Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Politik

POPULISMUS: et feelt un Intellektuellen! 

POPULISMUS: et feelt un Intellektuellen!
Image par Robert Pastryk de Pixabay

D’Wuert gëtt fir villes a fir näischt benotzt. “Berlusconi champion du populisme” hat den EXPRESS viru Wochen getitelt. Den Italiener also nach besser wéi e Marine Le Pen! An Amerika gëllt den Trumpismus als Reaktioun aus dem Vollek géint d’Elitt zu Washington, also och Populismus. Wien Klimaskeptiker ass, fält grad esou duerch de Raster erof an d’Dëppen vum Populismus. A ganz rezent koumen nach derbäi all déi Bierger, déi sech géint d’Droen vun enger Anti-CoVid-Mask wieren.

Wat mécht d’Vollek dann esou falsch, datt d’Gesellschaft därmoossen auserneen gerappt gëtt, freet sech am l’EXPRESS 3619 d’Madamm Rosencher? Phenomen nëmme vu riets? Quatsch! Ënnert deenen, déi a Frankräich d’Mask refuséieren, si schliisslech 36 Prozent Cadren an héich forméiert Intellektueller. Dobäi sinn et grad d’Bierger vu Mëtt-lénks déi vun “cancer populiste” schwätzen, ironiséiert de Michel Houellebecq!

Am Dictionnär LE ROBERT ass déi heiten Definitioun vum Populismus ze liesen:Nom, masculin. Politique (souvent péjoratif): discours s’adressant aux classes populaires, fondé sur la critique du système et de ses représentants. Ass et awer net geféierlech, op d’mannst onglécklech, alles wat der politescher Elite an de Leader vun der Mediewelt net an de Krom passt, an een an dat nämmlecht Wuert eranzepressen, dat och nach als Wuerzel d’Vollek huet?

Pour la patrie, seet de Fransous a mengt domadder d’Vollek. Zu Berlin steet et a grousse Buschtawen uewen un der Fassade vum Bundestag: dem deutschen Volke. An elo, all dat Schlecht eben grad aus deem Vollek?! Sécher, an all Vollek ginn et Käpp mat engem décke Rass an der Schierbel, ma ëm déi geet et jo net.

wikipedia.org

de gesellschaftleche Broch ass net méi ze iwwersinn, an deen iwwerdréit sech op d’Politik. Nach méi schlëmm: de Broch féiert dacks zu mënschleche Katastrophen, wéi zum Beispill zu Iwwerreaktiounen an de soziale Medien. An där enger Halschecht vun der Gesellschaft sinn d’Profiteuren vun der Globalisatioun, an där anerer sinn et d’Verléierer. De Gewënner huet eppes areecht, mengt eppes Besseres ze sinn, hält d’Nues héich. De Verléierer huet villäicht probéiert, deen een oder aneren Träppléck vun der Sozialleeder eropzekommen, mä, ëmsoss. Looser! Mat Dir schwätze mir net! Esou entsteet Frust.

Ganz krätzeg behuelen sech déi Bierger, déi mengen zu der Elitt ze gehéieren. Dat sinn déi berüchtegt nouveaux parvenus! Dobäi ass eng intellektuell Elitt méi wéi jee gefrot! Si ass awer net do. Wäit a breet kee Jean-Paul Sartre, kee Simone de Beauvoir. L’incapacité du système à produire une élite à l’écoute du diagnostic populaire – ou du moins d’une partie- est une des plus grandes menaces qui pèsent aujourd’hui en France! Wëll heeschen: Intellektueller, déi d’Kapazitéit hunn, deenen zwou Säiten nozelauschteren an et fäerdeg bréngen, si op de gréisstméiglechen gemeinschaftlechen Nenner ze bréngen.

Esou Leit feelen, natierlech och an der Politik, an dat schaffend Vollek kritt et mat. Just domm, datt an enger Demokratie all puer Joer muss gewielt ginn. Ironie: all Wahl ass Populismus. An dat ass gutt esou! Jonk Fransousen soen zu 25 Prozent, datt si bei den nächste Presidentiellen warscheinlech fir d’Marine Le Pen wäerte wielen. Déi Tendenz ass zwar net gutt, mä wuel noutwendeg, an zwar esou laang, bis datt d’Populisten eescht geholl ginn!

Zugläich awer muss eng Demokratie sech schützen. Datt viru Wochen Persounen op Invitatioun vun der AfD Politiker am Gebai vum Reichstag konnte filmen a verbal beleidegen, ass esou e Moment! Déi Partei wier um schlechte Wee vum Nationalsozialismus. Effektiv ass de Verglach tëscht den ablécklechen Restriktiounen an der Juddeverfolgung  virun 80 Joer de très mauvais goût! Oder de Verglach mat der Resistenz géint d’Mask mat der Resitenz vun engem Sophie Scholl? Do stellt sech ë.a. d’Fro vun der Effikassitéit vun eisem Schoulsystem! Dat wëssen och d’Vertrieder vun där Partei am Bundestag. Ma dat ass just e Grapp voll, et geet éischter ëm hir vill Sympathisanten, ëm e Krabbekuerf voller Frustratiounen….

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *