Recent Posts

Post Categories

Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...
Friedrich Merz a Luc Frieden, même combat? 
D’Parallellen tëscht deenen zwee Politiker sinn erstaunlech: deen een war 7 Joer laang President vun der BIL, deen aneren Chef...
Frank Bertemes: Der Schmetterlingseffekt 
Im übertragenen Sinn bedeutet der Begriff, dass scheinbar unbedeutende Handlungen, kleine Zufälle oder Entscheidungen in der Vergangenheit enorme und weitreichende...
Tripartite, Festival vun de gudden Affairen 
Als Rappel: D’Tripartite gouf an d’Liewe geruff an de 70-ger Joer, wéi de Stär vun der Arbed am gaange war,...

Blog Post

Divers

Marc Thoma op apart tv: vun ëffentleche Séisselen a vu märeler Kueben 

Marc Thoma op apart tv: vun ëffentleche Séisselen a vu märeler Kueben
Marc Thoma

      

Déi lescht Woch schonn huet sech de Marc Thoma an engem Kommentar https://bit.ly/3Nm7Y2m iwwer de Sujet opgereegt: fauchage tardif! Wëll heeschen, d’Séissel gëtt spéit erausgeholl, fir datt alles, was keucht und fleucht sech kann an engem gesécherte Biotop vermeeren. Dobäi geet et mol net esou ëm de Pro a Contra vun deem fauchage tardif, ma éischter ëm d’Tatsaach, datt ausgerechent déi ëffentlech Hand sech net drunner hält. OP ville Plazen gouf dëst Joer extrem fréi geméit a fir datt alles schéin a propper ass, koumen och dacks schwéier Maschinnen an den Asaz, schwéier an och deier.

Dat alles konnt een sech déi lescht Woch mam Reportage vum Marc Thoma op d’Long zéien. Haut huet hien op apart.tv nogeschoss, mat engem Reportage an Toun a Bild. Seng Impressiounen kann een sech elo och op dëser Websäit ukucken.

 

Anere Sujet: et gëtt keng Meekiewerleke méi, dofir awer genuch Kueben. Zu Märel wären et der ze vill. Den Awunner ginn se op d’Nerven a si wieren sech géint déi Invasioun vun de grousse Vullen.

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *