Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Featured

Bei den Doktere geet de Bluttdrock duerch de Plafong 

Bei den Doktere geet de Bluttdrock duerch de Plafong
Image par OpenClipart-Vectors de Pixabay

Virun 10 Woche schonn haten d’Dokteren via hier Associatioun AMMD e gepefferte Bréif un d’Gesondheetsministesch Martine Deprez fortgeschéckt, mam Wonsch -Quatsch! mat der Fuerderung, sech endlech ze beweegen an op d’Doleancen vun de Medezinner anzegoen. Elo rezent gouf déi nämmlecht AMMD zum Wiederholungstäter an huet en nächste Bréif opgestallt, déi Kéier ewéi mam eegene Blutt geschriwwen.

Am Fong huet sech näischt geännert. D’Dokteren hätte gären déi nämmlecht Méiglechkeet ewéi d’Affekoten, sech an  enger  Gesellschaft kënnen zesummenzedoen. Si erwaarden sech dovunner vill Virdeeler, natierlech steierlecher Natur, mä awer och a virun allem, well een dann net méi esou eleng a sengem Cabinet sëtzt, well d’Situatioun wou ee selwer als Dokter schwéier krank gëtt, méi einfach ze reegelen ass, well de Fall vun der Successioun méi liicht ze klären ass.

Image par frank23 de Pixabay

A  Gambia-Zäiten goufen d’Dokteren vun der demokratescher Partei doranner ënnerstëtzt an d’Interpetatiounsdivergenzen par Rapport zu der sozialistescher Aarbechterpartei goufen offensichtlech. Trotzdeem huet déi deemoleg Ministesch Paulette Lenert dozou e Gesetzprojet op den Instanzewee geschéckt. D’CSV- an där Zäit nach an der Oppositioun- stoung op der Säit vun der DP.  War dat der jonker CSV-Ministesch Deprez entgaangen oder wat huet si dozou bruecht, de Projet Lenert virun annerhallwem Joer ze kippen?

Martine Deprez op gouvernement.lu

Si wollt eppes Eegenes, heescht et. Schéin a gutt, ma si ka bis ewell näischt opweisen. An den Dokteren dauert dat ze laang. Esou guer wann de Projet muer um Dësch léich, wär net garantéiert, datt den Text nach an dëser Legislatur kéint déi ganz parlamentaresch Prozedur  duerchlafen. An de Medezinner platzt de Colis!

Der Madamm Deprez, déi bestëmmt aner Qualitéiten huet, feele ganz einfach d’Antenne fir d’Politik: si huet scho vill Misär hannerlooss am Dossier vun der Rentereform, huet elo grouss Deeler vun den Dokteren géint sech a steet ënner enormen Zäitdrock. Dobäi wier et esou einfach gewiescht. De Projet Lenert iwwerhuelen, punktuell kleng Korrekturen, inhaltlech Verbesserungen, an esouguer d’Genossen hätte Problemer gehat, den Text net an der. Chamber ze stëmmen!

Wat d’Form ugeet: deen éischte Bréif vun der AMMD war schonn hefteg, deen zweete léisst ganz déif blécken: tëscht den Dokteren an der Ministesch ass d’Lëllech gerass! Do misst d’Madamm Deprez scho fir an den nächsten 3 Woche mat engem eegene Gesetzprojet optrompen, fir d’Gemidder eventuell ze berouegen. Eventuell, well hiren Text muss jo net onbedéngt besser sinn ewéi dee vun hirer Virgängerin, a souwisou géifen duerno déi bilateral Gespréicher ufänken, fir nach hei an do um neie Projet ze feilen, kuerz: alles leeft vu vir un!

Image par Abhilash Jacob de Pixabay

Den 8. Oktober huet d’AMMD hier Generalversammlung. Villäicht mat enger gewëssener Jalousie op d’Gewerkschaften déi et fäerdeg bruecht hunn, mat enger dach imposanter Demonstratioun d’Regierung an d’Knéien ze kréien. Mat Sécherheet mat vill Roserei an der Panz, och wat deen neie Kollektivvertrag am Spidolwiesen ubelaangt, och wat den Ausbau vun de centres ambulatoires betrëfft, wou kleng Interventiounen oder Operatiounen ewéi groe Star, Coloscopie asw. net méi onbedéngt mussen an enger Klinik gemaach ginn.

Et fillt ee sech allemol politesch am Stach gelooss, vun der Ministesch, also vun der CSV an och vun enger DP. Dobäi waren d’Hoffnunge grouss, no 40 Joer – bei enger Ënnerbriechung- sozialistesch Planwirtschaft an der santé, endlech nei Weeër kënnen ze goen. Mat der Madamm Deprez schéngen déi Hoffnungen gestuerwen a begruewen ze sinn. Eigentlech misst si an der Regierung ausgewiesselt ginn, mam Nodeel, datt deen Ament  awer nu wierklech alles vu vir ufänkt….

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *