Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Featured

D’kathoulesch Kierch, een demokratesch gefouerte Betrib? 

D’kathoulesch Kierch, een demokratesch gefouerte Betrib?
Image par Tasos Lekkas de Pixabay

De reliéise Glawe bleift fir mech wuel op ëmmer an éiweg e Geheimnis! Ech lauschteren, wat déi kathoulesch Kierch esou vu sech gëtt a suivéieren natierlech esou ee Mega-Evenement ewéi d’Konklave. An ech staunen! D’Zeitung Le Parisien  huet viru Wochen getitelt, datt net nëmmen d’Kierchen a Frankräich ëmmer méi gefëllt sinn mat Gleewegen, ma datt och d’Zuel vun de Reliounsdafen zanter Joren am gaangen ass, kräfteg zouzeleeën. Zejoert waren et 7135 Erwuessener -wat schonn eng Hausse vun 28 Prozent war par rapport zum Joer virdrun-, an elo am Joer 2025 wären et der 10500 gewiescht. Wuelverstanen: Erwuessener, déi aus fräie Stécker am atheistesche Staat Frankräich der kathoulescher Kierch. bäigetruede sinn.

D’Ursaachefuerschung fir dës Entwécklung steet op wackelege Féiss. De Mënsch hätt d’Orientéierung verluer, hin-an-hir gerass tëscht dem Krich an der Ukrain, der Gefor vun engem Weltkrich, dem Klimawiessel, der Pandemie, dem Rietsextremismus asw. Sollt dee Versuch vun enger Explikatioun fir dës Situatioun tatsächlech richteg leien, géing dat jo u sech näischt aneschters bedeiten ewéi datt d’Stonn vun den Opportuniste geschloen huet: ier de Rideau definitiv fält, nach huerteg gleeweg ginn, fir an de Genoss vun engem zweeten an zwar éiwege Liewen ze kommen.

Ganz vilL gestaunt hunn ech déi lescht Wochen allerdéngs iwwer d’Konklave selwer. 133 Kardinole souzen zesummen, fir deen neie Poopst ze bestëmmen., 133 Mënschen déi net perfekt, also feelbar sinn. De Poopst kënnt aus hire Reien, ass also grad esou feelbar. Ma vun deem Ament un wou hie bis gewielt ass, also zum neie CEO vun der Kierch designéiert gouf, ass hien net méi feelbar. Och wann déi Qualitéit just op d’Orientatioun an op d’Exekutioun vun der kathoulescher  Doktrinn gemënzt gëtt, ass dës Wandlung dach verblüffend!

Image par Ramon Perucho de Pixabay

Virun allem awer stéiert mech de Fonctionnement vun der Konklave. Et gëtt ronn 1,5 Milliard Katholicken op dësem Planéit, si maachen iwwer 17 Prozent aus vun der Weltpopulatioun. De Poopst ass deemno de Chef vun engem vun de gréisste Betriber an hie gëtt an engem cercle restreint vu grad emool 133 Kardinole gewielt. Einfach esou?! Ech verstinn an acceptéieren, datt dee Procedere historesch entstanen ass, ginn awer zugläich ze bedenken, datt mir am 21. Joerhonnert ukomm sinn. Et ass kaum méiglech, de Poopst via Referendum ze bestëmmen oder via Direktwal vun de Kierchememberen, ma dee Collège des électeurs misst onbedéngt erweidert ginn.

Eigentlech sinn ech paff, datt an all där Euphorie vun de leschte Wochen net eng eenzeg kritesch Stëmm zu Lëtzebuerg ze héiere war iwwer d’Manéier vun der Kierch, fir hire big Boss ze kréinen. Et gouf just gespaant op e Schaaschtech geluusst! Geheimnis des Glaubens? Jo, absolutt. An doranner läit d’Stäerkt vun all de Reliounen, virop vun der kathoulescher Kierch. Ass et net grad dat Mystescht, dat d’Leit unzitt? Also dat, wat ee sech rationell net erkläre kann? Just gleewen.

D’Dräifaltegkeet, den Hellege Geescht, d’Maria an déi onbefleckten Empfängnis, stierwen fir ze liewen, d’Wandlung an der Mass, an, an, an…alles interessant Geschichten, déi fir d’Majoritéit vun de Stierflechen e lëschtegt Rätsel-Rode bleift an déi sech nawell doranner gebuerge fillt. Wéi sot den Heinrich Böll, wéi hien aus Protest aus der Kierch ausgetruede war: einmal katholische Kirche, immer katholische Kirche. An anere Wieder, et kënnt een aus deene geheimnisvolle Geschichten net méi eraus! De Böll soll jo spéider zeréck an de Schouss vun der Kierch gaange sinn.

Relioun ass Opium fir d’Vollek? Wéi wouer! Mä, ech hätt net geduecht, datt déi Drog esou staark ass. D’Kape-Sëtzung vun der Konklave ass eriwwer an ech wënschen ganz éierlech dem Poopst eng glécklech Hand. Léiwer eng grouss Institutioun zu Roum ewéi zeg kleng Sekten am Ënnergrond. D’Kierch muss absolut op Transparenz spillen an esou Ongeheierlechkeeten ewéi sexuelle Mëssbrauch an hiren eegene Reien, ma däerf zugläich hire fonds de commerce net opginn. An dat ass d’Geheimnis vum Glawen. Méi spannend Geschichten ewéi vu Sean Connery, Roger Moore an Daniel Craig zesummen.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *