den Aarbechtsminister Dan Kersch hat de 6. Abrëll op Facebook engem “FB-Frënd” geschriwwen, datt et quasi onmoralesch wier, deenen “décken” also “räichen” Affekote-Cabinet och eng staatlech Hëllef zoukommen ze loossen. Dorobberhin hat de maître Gaston Vogel de Griffel an d’Hand geholl an dem Minister e gepefferte Bréif zoukomme gelooss.
De Gaston Vogel ënnersträicht doranner, datt hie selwer kee Cent vum Staat wéilt hunn. Am genre: esou vills Eier misst ee schonn an der Panz hunn! Hie freet awer de Minister, ob deen sech iwwerhaapt bewosst ass, wat et bedeit, um Enn vum Mount eng ganz Maandel voll Peien mussen ze bezuelen, ouni datt an deem Mount och nëmmen e Waark un Akommes um Kont steet?!
An dat nämmlecht Holz schléit elo de bâtonnier François Kremer. Als Chef vum barreau fillt hien sech -stellvertriedend fir all seng Beruffskolleegen- blesséiert a verlaangt eng Entschëllegung vum Minister.
Courrier de Monsieur le Bâtonnier adressé � Monsieur le Ministre du Travail
De Bréif ass en anere Style wéi deen vum Gaston Vogel an awer kënnt hien op dat Nämmlecht eraus: de Minister hätt “ eng fléie gelooss” a misst sech dofir entschëllegen!