dat jo dann: d’Regierung mécht alles falsch! Dat ass sech d’Situatioun wuel ze einfach gemaach. Fir déi politesch Majoritéit esou gutt ewéi fir d’Oppositioun huet sech d’Blat gedréit an et muss ëmgeschalt ginn. Dobäi wär et net vu Mutwëll, wann béid Säiten méi no um Vollek wieren.

Wéi ech e Mëttwoch dem Staatsminister an der Gesondheetsministesch nogelauschtert hunn, wor ech bal vum Stull gefall! Eng Journalistin hat d’Fro gestallt, wéi et da mat deene Leit wier, déi eng Rees gebucht hunn? An d’Madamm Lenert hat jo net geäntwert – ech paraphraséieren: déi sinn net eis Prioritéit, déi mussen sech selwer demerd….debrouilléieren. Glécklecherweis wor hir de Staatsminister an d’Wuert gefall: natierlech géifen an den nächste Stonnen doriwwer Gespréicher lafen, et géing sech och ëm déi Leit gekëmmert ginn. Héieren hunn ech duerno allerdéngs näischt méi.

Datt d’Madamm Lenert als Gesondheetsministesch sech net prioritär ëm d’Touriste këmmert, liicht an. Ma hir Aentwert hätt duerchaus mussen aneschters ausfalen, schliisslech vertrëtt si jo och d’Regierungspolitik. Vill Leit hun nu mol eng Rees gebucht, sief et op der Belscher Plage, sief et am méi wäitem Süden. Ënnert hinnen där, déi Méinte laang hiert Geld fir déi Vakanz gespuert hunn. An elo wär alles futsch?! Net nëmmen d’Vakanz, ma ënner Ëmstänn och nach dat Erspuertent?!

wéi ass et mat deene Leit, déi dëse Weekend fir eng Woch an de Schwarzwald wëlle fueren oder op Berlin fléien? Kréien si elo all eng mail wéi an dësem Genre?

Vun enger anerer Familljen hunn ech héieren, datt déi däitsch Police selwer hirer Hänn kee Rot wosst. Können die Luxemburger bleiben oder nicht? Kee wosst et! Ech hunn just vun e puer Fäll héieren, ma et gëtt der bestëmmt Dosenden! Et wär also ubruecht, dëse Leit ze hëllefen mat enger klorer Kommunikatioun.

Am Einfachsten wär et fir d’Politik, eng Reeswarnung erauszeginn. Bleift doheem! Ass dat esou schlëmm, ee Joer op eng Vakanz ze verzichten? An deem Fall missten mir allerdéngs deen nämmlechte Message un déi Auslänner ginn, déi trotz Virus wëllen an eis Festungsstad kommen, an de Mëllerdall, an d’Eisléck. Mir missten den Touristesecteur nees gréisstendeels confinéieren. De Karnéckelschlag! Dat wëlle mer jo net. Da loosst déi Leit, déi wëllen an d’Ausland zéien, dat och maachen, an zwar ënnert de beschtméiglechste Conditiounen! Eng Aufgab fir den Ausseminister Jean Asselborn zesummen mam Touristeminister Lex Delles. D’Minister stinn am Déngscht vum Vollek, alles aneschters wär Arroganz vun der Politik!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *