Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Politik

Afghanistan-Ukrain: Noriichten vun haut sinn muer Schnéi vu gëschter 

Afghanistan-Ukrain: Noriichten vun haut sinn muer Schnéi vu gëschter
Photo de Mike B: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/papier-peint-numerique-elvis-presley-114820/

Erlaabt mir de Verglach ze maachen vum Summer zejoert mam Summer dëst Joer. Neen! Net wat de Klimawiessel ugeet! D’Medien! Zejoert am August vergoung keen Dag, wou een net Biller aus dem Afghanistan ze gesi krut hätt. De ganze Westen, virop d’Amerikaner hat dat Land opginn a sech militäresch zeréckgezunn. Dëst Joer dann krute mir héchstens an ultrakuerze Reportagen déi inflationistesch Billersequenzen vu virun 12 Méint an Erënnerung geruff: dausende vun Afghanen wollten deemools nach séier mat engem Fliger fortkommen aus Angscht, vun den Talibanen verfollegt ze ginn.

TOPSHOT – Afghan people climb atop a plane as they wait at the Kabul airport in Kabul on August 16, 2021, after a stunningly swift end to Afghanistan’s 20-year war, as thousands of people mobbed the city’s airport trying to flee the group’s feared hardline brand of Islamist rule. (Photo by Wakil Kohsar / AFP) (Photo by WAKIL KOHSAR/AFP via Getty Images)

Wat fir eng Blamage fir de Westen. En Echec op der ganzer Ligne! Ma ewéi esou dacks: no der Inflatioun kënnt och bei de Biller, bei déi journalistesch Aktualitéit d’Rezessioun. Aus Tonne Reportagen zejoert goufe lues a lues nach just e puer Kilo bis e puer Gramm. Den Afghanistan huet sech fir d’Press an och fir d’Politik a Loft opgeléist. Et ass wéi wann eng Burka driwwer gehaange gi wier.

Am Juni zejoert goung iwwer den Afghanistan Rieds um Sommet vun der NATO zu Bréissel. Logesch bei all deem Tam-Tam. Um leschten NATO-Sommet zu Madrid gouf nach just bäileefeg vun deem Land geschwat. Dobäi ass d’Situatioun am Afghanistan onchangéiert, wëll heeschen, katastrophal! 20 Millioune Leit hunn net genuch fir z’iessen. Et gëtt dermatter gerechent, datt bis zu 1 Millioun Kanner den nächste Wanter net kéinten iwwerliewen. Héiert sech warscheinlech net brutal genuch un, fir dorausser Artikelen ze zwaffen. Duerch d’Hongersnout kéinten allemol méi Mënschen dohanne stierwen ewéi dat an de leschte Joerzéngten de Fall war duerch déi verschidde militäresch Manöveren!

Meedercher a Fraen ginn ëmmer méi dacks aus der Schoul eraus komplimentéiert. Dat weiblecht Geschlecht muss ee kleng halen esou laang et nach Zäit ass. Vive d’Kachmaschinn.

Bouwen vu 7 Joer ginn an d’Kuelegrouwe geschéckt.

D’Zuel vun den Hiriichtungen hëlt zou. Dacks handelt et sech bei den Affer em “Kollaborateuren”, also ëm Leit, déi bis vrun engem Joer fir de Westen geschafft haten. Mir waren op di Leit ugewisen, hunn si elo vergiess. Déi, déi mam Liewen dervunner kommen, wäerten eis a gudder Erënnerung behalen.

Dëst Joer dann de Krich an der Ukrain. Mir ware skandaliséiert, grad esou ewéi virun 8 Joer mat der Annexioun vun der Krim. Nees eng Kéier Reportagen an Artikelen mat der Schëpp.

Wikipedia

Mir wäerten dem Putin schonn de Marsch blosen! Ma elo wou d’Summervakanz gréisstendeels gelaf ass an déi lescht Tier op der Schueberfouer gedréit ginn, maache mir eis aner Suergen. Eng nächst Impfung géint de Corona? Holz aleeën, fir ouni Putin-Gas waarm iwwer de Wanter ze kommen?

Nach besteet e gewëssenen Interessi vun de Medien um Krich an der Ukrain. Ma ech fäerten, datt an 3 Méint sech deen Interessi wäert op d’kollateral Schied fokusséieren. D’Konsequenzen vun de russesche Sanktiounen géint eis. An der Ukrain gëtt weider gestuerwen a bei eis leeft de Krich ëm all Meterkibb Gas, ëm all Schlupp Masutt.

Related posts

1 Comment

  1. Frank Bertemes

    Erschreckend richteg, Här Kaiser! Egal wat een elo vum Putin denkt, seng (Gas-)Rechnung kann duerchaus opgoen. Net fir näischt gëtt an däitsche Medien geschriwwen, datt an Däitschland just drop gelauert gëtt, datt iergend eng “Léisung” fonnt gëtt, fir da séier rëm zum “business as usual” zréckzefannen, datt d’Leitungen a Russland rëm lafen an de Gas rëm fléisst…. an de Rubel rëm rullt! Mä virdrun ass et nach riwwer mat der “Solidaritéit” an der EU – mol ofwaarden, wéi d’Leit am Wanter reagéieren, wann d’Energie-Rechnung mol däitlech um Kichendësch läit an déi “politësch Klass” (virun engem Waljoer a “Mariens beschaulichem Ländle”) gezwongen ass, adequat a glaafwierdeg (cf. Index, Tripartite asw) ze reagéieren-da kommt Freude auf!…A jo: d’Ukrain gëtt dou séier vergiess wéi Afghanistan – souwäit dat d’USA arrangéiert, versteet sech! Déi riiseg Blamage am Afghanistan huet jiddefalls eng däitlech Sprooch geschwat…War do eppes?? Schlëmm jiddefalls wat do alles geschitt !!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *