Bis ewell war et en typesch lëtzebuerger Summer: 14 Deeg Afenhëtzt, fir de Rescht vill frësch a fiicht Deeg. An et muss ee soen, datt et munchmol enorm geschott huet. Honnerte Keller waren iwwerschwemmt. Dat gouf et zwar och scho viru 50 Joer, ma de Phenomen hëlt zou. De betraffene Bierger -déi, déi reegelméisseg domadder geplot sinn- bleift näischt aneschters iwwereg ewéi hiert Schlass –my home is my castle- waasserfest ze maachen. A grad d’Gemengen sollten sech net ze schued sinn, deene Leit finanziell ënner d’Ärem ze gräifen. Well och si sinn mat schëlleg, wann de Keller zum Aquarium gëtt.
Wéi virun iwwer 25 Joer de Contournement ronderëm d’Haaptstad zu Dräivéirel opgoung, gouf en Deel vum Reewaasser an d’Kanalisatiounsréier am Neiduerf deviéiert. Dat konnt net gutt ausgoen. Bei der éischter Kéier, wou d’Waasser gebremst gëtt, sprangen d’Kanalisatiounsdeckelen an d’Lut, an d’Leit wëssen, datt si Schruppert an Torschong mussen eraushuelen. Dobäi kënnt, datt am Laf vun de Joer Wunnhaiser op der Kalchesbréck an um Cents gebaut goufen, och deen een oder anere Betrib, an datt zousätzlecht Waasser an d’Neiduerfer Réier gelaf kënnt.
D’Gemeng Lëtzebuerg huet reagéiert an ënnenof a Clausen Réier an d’Strooss leeë gelooss, wou en erwuessene Mann riicht derduerch kann trëppelen, ouni sech mussen ze bécken. Dat hëlleft wuel, ma bedeit net d’Enn vun der Plo. D’Léisung ass, sech zwee Siphonen abauen ze loossen, déi zousetzen, esou bal d’Waasser sech vun der Strooss an d’Haiser mécht. Dat funktionéiert zu 100 Prozent, ass allerdéngs net bëlleg! 10.000 Euro!
Normalwerweis huet en Haus zwee Uschlëss un d’Kanalisatioun: deen ee betrëfft d’Reewaasser an do geet e Siphon duer, deen zwar manuel ma automatesch zousetzt, deen anere betrëfft Toilette an Douche plus Kichen. Aus hygieenesche Grënn funktionéiert dee Siphon mat Stroum. D’Installatioun brauch annerhallwen Dag, dohier dee gepefferte Präis.
D’Gemengen sollten sech iwwerleeën, bei deem héijen Invest de Privatleit ze hëllefen. 25 Prozent wier scho mol e gudden Ufank. D’Gemeng Steesel huet dat scho virun iwwer 20 Joer gemaach. Anerer sollten et nomaachen, well si sinn wéi gesot, net ganz onschëlleg. Ech selwer hunn déi Siphonen elo zanter 10 Joer – schwätzen also net pro domo- an ech hat grad an der Lescht e puer Glécksmomenter.
Ech kommen aus enger Vakanz Heem a ginn an de Keller: alles dréchen. Ech drécken op de Knäppche vum Computer: Inondations! Wat esou vill bedeit ewéi: wär de Siphon net gewiescht, wär de ganzen Dreck nees bei mir gelannt. Esou Glécksmomenter ka sech net jidderee leeschten, an dofir mäin Appell un d’Gemengen, finanziell anzesprangen. Grad d’Politiker troteren an all gudder Sonndesried: mir mussen eis drop astelle, mat de Konsequenzen vum Klimawiessel ze liewen. Dat hei wär eng gutt Geleeënheet!