D’Partei krut am Mee eng zweetekéier eng op de Bak, an zwar eng geheireg: d’Verloschter an den Europawahlen hu richteg wéi gedoen, net nëmmen, well e Mandat verluer goung, ma virun allem, well et den Trend confirméiert huet, dee sech bei de leschten Nationalwahlen ugekënnegt hat. De Risk ass do, datt d’CSV deen nämmlechte We muss goen, wéi virun hir d’Sozialisten: grouss Volleksparteien sinn net méi esou gefrot, hu kee “sex appeal” méi, wéi de Parteichef Fränk Engel eventuel géif soen. Dobäi feelt et u programmatescher Erneierung a grad esou un know-how an u politeschem Courage vun esou munnechem Volleksvertrieder. Sécher: d’CSV ass bei wäitem stäerkste Fraktioun, ma wéivill sinn et der dann vun denen 21, déi bereet sinn, de Kapp duerzehaalen? Ganz kloer: Laurent Mosar a Gilles Roth hunn e schéine Coup gelannt mat deem sougenannte geheime Casier, ma de Rescht vun där Fraktiounsband zitt de Kapp an, hält de Mond, sou datt een sech d’Fro stellt: ass dat alles, wat déi laangjährech Regierungspartei zustaane bréngt?
an der Partei gëtt nom Schëllege fir d’Wahlnéierlag gesicht, an deen ass eigentlech scho fonnt: den neie Parteipresident Fränk Engel. Dee Mann war an ass an der Partei, a virun allem an der Fraktioun ëmstridden. De Beweis war d’Lëscht fir d’Europawahlen: keen eenzege politesche Mandataire sot sech bereet, fir sech als Kandidat opzestellen. Dat weist, datt eng breed Majoritéit vun den Deputéierten e Problem huet mam Fränk Engel.
Ma elo dee Mann aleng als de Sënnebock dohinner ze stellen, ass sech d’Saach ze einfach gemaach. Et soll een dem President duerchaus nach eng Galjefrist bis d’Enn vum Joer ginn. Wann et him bis dohinner net gelongen ass, d’Partei op en aneren, op säi Kurs ze brëngen, kann a muss een iwwer seng Persoun schwätzen, villäicht zitt hie jo seng eege Konsequenzen. Hien huet et och enorm schwéier, well hie kee Mandat an der nationaler Politik huet, a vill méi muss rudderen, fir vu sech an der Ëffentlechkeet schwätzen ze doen; ganz am Contraire zu der Fraktiounscheffin Martine Hansen: si huet d’Ënnerstëtzung vun den Deputéierten a kann zu jidder Ament op parlamentareschem Plang intervennéieren. Ma och si huet nach keng richteg Jalonën gesaat, d’Fraktioun nach net als Equipe zesumme geschweesst, wou jidder Deputéierten seng Plaz, seng Aufgaben huet. Politesch interessant ginn d’Diskussiounen ëm d’Verfassungsreform, wou d’Partei wëll oppe sinn no alle Säiten, matt zum Beispill der Iddi, d’Energieneutralitéit vum Land an d’Konstitutioun festzeschreiwen- wouduerger déi Gréng gefuerdert sinn- a matt der Propositioun, eventuell e konsultative Referendum iwwer d’Auslännerwahlrecht ze organiséieren; entweder de Lëtzebuerger confirméiert d’Resultat vun e leschte Kéier, oder awer et stellt sech eraus, datt vill Wieler 2015 aus purer Roserei op Gambia 1 dräimol fir den “Neen” gestëmmt haten. Dobäi muss sech d’CSV bewosst sinn, datt si nach emool eng Partie Wieler zu Gonschten vun der ADR wäert verléieren. Si kann sech allerdéngs och als fortschréttlech Partei profiléieren; op alle Fall géif eng breed Diskussioun am Vollek eng plus-value bedeiten fir d’Demokratie!
matt 21 Volleksvertrieder ass een ëmmer nach zolitt opgestallt an et huet een-schonn nëmmen aleng vun de Finanzen hir- een net klengen Apparat hannert sech. D’Partei beweegt sech politesch an der Mëtt, mat liberaler a soziaaler Komponent. Wat dee liberalen Aspekt betrëfft, schéngt d’Partei vun der DP iwwerholl ginn ze sinn an och um soziaalen Ëmfeld huet si kräfteg verluer. Wou bleiwen do staark Stëmmen aus der Vergaangenheet, à la Michel Wolter, Marc Spautz, Claude Wiseler? Et kann een et mënschlech novollzéien, datt si sech an déi zweet, jo an déi drëtt Rei zeréckgezunn hunn, ma si géifen dréngend gebraucht. Sech reegelméisseg op Facebook ze mellen, an de Leit e wonnerschéine Weekend ze wënschen, geet Beileiwen net duer; dat gesäit éischter no Al-Hären-Politik aus. Virun allem awer huet d’Partei iwwersinn – oder ënnerschat- datt déi politesch Mëtt geännert huet! Mäi fréiere Quartier Lamperbierg wor a menger Jugendzäit eng absolutt Héichbuerg vun der CSV; esouguer d’Tageblatt kruut een do net an der Papeterie ze kafen! An haut? Vive déi Gréng! Zone 30 vun uewen bis ënnen!
Ass et net ee Feeler, den Terrain vun der Ëmwelt aleng deene Gréngen ze iwwerloossen? Ausgerechent an Zäiten, wou dës Partei zanter bal 6 Joer an der Regierung ass a bis ewell ausser Tram an Turbo-Rond-point net vill politesch ëmgerappt huet! Natiirlech wëll keen, och keng Oppositiounspartei, als éischt mat der Propositioun an d’Ëffentlechkeet, fir vun enger CO2-Steier ze schwätzen, déi 89 Euro pro Tonn soll kaschten. Mä, grad déi Gréng haten sech mat esou ähnleche Propositiounen an d’Broscht gehäit, wéi si nach als Müsli-Apostel op der Oppositiounsbänk souzen. Et dierft jo net ze komplizéiert sinn, déi Gréng mat hirer eegener Vergaangenheet ze konfrontéieren, de Verglach ze maachen mat Verspriechen an tatsächlechem Geleeschten, tëscht Theorie a Praxis. 2-3 Deputéierten hätten e Vollzäitjob, kéinten sech an d’matière eraschaffen an d’Partei zugläich inhaltlech moderniséieren. Net vill aaneschters huet et de Juncker mat de Genosse gemaach! Wou bleiwt do e Marco Schanck? Just mam Schreiwen vu Krimi mécht ee keng Politik!
Déi politesch Mëtt ass iwwerbesaat, an trotzdeem bleiwt Sputt. Do kann ee sech wéi gesot op ekologeschem Plang profiléieren a virun allem muss d’CSV probéieren, op wirtschaftlechem Plang zu hirer fréierer Leaderpositioun zeréck ze fannen. Zäiten, wou esou eng gënschteg Positioun matt Juncker a Frieden eng Zort “Selbstläufer” war, sinn eriwwer, ma d’Finanzwelt waard op däitlech Signaler aus der Parteielandschaft; do huet sech nämlech am Laf vun de Joer ee gudde Batz Frust oogeheeft vis-à-vis vun der Regierungspolitik, déi an den éischte Joer aus verständleche Grënn extreem op d’Defensive gesaat huet. Ween awer sinn déi Leit bei der CSV, déi dës Roll wëllen iwwerhuelen. Ausser nees engkéier den Tandem Roth/Mosar, keen do! Iwwerspëtzt ausgedréckt: vun deenen 21 Volleksvertrieder sinn et 15 Schloofmutzen. An deem nämmlechte Verhältniss steet et och, wee vun deenen Hären an Dammen iwwerhaapt Ministrabel sinn, wann et dann engkéier sollt duergoen, fir eng Regierung op d’Been ze stellen…
An et wär net vu muttwëll, sech och op dat Digitaalt ze fokusséieren: et ass do, wou sech den näechste Weltkrich wäert ofspillen. D’Regierung huet zwar e spezielle Ministère dovir agesaat, bis ewell awer nach kee Pipcheswiertchen vu sech ginn. D’Affaire vum “geheime”casier betrëfft och deen digitaale Volet. An eng näechst Affaire- an där eng Patronatsvertriedung mattspillt- ass um Kommen a wäert weisen, wéi dichteg eist Land an deem Beräich opgestallt ass oder och net!
Jonk Politiker, virwat net aus der CSJ, sollten sech an déi Matière eraschaffen.