Recent Posts

Post Categories

De Selfist Xavier Bettel 
De Xavier Bettel ass e Phenomeen fir sech. Hie schwätzt mat de Leit wéi wann hien mat hinnen alleguer an...
TNS-ILRES: Wiedergespills mat den Zuelen? 
D’TNS-Ilres entléisst d’CSV mat e puer Datzen an d’Vakanz. Déi konservativ Ministeren kommen am leschte POLITMONITOR gréisstendeels net gutt ewech,...
D’Elektrescht steet ënner Stroum 
Jidderee mécht esou seng Rechnung. Ech zum Beispill hunn an der Kichen 8 Halogene-Luuchten géint 8 LED ersat. Déi nei...
Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...

Blog Post

Europa

Macht Watt, ihr Volt! 

Macht Watt, ihr Volt!
Image by 41330 from Pixabay

Jiddereen blaméiert sech, esou gutt wéi hie kann. Do wëll jo en neie ‘politesche’ Grupp fir d’Europawahle kandidéieren, mam elektriséierenden Numm “VOLT”. Et wëll een der europäescher Iddi nei Energie ginn. De Gruppement huet -fir seng Kandidatur kënnen anzereechen- d’Ennerschrëft gebraucht vun entweder 250 éierbare Bierger(Wieler) oder awer vun engem eenzegen Deputéierten. An deen ass elo fonnt, an der Persoun vum Max Hahn. Wat seng Motiver waren fir déi Ënnerschrëft, entzitt sech menger Kenntnis: entweder, hien huet et aus Sympathie gemaach fir eng Persoun vu VOLT, déi hie kennt, oder awer, hie wollt méi demokratesch sinn wéi seng demokratesch Partei…an där huet hien mat sengem klenge Kreepchen vill politesch geschued.

.

D’Perversioun vum Wahlsysteem ass jo deen heiten: datt méi Parteien fir eng Wahl untrieden, datt de Prozentsaz méi kleng gëtt, fir e Mandat kënnen ze ergatteren. Dofunner profitéieren an der Haaptsaach déi grouss Parteien, also zum Beispill eng CSV. Déi Chrëschtlechsozial waren sech bis gëschter sécher, datt si op d’mannst e Sëtz an den Europawahlen wäerte verléieren. Matt der Kandidatur vu VOLT kënnen si elo op dat zweet Mandat fest sätzen, villäicht esou guer op deen drëtte Sëtz, an dat mat enger relativ schwaacher Equipe fir d’Europawsahlen. Merci Max Hahn! Ëmgedréit ass et fir d’DP. Si konnt bis ewell op en zweet Mandat hoffen – also eent méi wéi bis ewell- an deen Draam ass gëschter geplatzt. Aus der liberaler Partei héiert een zimmlech roosen Téin vis-à-vis vun hirem Deputéierten. Tjo, dat kënnt dervunner, wann ee wëll ze vill fein sinn! An der Politik geet dat wuel guer net. “VOLT” wäert wuel eidel bei den Europwahlen ausgoen, ‘es lacht der Dritte im Bunde’!

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *