Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Innepolitik

Dieschbourg: Ieselsstall a Bëtonsplack 

Dieschbourg: Ieselsstall a Bëtonsplack
Moulin Dieschbourg

et huet sech erëmgeschwat am klenge Land Lëtzebuerg: d’Famill Dieschbourg ass zanter jeehier Besëtzer vun enger Millen zu Lauterbuer an der Gemeng Iechternach. U sech geet keen dat eppes unn, ausser, de Betriib ass net conforme mat de Bestëmmungen aus dem Ëmweltministère. An déi Méiglechkeet besteet!

 

D’Famill ass drëm besuergt, den äusserleche Charakter vun der Millen bestoen ze loossen. Zum Beispill gouf et do en Ieselsstall, deen am Joer 2003 sollt restauréiert ginn; well d’Millen an enger Naturzon mat speziellem Statut läit, huet mussen eng Autorisatioun am Ëmweltministère gefrot ginn. An déi koum vum deemolege Staatskretaire Eugène Berger, allerdéngs ënner Oploen:

De Stall konnt also renovéiert ginn, d’Struktur huet awer mussen aus Holz sinn.Wat och ganz korrekt esou gemaach ginn ass.

Zejoert hat d’Familljen de Pech, datt hir Millen uerg vun den Iwwerschwemmungen am Mëllerdall betraff wor; de Schued war grouss, och am Ieselsstall, deen nees eng Kéier huet musse gréisstendeels nei opgeriicht ginn, déikéier awer gouf dat op der Basis vun enger

moulin Dieschbourg

Bëtonsplack gemaach. Aus dem Ëmweltministère heescht et haut am Lëtzebuerger Land, déi Plack wir nach ëmmer do gewierscht, wat allerdéngs vum Iechternoacher Buergermeeschter Yves Wengler contestéiert gëtt. Hien hat am Mäerz de Ministère wéinst där Plack schrëftlech kontaktéiert, mam Hiweis, datt fir esou eng Bëtonsdall eng Autorisatioun hätt mussen ugefrot ginn an hie freet sech op d’Bestëmmungen vum rezenten Naturschutzgesetz vum leschte Joer aanerer sinn ewéi déi vum Gesetz iwwer d’Benotzen vu matières-premières an enger zone verte?

Dat Schreiwes ass datéiert op de 4. Mäerz, eng Aentwert aus dem Ministère läit nach net vir!

Grad wéi am Fall Traversini zu Déifferdéng wir et gutt a richteg, wann d’Ministesch sech géing an der Ëffentlechkeet zu Wuert mellen, och wat hiren eegene Familljebetrib ugeet. Villäicht léisst sech alles ganz einfach klären!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *