Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Featured

Al ginn zu Lëtzebuerg ass näischt fir Läppercher 

Al ginn zu Lëtzebuerg ass näischt fir Läppercher
Image par GLady de Pixabay

Mat der Trilogie one flew over the the Cuckoo’s nest hunn ech déi lescht Woche probéiert, d’Mëssstänn an eisem Gesondheets- a Fleegesecteur duerzeleeën, besonnesch wat eeler Persoune betrëfft. Vun Affekote gouf ech doranner méi ewéi confirméiert. Schonn de verstuerwene Me Gaston Vogel hat mir reegelméisseg vun esou trauerege Geschichten erzielt, anerer koumen elo no.

Image par Adriano Gadini de Pixabay

Zum Beispill vun enger eelerer Koppel déi an engem Heem wunnt. D’Fra goung sech bei d’Direktioun beschwéieren, well eng Persoun vum Personal si déit pëtzen; wéi hir net gegleeft gouf, goung hire Mann d’Saach bei d’Direktioun confirméieren; a wéi och him net gegleeft gouf, huet de Mann aus Roserei der Direktioun op de Bureau gepisst. Huet een esou Situatiounen am drëtten Alter néideg?

Kierzlech goung de lëtzebuerger-däitschen Televisiounsmoderateur Jean Pütz mat dëser Thematik an d’Ëffentlechkeet. Hie war selwer betraff. Mat 88 Joer ass een net méi där Jéngster een an hien hat sech eppes gebrach wéi hien am Buedzëmmer gefall war. No der OP goung et richteg ruppeg zur Saach. Op senger facebook-Säit – iwwerholl vun t-online- heescht et: Zwei Männer seien dann in sein Zimmer gekommen, die sagten, sie wollen ihn nach Hause fahren. Pütz berichtet diesbezüglich: ” Rigoros hat man mich gepackt, in den Krankenstuhl gesetzt und die ganzen Sachen von mir in einen grossen Kleidersack und so weiter. Den Koffer haben sie auch noch zugeknallt. Mit einer Brutalität sondergleichen. Das habe ich noch nicht erlebt!

Och de Jean Pütz bleift also net verschount, an d’Situatioun an Däitschland schéngt identesch mat Lëtzebuerg ze sinn.. En anere Mann verzielt mir vu senger Mamm: gefall, operéiert, un d’Bett ugestréckt. D’Mëttegiessen gëtt erabruecht, d’Tablette dohinner gestalt an no enger Stonn nees matgeholl, ouni datt d’Fra d’Iessen ugepak hätt. Et gouf mol net nogefrot. De Mann huet seng Mamm ‘gefiddert’ an hat doranner sou e groussen Erfolleg, datt hien direkt och där hier Bettnopesch mat erduerch geholl huet.

Gelungenen Zoufall: en Direkter vum Altersheem ass interesséiert um Haus vun där Fra a mécht dem Fils eng Präisoffer. Deen awer huet ofgewénkt: fir dee Präis wier d’Haus net ze kréien. Kuerz drop gouf et eng Tutelle fir d’Mamm, ouni datt e Pippcheswiertche mam Jong doriwwer verluer goung.

Image par Besno Pile de Pixabay

D’Affekoten hu reegelméisseg mat eelere Leit ze dinn – iwwer 80 Joer al-,déi nach hellwakereg am Kapp sinn, ma déi vun engem Dag op den aneren vun hirer Bank blockéiert ginn: si hu keen Zougang méi zum Webbanking, zu hirer Kreditkaart, komme ganz einfach net méi un hir Suen. Wann dës Leit keng Familljen hunn, sëtzen si quasi op der Strooss! Sécher! Et kann och zu hirem eegene Schutz sinn, ma do ginn et dach aner Weeër; virun allem, ier dës Leit fir mannerjäreg a mannerwäerteg erkläert ginn, muss mat hinne geschwat ginn.

Dat alles liest sech elo esou, wéi wann ech fatzeg iwwerdriwwen hätt. Ass net de Fall, entschëllege mech awer bei deene Professionellen, déi hier Aarbecht éierbar maachen. Fir de Rescht ass et en Appell un d’Gesellschaft, net zouzeloossen, datt aus der assurance-dépendance just eng machine-à-fric bleift. Déi Eeler si souwéisou d’Mëllechkou fir Klinicken an Altersheemer; da sollen si deementspriechend behandelt a begleet ginn.

A Frankräich si bei 169 Kontrollen dräi EHPAD der Justiz gemellt ginn an et goufen 25 ‘Injonctiounen’, also Unuerdnungen. Ces injonctions peuvent concerner des défauts de soins, de management, la fragilité ou l’absence de qualité(france-info.fr). Bei eis wéi ëmmer: ënner den Teppech kieren an d’Liewe geet weider. Vill wësse Bescheed, ma grad esou vill maache just d’Fauscht an der Täsch an halen de Bak, aus Angscht virun enger Retourkutsch fir hir eegen Elteren, déi dann och op hirer leschter Statioun. ukomm si virun der grousser Rees….

 

 

Related posts

1 Comment

  1. Roger Braun

    ech schumme mech fir dest Land

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *