Recent Posts

Post Categories

D’Sozialisten an der midlife crisis 
D’Liewen ass kee Kichelchen an d’Politik bei wäitem keng Kooperative. Déi Erfarung mécht grad déi Genossenschaft, déi sech witzegerweis ëmmer...
Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...

Blog Post

Finanzen

Chômage: vu Statistiken an hire Lektiounen 

Chômage: vu Statistiken an hire Lektiounen
Image par Gerd Altmann de Pixabay

Enn d’lescht Joer waren 21.100 Persounen op der Sich no enger Aarbecht; dat waren der 1600 méi (8%) ewéi d’Enn vum Joer virdrun. D’ADEM gëtt sech Méi, déi Zuel ze entschlësselen: zum Beispill ware vill héich qualifizéiert Leit ouni Schaff an deementspriechend hate vill jonk Persoune keng Beschäftegung. Déi eigentlech Léisung läit awer net am Wuert Aarbechtslosegkeet oder Chômage, mä op der Sich no Aarbecht!

Et ass wuel wichteg, ze wëssen, datt dee leschten Dezember 8740 Chômeuren vun. der kompletter Indemnisatioun konnte profitéieren an datt dat der bal 19 Prozent manner waren ewéi 12 Méint virdrun. Dat ass interessant fir de Statistiker, awer fir e Politiker, fir eng Regierung geet et net duer. Do stellt sech d’Fro: sinn déi ronn 21000 Chômeuren tatsächlech op der Sich no enger Aarbecht?

Ech wëll domadder kengem ënnerstellen, e Bluttsëffer vum soziale System ze sinn. Ma di eigentlech Aarbechtslosegkeet,

adem.lu

de Kär vun.der Problematik läit bei deene Leit, déi nëmme ganz schwéier ze vermëttele sinn. Also Persounen ouni Diplompobeier am Grapp a fir de Rescht zwou lénker Hänn, Persounen deenen et gesondheetlech net gutt geet an déi sech selwer opginn hunn. An anere Wieder: dës Leit hu resignéiert, sinn net op der Sicht no Aarbecht!

Datt jonk Leit mat vill Diplomer an der Hand zejoert ouni Beschäftegung waren, ass natierlech bedauerlech, ma trotzdeem brauch een sech net ze vill Suergen ëm si ze maachen; déi komme schonn iergendwann ënnerdaach. Ech schwätzen hei vun engem zimmlech feste Stack vu Chômeuren, déi zwar duerchaus eng gutt Aarbechtsmoral kënnen hunn an déi nawell ouni Sozialstaat an der Gaass géife sëtzen.

Wann dee Stack Zueleméisseg stagnéiert oder erofgeet, ass alles an der Rei, geet déi Zuel awer an d’Luucht, weess eng. Regierung, datt eppes schif leeft, datt eventuell mat engem Revirement an der Ekonomie an noer Zukunft ze rechnen ass. 2500 Aarbechtsplazen sinn den Ament fräi, si stinn op. De Fall gesat, 90 Prozent vun deene Plazen ginn u qualifizéiert bis héich qualifizéiert Persounen: wat seet eis dat?

Datt et der Finanzplaz gutt geet an och all deene Betriber, deenen Honnerte vu klenge Gesellschaften, déi ewéi Satellitten vun der wirtschaftlecher Energie vun de Banken a vun der Fongenindustrie mat profitéieren. Dee feste Stack vun Aarbechtslosen awer geet net zeréck, éischter erop, mat Leit déi 2 , 3 oder méi Joren gesicht a gesicht hunn ouni déi geréngste Perspektive op eng besser Zukunft. D’Haaptfro ass deemno: wéi vill Leit si méi ewéi 20 Méint op derAdem ageschriwen?!

Previous

Chômage: vu Statistiken an hire Lektiounen

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *