Recent Posts

Post Categories

Frank Bertemes: Problem Rotationsprinzip 
Nach der Lektüre des rezenten Interviews mit den beiden emsigen, doch nun (leider) rotierenden Abgeordneten der Partei „déi Lénk“ im...
Spillt déi jonk Generatioun an der politescher Sandkaul grad mam Feier? 
An enger ganzer Partie Länner gëtt an den nächste Méint gewielt: Frankräich, Spuenien, Däitschland, Italien, Polen, Schweden. D’Prognosen sinn iwwerall...
De Selfist Xavier Bettel 
De Xavier Bettel ass e Phenomeen fir sech. Hie schwätzt mat de Leit wéi wann hien mat hinnen alleguer an...
TNS-ILRES: Wiedergespills mat den Zuelen? 
D’TNS-Ilres entléisst d’CSV mat e puer Datzen an d’Vakanz. Déi konservativ Ministeren kommen am leschte POLITMONITOR gréisstendeels net gutt ewech,...

Blog Post

Satir

Déi Gréng an Däitschland op der Sich no Maanskärelen 

Déi Gréng an Däitschland op der Sich no Maanskärelen
Image by Barroa from Pixabay

Am Juli koumen déi Gréng an Däitschland mat engem sougenannte “Männer-Manifest”. Deen Text wär nach näischt Definitives, ma dach den Ufank vun enger Diskussioun déi absolutt noutwendeg ass. Op d’mannst parteipolitesch, well den Ament déi jonk Männer sech viru grénger Ideologie eekelen an ausgerechent  bei déi exxtrem Riets eriwwerrutschen. Déi Gréng maachen elo e mea culpa.

Image by Petra from Pixabay

Bis ewell wier just driwwer diskutéiert ginn, wat de Mann esou alles net soll sinn; neierdéngs kritt hie gesot, wouranner eng modern Männlechkeet soll bestoen. Dee Mann däerf ouni schlecht Gewëssen no senge Muskele kucken, wëll heeschen, hien däerf an e Fitness-Studio goen an op der Bi- an Trizeps-Party matmaachen….esou laang hien déi Muskelen asetzt fir aner Leit ze beschützen. Also die hard?

Dat erënnert u Kitschfilmer aus Hollywood, wou de Mann all 10 Minutten seng Fra an den Aarm hëlt mat de

Image par StockSnap de Pixabay

Wieder: alles gëtt gutt, Baby!  Am Lidd vum Herbert Grönemeyer heescht et dofir: Männer nehmen in den Arm, Männer geben Geborgenheit. Bei deene Gréngen sinn elo d’Zäiten eriwwer, wou de Mann als Schlappschwanz doheem sëtzt ze heekelen an ze strécken; esou schreift den Julian Joswig “Männlich kann jemand sein, der sagt, er geht ins Fitnessstudio zum Trainieren. Männlich kann jemand sein, der sich die Fingernägel lackiert und vielleicht auch Dinge macht, die ganz untypisch sind”. 

Esou guer dee Mann dee beim Kickboxen d’Sau erausléisst, ass net onbedéngt rietsissimus.

Image by Jenny from Pixabay

An de Mann däerf sech och nees fir Autoen interesséieren…am Beschten natierlech fir där Elektrescher. Feelt just nach de Saz: dréck dem Bouf e Ball an de Grapp an hien ass glécklech. Déi Gréng fueren allemol eng schaarf Kéier. Ob déi jonk Männer hinnen dat ofkafen?

D’Männer sinn also op eemol, wéi mat engem Fiederstréch keng Schwäi méi, déi just tackeren am Kapp hunn, si sinn elo och nëmme Mënschen, déi zwar  bekanntlech keng Kanner kënne kréien, dofir awer Häerzinfarkter. Interessant ass, datt d’Partei decidéiert, wat si am Privatliewen däerfen a wat net. Esou behandelt een héchstens Mannerjäreger!

Soll een si elo dowéinst nees verdamen an op de Mound schéissen, oder léiwer op de Mars, wou et bekanntlech zanter éiweg gréng Männercher gëtt?

Previous

Déi Gréng an Däitschland op der Sich no Maanskärelen

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *