Et fillt ee sech scho bal an engem journalistesche Summerlach. Wéi wann et nach net duergaange wier mat der Afenhëtzt vun der leschter Woch, goufen d’Gemidder zousätzlech opgekacht duerch d’Diskussioun: et ginn net genuch Beem an eiser Haaptstad. Ech goung séier bis bei den Huelen Zant fir erof an den Dall ze kucken, an de Pafendall, an de Gronn, a Clausen. Tatsächlech! Alles zougeschott…mat Straicher a Beem. Uewenaus am Neiduerf wuessen Eechen a Bichen de Leit bis an d’Kichen eran. Ma d’Diskussioun goung jo net dorëm! Vill éischter, datt de Gréngewald misst bis an den Zentrum vun der Stad geréckelt ginn.
Zum Beispill bis op de Knuedler. Dat géing frësch Loft maachen, d’Awunner missten net esou ënnert der IPCC-Wäermepompel leiden. Also ewech mam Bëton a Pavé! Mä brauche mer net awer esou grouss Plazen? De Glacis fir ze parken, de Glacis fir Concerten, de Glacis fir d’Frittebuden, de Knuedler fir ze manifestéieren? Oder mussen an Zukunft Nora Back a Patrick Dury op der Wëllemsplaz d’Lianen eropkloteren an hir gewerkschaftlech Fuerderungen wéi den Tarzan erofjodelen?
Jiddereen vun den Awunner ass neierdéngs Expert an där Matière. Dofir Prost op méi Bierger-Participatioun. D’Paräisser Plaz op der Gare ass e wonnerbaart Beispill. Méinte laang gouf mam Schäfferot gediedegt a gestridden, d’Bierger hunn hier Doleancen duergeluecht, an esou koum dat eraus wat den Ament do steet, souzesoen an de Steen gemeesselt. Vum Bierger konzipéiert, vum Bierger elo kritiséiert. Méi Muecht dem Vollek, dat sech selwer ofschaaft!
De François Benoy leeft duerch d’Stad, moosst d’Temperatur um Macadam a bléist Alarm, d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer berouegt: 30.000 Beem ginn an der Festungsstad geplanzt! 14.000 hu schonn d’Wuerzelen ausgeschloen a musse reegelméisseg genat ginn. Gréng Gemengepolitik schaaft eben Aarbechtsplazen! Alles zoubetonéiert! jäizt d’Vollek. Skandal! Skandal! Déi künstlech Intelligenz widdersprécht: tëscht 84 an 90 Prozent vum nationalen Territoire sinn (nach) net verbaut a gehéieren der Landwirtschaft an de Bëschereien, mä der KI sinn d’Hondsdeeg-Temperaturen wuel och an de Kapp geschloen!
Villäicht bréngt eis déi nächst Canicule den Duerchbléck