Fakt ass: a 40 Länner ronderëm d’Welt- an net nëmmen an deene méi räichen-ginn ze wéineg Kanner op d’Welt gesat. Brasilien kënnt iwwerraschend op 1,6 Kand pro Fra, Indien op 1,9. Beispill och Frankräich. Dat Land loung Joerzéngte laang bei iwwer 2 Kanner pro Koppel, elo sinn et der 1,56. Zu Lëtzebuerg ass een an deem Beräich besonnesch kamoud an et kënnt een op 1 Kand 23 pro Koppel. Ronderëm d’Welt läit an 2 Drëttel vun de Länner den Duerchschnëtt ënner 2,1 Kand.
Ausgerechent op der Säit vum staarke Geschlecht wiisst an der Statistik d’Zuel vun deene Männer, déi als Sexmuffel

gëllen. D’Tëlee kucken ass wuel méi sexy ewéi ënner der Decke kuschelen an d’Fra ass grad esou ëmmer manner bereet, en Deel vun hirem Liewen fir den Nowuess ze afferen. Kee Wonner also, datt déi Kanner déi nach op d’Welt bruecht ginn, behandelt ginn ewéi blénkegt Gold. Esou ass den enfant-roi entstanen. Also manner Jugend, méi Alter.
1950 louch de medianen Alter a Frankräich bei 34,5 Joer, haut bei 42 Joer. An där Zäit -vun 1950 bis haut- goung d’Liewenserwaardung vu 65 Joer an d’Luut op 82! E risegen Erfolleg an zugläich eng Mammut-Erausfuerderung fir de Sozialstaat, déi eis Macron a Konsorten mol eng Kéier missten explizéieren. Ma d’Politiker schwätzen net gären onpopulär Sujeten un!
Eng Pampers seet villes aus iwwer e Land
A Japan gi schonn zanter 15 Joer méi Pampers fir Senioren verkaf ewéi Pampers fir Bëbeeën. Engersäits ginn déi Erwuessen ëmmer méi al, anerersäits gëtt net genuch fir Nowuess gesuergt.. D’Land gëtt lues ma sécher méi aarm. Déi eeler Leit suckelen d’Pensiounsdëppen eidel a kaschten deier an den Alters- a Fleegeheemer. Fir de Betrib eenegermoossen a Schwonk ze halen, muss Aarbechtskraaft vu baussen erageholl ginn,. Brennsujet IMMIGRATIOUN!
Pikant ass et dobäi, datt d’Bevëlkerung vun deene verschiddene Natiounen selwer Schold ass un hirem Zoustand an da geleeëntlech op d’Strooss jäize geet: Auslänner eraus! Also Stëmmung maachen géint déi, déi nach d’Staang riicht halen. A Sachsen-Anhalt huet d’AfD d’Landtagswahlen op eng ekrasant Manéier gewonnen, mat als Konsequenz datt déi traditionell Parteien elo de Schwanz bäizéien.

CDU an SPD hu bei wäitem net villes richteg gemaach, awer zum Beispill eng Reform vun de Renten wéinstens ugeduecht, 24 Stonnen nom Wahldebakel housch et vun de Sozialdemokraten: mir däerfe keng Politik géint d’Leit maachen! Also viru mam Jabel wéi wann näischt wär an d’Reform op Mokuchsdag verleeën? Keng demographesch Bomm, kee finanziellt Polverfaass!
Duerch d’Präsenz vun de Populisten – egal ob riets- oder lénksextreem- gëtt d’Politik stänneg vru sech hirgedriwwen, fir et jidderengem gerecht ze maachen. Och zu Lëtzebuerg gëtt refuséiert, den Tatsaachen an d’A ze kucken. Fir eist Rentendëppen ze fëllen, brauche mir Leit déi cotiséieren, also Leit déi schaffen. Datt méi, datt besser. Wann den Aarbechtsmaart stagnéiert, kritt d’National-Wirtschaft den Houscht an och ëmgedréit.
Vitesse vun der Ekonomie:
Période Haute (18-19) : ███████████████ +3.0%
Choc Sanitaire (2020) : █ +0.4%
Boom Post-Covid (2021) : ███████████████████████ +6.9%
Crise / Stagnation (24) : █ +0.4%
an op deem nämmlechten Zäitraum d’Migratioun:
Période Haute (18-19) : ░░░░░░░░░░░░░░░ (Forte demande de main-d’œuvre)
Choc Sanitaire (2020) : ░░░░ (Frontières fermées / Recrutements gelés)
Boom Post-Covid (2021) : ░░░░░░░░░░░░░░░░░░░░░░░ (Explosion des Visas de travail)
Crise / Stagnation (24) : ░░░░░░░ (Chute des offres d’emploi ouvertes aux étrangers)
sources: ChatGTP
Déi rezent Vergaangenheet huet gewisen, datt d’Immigranten vun enger Generatioun op déi aner och manner Kanner op d’Welt setzen. Also nach méi Awanderer fir d’Wëndelen fir Erwuessener bezuelt ze kréien. En Däiwelskreess! Dat eenzegt gutt un esou “ale” Länner ass wuel, datt de Risk vu Kricher drastesch ofhëlt!