Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Gesellschaft

Marc Thoma op apart tv: schéck en Eefalt fort da kënnt en Dabo erëm! 

Marc Thoma op apart tv: schéck en Eefalt fort da kënnt en Dabo erëm!
marc thoma

      

an dräi Wochen fänken d’Deeg schonn un, méi kuerz ze ginn! Och eng Zeitenwende, vum Summer gemitterlech an de Wanter. De Mënsch war sech dees scho viru Joerhonnerte bewosst an hat dat och architektonesch festgehalen. Dat bekanntste Beispill ass de Stonehenge, ma et kann een och a Frankräich goen, op Montségur.

 

Montségur ass eng touristesch Attraktioun ginn. E bësselchen Indiana Jones, e bësselche Grujel. D’Sonn geet op a luusst duerch eng Spléck an der Fassade, riicht op en Altor. Feelt nach just, datt duerch dat Sonneliicht déi ganz Buerg sech a Beweegung setzt!

marc Thoma

 

Just zu Lëtzebuerg awer schéngt een ze domm ze sinn, dorausser Kapital ze schloen. Well och am Grand-Duché gëtt et esou eng Zort Stonehenge: eng Buerg, eng Spléck…en Altor.

Ma loosse mir de Marc Thoma d’Geschicht erzielen. Säi Reportage koum den Owend op apart tv an ass elo och hei ze gesinn. Tatsächlech eppes Apartes!

 

Vill Spaass!

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *