Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Finanzen

Uerg Beschëllegung géint de Gramegna, deen sech net muckst! 

Uerg Beschëllegung géint de Gramegna, deen sech net muckst!

5Joer schonn schleeft eng Ausernanersetzung tëscht engem belschen Investisseur an enger grousser Assurancëgesellschaft zu Lëtzebuerg. Fir den Detail verweisen ech ob mäin Artikel zejoert https://guykaiser.lu/aus-dem-courrier-vum-pierre-gramegna/  Et trëfft keen Aarmen, seet sech de Bierger Lambda, dee grad a Corona-Zäiten aner Suergen huet. Ma opgepasst. Et gëtt och e politesche volet.

Et geet Investor Protection – eng Zort Konsumenteschutz fir räich Leit- ëm 2 Fonctionnairen, déi méiglecherweis kéinten responsabel sinn fir en Delikt. Dat ze tranchéieren, läit un der Justiz, déi allerdéngs nach net mat der Affär befaasst gouf. Déi zwee Fonctionnairen stinn ënnert der Tutelle vum Finanzminister an hien misst op der Basis vum Artikel 23.(2) aus dem code de procédure pénale ouni laang ze zécken mat engem Avis bei de Procureur goen.

Dat awer huet den Här Gramegna bis dato net gemaach, obwuel hien an deem Sënn dräimol e recommandéierte Bréif- mat Copie un de Staatsminister- krut, an deem all Kéiers d’Beschëllegung dra stoung, datt hien d’Gesetz net respektéiert. Eng uerg Accusatioun! Sollt si net stëmmen, kéint de Minister de scribe vun deene Bréiwer wéinst Diffamatioun op d’Geriicht huelen. Hie kéint zugläich berouegt den Dossier un d’Justiz weiderginn, mat der Gewëssheet, datt d’Saach zimmlech séier klasséiert gëtt.

de Staatsminister krut och Courrier aus der Belsch, fir hien op dat Verhalen vu sengem Finanzminister opmierksam ze maachen. Eng éischte Kéier den 22. Mee dëst Joer. Keng Äntwert. Bon, et war Corona-Zäit. Rappel den 1. Juli, mat Copie un de Grand-Duc an un déi ganz Regierung. Schweigen im Walde! A schliisslech nach ganz rezent, den 26. Oktober e weidert Schreiwes, a Form vun engem oppene Bréif

gk online
gk online

Eng heavy Beschëllegung, wou keen et fir néideg fënnt, sech dogéint ze wieren?

Dobäi missten d’Hären Bettel a Gramegna et besser wëssen. Réischt kierzlech gouf et e klengen Techtelmechtel tëscht Bettel a Mosar an der Chamber: den CSV-Vertrieder huet erkläert, datt et am Fall vun der Jughurtfabréck FAGE seng Flicht war, en eventuelle Fall vu Blanchiment ze denoncéieren. D’Gesetz gesäit effektiv vir, datt bei gewëssene Kenntnisser ee vun den dräi pouvoiren engem anere pouvoir déi Informatiounen muss weiderginn. Hei also den Exekutif un d’Justiz.

 

… Dat huet e schéinen Numm: séparation des pouvoirs!..

Et ass nëmmen esou, wéi eng Demokratie kann fonctionéieren. De Montesquieu huet et esou geschriwwen: “Pour qu’on ne puisse pas abuser du pouvoir, il faut que, par la disposition des choses, le pouvoir arrête le pouvoir.” Probéiert d’Regierung hei de längeren Otem ze hunn? Investor Protection schéngt net gewëllt ze sinn, d’Bengelen bei d’Tromm ze geheien.

Eng gutt Reklamm fir d’Finanzplaz ass et och net grad.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *