Recent Posts

Post Categories

Tripartite, Festival vun de gudden Affairen 
Als Rappel: D’Tripartite gouf an d’Liewe geruff an de 70-ger Joer, wéi de Stär vun der Arbed am gaange war,...
D’CSV sicht e Beroder an der Kommunikatioun 
Eigentlech misst et heeschen: “…an der Kommunikatioun vum Staatsminister Luc Frieden”. Well et ass de Regierungs- a Parteichef deen op...
Mutig! Ein Kommentar zur neuen Parteispitze der LSAP von Frank Bertemes 
Gleicht das neue Duo an der Spitze der LSAP wirklich einer Kapitulation der stärksten Oppositionspartei wie ein Kommentar eines Wort-Journalisten...
De Kriibsgang bei der LSAP geet weider 
Iwwerraschungsgackelchen virun Ouschteren bei de Genossen! D’Paulette Lenert ass un engem Posten am Staatsrot interesséiert. Dat kann een duerchaus novollzéien,...

Blog Post

Digital Welt

Soll de Google-Projet zu Biissen nei evaluéiert ginn? 

Soll de Google-Projet zu Biissen nei evaluéiert ginn?
rtl.lu

Ech liewen zënter 15 Joer zu Biissen a schaffen am Beräich Cybersécherheet. Ech schreiwen dat net als Aktivist an och net am Numm vun enger Organisatioun. Ech schreiwen et als Awunner, deen dëse Projet zënter Jore verfollegt an deen ëmmer méi de Sënn kritt , datt eng wichteg Fro an dësem Dossier ze laang net am Mëttelpunkt stoung.

Zu Biissen ass an de leschte Jore vill iwwer Kaméidi, Waasser, Stroum an Aarbechtsplaz geschwat ginn. Dat alles si legitim Themen. Awer wat mech perséinlech ëmmer méi beschäftegt, ass eng aner Fro: ob dëse Projet haut, an engem geännerte Kontext, nach ëmmer esou selbstverständlech weidergefouert soll ginn?

De Standuert Um Roost zu Biissen ass net banal. Hien huet eng strategesch wichteg Lag, mat staarken Internetverbindungen , mat direkter Noperschaft zum gréisste Stroumtransformator vun CREOS am Land. Esou eng Plaz ass net einfach en Terrain, op deem eppes gebaut gëtt. Fir mech stellt sech dowéinst net nëmmen d’Fro, ob do e Datenzenter ka stoen, mee och, wat fir eng Roll esou eng Plaz an Zukunft fir d’Land spille kéint.

Les centres de données refroidis à l’eau utilisent 10% d’énergie en moins. (Photo: Google)

Nieft der strategescher Fro stellt sech awer och eng méi konkret: d’Aarbechtsplaze. Och d’Argument vun den Aarbechtsplaze muss een haut, menger Meenung no, mat méi Distanz kucken. 2019 war vun „up to 300 new jobs“ rieds. Zanterhier gouf de Projet awer vun XXL op L verklengert, an eng aktuell a kloer Zuel gëtt et nach ëmmer net. Dat heescht net automatesch, datt de Projet schlecht ass. Mee et heescht, datt d’Diskussioun net méi op de selwechte Viraussetzunge gefouert ka gi wéi am Ufank. Wann ee vun Jobs schwätzt, da misst een haut méi präzis soen, wéi vill lokal Aarbechtsplaze realistesch sinn, fir wéi laang, a fir wéi eng Profiller.

Och bei den Ëmweltfroe bleift villes op. Nieft dem Waasser geet et och ëm Energieeffizienz, Emissiounen an d’Fro, ob de virgeluechten Dossier wierklech komplett a seriéis genuch ass. De Mouvement Écologique weist, datt hei nach laang net all Fro gekläert a ss. Esou eng Entscheedung verdéngt méi wéi hallef Kloerheet, a vläicht och méi wéi nëmmen eng technesch Äntwert.

Awer och dat ass nach net dee Punkt, dee mech am meeschte beschäftegt. Fir mech läit déi eigentlech Fro nach méi déif. De Kontext huet sech geännert. Mir haten d’ARBED. Duerno koum de Finanzsecteur. Mee wat kënnt als Nächst?

Virun zéng Joer gouf an Europa nach anescht iwwer digital Souveränitéit geschwat wéi haut. Mëttlerweil ass dat zu enger strategescher Fro ginn. D’EU setzt ëmmer méi op europäesch Acteuren a souverän Infrastrukturen. Dat heescht net, datt Europa sech muer k omplett vun amerikanescher Technologie ofkoppelt. Mee et heescht, datt d’Fro no Prioritéiten haut eng aner ass wéi nach virun e puer Joer.

Genee dofir froen ech mech, ob eng strategesch esou wichteg Plaz wéi Um Roost net och misst an där europäescher Logik geduecht ginn. Net aus Ideologie. Net aus Prinzip géint Google. Mee well de Kontext haut en aneren ass an well esou eng Plaz am Fong méi a ss ewéi just de Standuert vun engem weidere Datenzenter.

Fir mech ass dat keen Dram. Lëtzebuerg kéint hei eng Roll als europäeschen Tech -Hub spillen. A wann dat iwwerhaapt eng realistesch Perspektiv ass, da misst een sech op d’mannst d’Fro stellen, ob de Projet zu Biissen net eng nei Iwwerpréifung verdéngt.

Ech sinn net géint Technologie, net géint Datenzenteren, an och net automatesch géint Google. Mee ech mengen, datt eng Entscheedung vun dëser Bedeitung nei evaluéiert dierft ginn, wann de Projet verklengert gouf, d’Verspriechen net méi esou kloer sinn, den europäesche Kontext sech geännert huet, an de Standuert selwer esou strategesch ass.

Fir mech ass dat keng ideologesch Fro. Et ass eng Fro vun Prioritéiten.

A  genee dofir mengen ech:

De Google-Projet zu Biissen verdéngt eng nei Evaluatioun.

Patrick Sibilio als Bierger vu Biissen

Previous

Soll de Google-Projet zu Biissen nei evaluéiert ginn?

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *