Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Politik

Nom Mariage pour tous, elo den divorce pour tous! 

Nom Mariage pour tous, elo den divorce pour tous!
image credits:études Gaston Vogel

Kuerz virun der leschter Summervakanz gouf dat neit Scheedungsgesetz an der Chamber gestëmmt. Et ass eent vun de modernsten a ganz Europa an et gëtt besonnesch dem maître  Gaston Vogel Satisfactioun, dee sech iwwer zwee Joerzéngten fir esou eng Reform agesat huet.

Wat war dat bis dato e Gedeessems, vunenaaner lass ze kommen. Do goung et dacks drëm, erauszefannen, ween dann elo déi meeschte Schold ze droen hätt, fir datt d’Bestietnëss an d’Bréch goung, bedeit tëscht den Ziele liesen: wee goung friém ,ween huet deen aneren net méi respektéiert, ween huet ween sch…sse gedoen etc. Déi Prozedur war dacks eng Péng fir d’Koppel an si huet meeschtens Joer laang gedauert. Mat deem juristeschen Gefummels (entschëllegt den Ausdrock) ass et elo eriwwer. D’Koppel passéiert maximal zweemol beim Riichter an ass dann gescheet, och dann, wann ee vun de conjoint net mam divorce averstaanen ass. De Riichter ass also nach just do, fir déi zivil Konsequenzen vun der Scheedung ze regléieren. Fir Schuld und Sühne aus där Koppel ass de Riichter net méi zoustännech; d’Begrëffer Schold,Schëllegen gëtt et net méi….vu Sënd  schwätze mir glécklecherweis scho méi laang net méi. DE Maître Vogel ënnersträicht a sengem Premier commentaire de la loi portant réforme du droit du divorce 

Loi du 27.06.2018 sur le droit du divorce

datt déi Reform iwwerfälleg, ma net duerchzesetze war aus enger laanger, chrëschtlecher Traditioun. Seng Konklusioun:
“Il a fallut attendre vingt longues années pour arriver enfin à une réforme qui s’imposait et qui échouait parce que la constellation politique  ne permettait aucune avancée!”
De gréisste Géigner wor natiirlech d’kathoulesch Kierch….an d’CSV muss sech d’Kritik gefaale loossen , ze laang gebraucht ze hunn, fir sech vun hir ofzenuebelen.An dat kritt si nach laang nogedroen….

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *