Recent Posts

Post Categories

Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...
Friedrich Merz a Luc Frieden, même combat? 
D’Parallellen tëscht deenen zwee Politiker sinn erstaunlech: deen een war 7 Joer laang President vun der BIL, deen aneren Chef...
Frank Bertemes: Der Schmetterlingseffekt 
Im übertragenen Sinn bedeutet der Begriff, dass scheinbar unbedeutende Handlungen, kleine Zufälle oder Entscheidungen in der Vergangenheit enorme und weitreichende...
Tripartite, Festival vun de gudden Affairen 
Als Rappel: D’Tripartite gouf an d’Liewe geruff an de 70-ger Joer, wéi de Stär vun der Arbed am gaange war,...

Blog Post

Europa

EU-Steierfroen: Lëtzebuerg seet neen, oder awer dach jo?! 

EU-Steierfroen: Lëtzebuerg seet neen, oder awer dach jo?!
image credits:Luxemburger Wort

Op de Steierfroen wëlle vill vun den europäesche Memberlänner hir Souveränitéit net verléieren, dorënner Lëtzebuerg. De Finanzminister huet an engem Artikel vum LW(23.01) keen Zweiwel dru gelooss, datt hie sech géint d’europäesch Kommissioun wäert wieren, fir an steierleche Froen de Prinzip vun der Unanimitéit opzeginn. Seng Partei war iwwregens déi eenzeg, déi dëse Punkt mat an de Wahlprogramm opgeholl hat; aus verständleche Grënn: sollten Decisiounen a Punkto Steieren mat der qualifizéierter Majoritéit kënne geholl ginn, ass de Risk fir de Grand-Duché grouss, engesdaags ënnergebottert ze ginn.

De Journalist Diego Velazquez weist zurecht drop hinn, datt et an där Fro an der Dräierkoalitioun och net grad Unanimitéit gëtt. Fir déi Gréng geet d’Propositioun vun der Kommissioun zu Bréissel esouguer net wäit genuch. A ville Beräicher sollt de Prinzip faale gelooss gin, datt Decisiounen just an der Eestëmmegkeet kënne geholl ginn, well am anere Fall kéim d’Europäesch Unioun net vun der Plaz.

image credits:pixabay

An de fuschneien LSAP-Parteipresident Franz Fayot dreemt vu Steiergerechtechkeet a plädéiert dofir och, datt an Zukunft Decisiounen per Majoritéit sollte geholl ginn. Lëtzebuerg misst besonnesch ambitionnéiert sinn a sech oppe weisen. Et géing kee Sënn maachen, drop ze waarden, datt déi ganz Welt (aalt Argument vu Juncker a Frieden) sech géing a Richtung Steiergerechtechkeet beweegen.

Et ass normal, datt et an enger Koalitioun Meenungsverschiddenheete gëtt. Hei ass allerdéngs e kruziale Punkt fir d’Land. Esou Divergenzen op d’place publique erausdroen, ass eng Bauzegkeet, wou déi Rout an déi Gréng um Enn  dach wäerte musse kleng bäiginn.Et wär also wichteg, wa sech hei déi dräi Koalitionären géingen huerteg eens ginn….an der Unanimitéit!

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *