
Verwurrelt Gedanken hunn ech nach ëmmer, wat d’Affär Wilmes betrëfft. D’Justiz huet eng Enquête préliminaire lancéiert; et gëtt also mol gekuckt, ob et sech lount, no eventuell méi sichen ze goen. A wéi ëmmer gëtt drun erënnert, datt jidder Persoun esou laang onschëlleg ass, bis datt de Géigendeel erwisen ass: Le Parquet rappelle qu’à ce stade aucune conclusion judiciaire n’est tirée. Comme le souligne le communiqué, toute personne est présumée innocente tant que sa culpabilité n’a pas été définitivement établie par une juridiction compétente. Dat liest sech wéi en Hohn!
Scho laang net méi gouf eng Persoun ëffentlech esou higeriicht wéi grad dësen Dokter! Esou guer wann d’Beschëllegungen déite stëmmen: seele gouf de Rechtsstaat esou mat Féiss getrëppelt wéi grad hei! D’Guillotine gouf fale gelooss, de Kapp loung um Makadamm nach ier de Medezinner och nëmmen den Hauch vun enger Chance gehat hätt, sech ze wieren.
Natierlech hunn och ech eng Kéier musse schlécken, wéi ech de Rapport ze liese krut vun deenen dräi Experten. Unanimitéit ënner deenen Hären: den Dokter Wilmes huet Kräizbänner operéiert wou et net hätt musse sinn! Dat erféiert een! Souguer deen Expert dee vum Wilmes designéiert gouf -a vun deem een sech eppes aneschters erwaart huet- koum zur nämmlechter Konklusioun! Do ginn engem d’Gedanken hin-an-hier gerëselt: ass de Wilmes e Schënner?
“….esou laang onschëlleg ewéi net….”
Jo, richteg! An et ginn Argumenter déi fir hie schwätzen, op d’mannst net géint hien. Déi Expertise ass nämlech net onbedéngt vill wäert. Och wann ech kee Mann vum Fach sinn, esou stellen ech fest, datt si inhaltlech net explizit ass. E bësselchen Pipikaka, Pitti’s-Aufsatz. Fir all analyséierte Fall gëtt hoergenee deen nämmlechte Vokabular benotzt, et geet een net an den Detail, et schreift een alt eppes fir d’Blat ze fëllen. Här, looss dee Kellech erlaanscht goen?

Et gëtt ëmmer nees drop higewisen, datt en Dokter soll un Hand vu sengem Patient jugéieren an net eleng un Hand vu Biller, vun IRM-Photoen-och wa se extreem wichteg sinn. Fir dës Expertise gouf sech allerdéngs ausschliisslech op IRM-Biller baséiert. Dat wërft Froen op: konnten oder wollten d’Experten net mat de Patiente schwätzen? Ëmmer nees gëtt jo betount, datt et in fine ëm de Patient geet, datt dee muss geschützt ginn virun engem Dokter, dee mam Skalpell méi séier ass ewéi säi Schiet. IRM-Biller awer hunn och hier Limitten.
D’KI gëtt dat heiten ze bedenken:
- Pas de diagnostic dynamique : Elle montre une image figée et ne permet pas d’évaluer la laxité (l’instabilité réelle) du genou en mouvement.
- Risque de faux négatifs/positifs ….
D’Experten an der Causa Wilmes allerdéngs schéngen domadder absolutt kee Probleem ze hunn. Den IRM geet hinnen duer: Kee Photo-Album, net vill Gedeessems, a wéi gesot, ëmmer deen nämmlechte Vokabular an der Konklusioun:
- A l’IRM préopératoire, le LCA est sain
- L’intervention du ……. a engendré une mutilation
- L’indication opératoire posée par le docteur Wilmes est qualifiée d’injustifié”
Alles net falsch, ma et hu sech esou vill Leit bei der Patientevertriedung beschwéiert….”
An déi Zuel vun iwwer 80 Reklamatiounen ass eng zousätzlech Belaaschtung fir den Dokter. Allerdéngs sollt een déi Zuel trotzallem net ënner-, awer och net iwwerbewäerten. De Mann huet e “fonds de commerce” vun e puer dausend Patienten. Bannent 13 Joer huet hien am Ganzen ronn 5500 Leit operéiert, dovunner déi lescht 7 Joer am Schnëtt 500 pro Joer. Wat seet eis dat?
Wuel kaum, datt all déi Leit onzefridde ware mat “sengem Geschnëppels”. Éischter am Géigendeel! Seng Renommée als

gudde Chirurg gouf de bouche-à-bouche weider colportéiert. A bei den Dokter ass et net aneschters ewéi an anere Beruffsstänn: esou een Erfolleg suergt fir Jalousie!
Datt bei deem Asaz och mol eppes ka schif lafen, schéngt nëmmen normal; virun allem awer ass all Patient als e Fall vir sech ze betruechten: deen een recuperéiert besser ewéi deen aneren an also kann d’OP als Succès verbucht ginn; deen een huet vill méi Péng wéi en aneren a brauch méi Zäit fir nees op d’Been ze kommen. Erklärungsméiglechkeeten ginn et esou vill ewéi et Patiente gëtt!
“Wilmes ewéi Icarus?…”
Den Dokter Wilmes ass an de leschte Joer an héijere Sphären ënnerwee gewiescht: nieft senger deeglecher Aarbecht huet hien sech ëmmer méi fir d’Politik interesséiert. Als Member vun der DP huet hie matgehollef, d’Sozialisten an der Santé ofzeseeën; hie war an de Koalitiounsgespréicher fir déi ablécklech Regierung derbäi, hat sech dofir engagéiert, datt ëmmer méi medezinesch Interventioune kënnen ambulant duerchgefouert ginn an hien hat seng FindelClinik op d’Welt gesat.

Méi ewéi eng Kéier huet hien sech onzefridde gewisen iwwer d’Aarbecht vu Schwaarz-Blo an huet esou d’Aarbecht vun der Gesondheetsministesch Martine Deprez – direkt oder indirekt- kritizéiert. Et goung him net séier genuch an der Ëmsetzung.
En interessante curriculum vitae also, op alle Fall interessant genuch, datt verschidde Beruffs-“Kolleegen” sech ugepisst gefillt hunn. Méiglecherweis ass et net déi ganz Wouerecht, ma de Wilmes gouf d’Affer vu sech selwer. Hie wollt nei Weeër goen a goung kräfteg un déi besteeënd Pilieren vun der Santé rëselen, Pilieren déi op engem feste Sockel stinn vu 40 Joer sozialistescher Planwirtschaft. Aus dem Sidolseck gouf zeréckgeschoss, an de Mann gouf an de berufflechen Asyl geschéckt: fir déi nächst Joer ass sech vun him weider keng Gefor méi z’erwaarden.
Ëmmer méi Medezinner manifestéieren awer hir Onzefriddenheet iwwer e System deen iwwerlieft ass. Ganz rezent huet an Däitschland d’AOK eng Etude verëffentlecht mam Resultat, datt tëscht 57 a 60 Prozent vun alle stationäre Fäll kéinte verhënnert ginn, an zwar duerch ambulant Behandlung. Op déi Manéier kéinte vill Sue gespuert ginn: “Kosten und Betten: Durch den Wegfall vollstationärer Krankenhausaufenthalte ließen sich die Behandlungskosten im Gesundheitssystem erheblich senken. [1] Mä hoppla! Dat géing bedeiten, datt den Ëmsaz an de Klinicke géif ofhuelen! Si géingen Geld an och Muecht verléieren. En absolutten no-go fir e System dee grad esou an de Steen gemeesselt ass ewéi den Index.
D’Schuman’s-Spideeler anticipieren a lancéieren d’Iddi vun enger Klinik, an där een ambulant behandelt gëtt. Net schlecht! Esou verdéngt een weider mat. D’Medezinner selwer hunn aus der Affär Wilmes och geléiert: mësch dech an näischt, da kënns du an näischt. De System verdeelt generéis Suen. Domadder léisst sech liewen, a fir de Rescht, Hal de Bak! Esou bleift d’Fauscht an der Boxentäsch!
Dës Iwwerleeungen schléissen natierlech net aus, datt den Dokter Wilmes dach iergendwéi kéint e Scharlatan sinn. Op deem Punkt loossen ech d’Justiz an déi medezinesch Experten mol schaffen. Ma d’Wucht vun der ‘Géigenoffensive’ an d’Hannerfotzegkeet an der Kommunikatioun hu verdäitlecht, datt et hei net nëmmen ëm Knéien a Kräizbänner geet, ma ëm e System, dee sech souwisou am Kriibsgang beweegt.
De Wilmes ass onschëlleg bis datt de Géigendeel bewisen ass? Datt ech net laachen! Zur Erënnerung: An der Affär Lunghi stoungen d’RTL-Journalisten Schram an Thoma 10 Joer laang als schëlleg um Panger, bis si rezent erléist goufen. Dem Wilmes wäert et net besser goen: esou laang schëlleg bis datt de Géigendeel erwisen ass! Et bezillt ee just mat 10 Joer vu sengem Liewen!