Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Eng Summerschnok iwwer dat villt Waasser an de leschte Méint 

Eng Summerschnok iwwer dat villt Waasser an de leschte Méint
Image par Hermann Traub de Pixabay

D’Iwwerschwemmungen – och déi vun Enn Juli- ginn allgemeng als Konsequenz gesinn vum Klimawandel. Wann dat esou sollt sinn, da mussen dorausser Lektioune gezu ginn, am anere Fall héiert et sech esou un, ewéi wann d’Politik näischt géint d’Naturgewalten kéint maachen. An do gëllt et beim Ufank unzefänken.

D’Noriichten aus Däitschland weisen éischt zwou Konklusiounen. Verschiddentlech goufen Haiser op Plazen gebaut, wou si ni hätten duerfen opgeriicht ze ginn. Donieft sinn d’Kanalisatiounsréier dacks nach vu virum leschte Krich an absolutt ënnerdimensionéiert. D’Gemeng Lëtzebuerg geet mam gudde Beispill vir an ersetzt zanter dem Buergermeeschter Paul Helminger konsequent den tout-à-l’égout. Vill Schantjen, ma och vill Erfolleg, wann et dann emol esou schëtt wéi de 27. Juli.

E  Beispill ass d’Neiduerfer Strooss. Zwee Joer hätten déi lescht Aarbechten sollen daueren, dorauser goufen der 5. Komplizéiert Matière heescht et vun den Ingenieuren, well lénks a riets déck Fielsbrocken op d’Strooss drécken. Ënnen a Clausen goufen Réier vun engem Diameter vun 1 Meter 80 verluecht, also richteg déck Stécker. Ernéiert gouf d’Kanalisatioun awer just zur Halschecht, bis op d’Héicht vun de fréiere Brauereien Funck a Bricher. Dat ass menger Meenung no e Feeler.

Datt esou grouss Réier hate mussen an de Buedem geluecht ginn, hat seng Ursaachen. Net nëmmen am Neiduerf selwer waren Haiser bäikomm, ma virun allem uewen aus, um Cents an um Weimeschhaff. D’Quantitéit vum Kanalisatiouns- a vum Reewaasser huet deementspriechend zougeholl. Den ierweschten Deel vun där laanger Stroossenträip gouf weider net erneiert. D’Waasser kéint elo aus de klenge Réier méi séier fortlafen, war viru Joer d’Argument vun de Leit aus der Waasserverwaltung. Ech hunn der Saach net getraut.

Ech hunn zwee Siphonen bei mir installéiere gelooss, déi am Fall vun engem Risk vun enger Iwwerschwemmung automatesch zousetzen, sou datt de Keller dréche bleift. Bal 8000 Euro huet dat mech kascht, ma et huet sech méi wéi gelount. D’Installatioun huet eng elektronesch Mémoire, an ech hunn net schlecht gestaunt, wéi ech doranner bliedere goung!

gkonline

Op d’mannst sechsmol goungen déi lescht Joer d’Klappen zou, hunn also verhënnert, datt Garage a Keller iwwerschwemmt goufen, esou wéi dat virdrun reegelméisseg de Fall war. Wat esou vill bedeit ewéi: d’Aarbecht vun der Gemeng ass gutt gemaach, awer just zur Halschecht.

An et weist zugläich, datt a menger direkter Ëmgéigend massiv derbäi gebaut gouf. Meng Boma, déi och an deem Eck gelieft huet, hat nämlech ni dee Probleem.

op der Kalchesbréck goufe grouss Gebaier opgeriicht a virun allem zitt de Contournement iwwer den Dall. Wann et da reent, léisst deen et lafen. Dat sinn natierlech op esou vill Quadratmeter Goudron onmoosseg Quantitéiten. Derbäi kënnt d’Waasser vun der Strooss fir op den ale Findel erop. Konsequenz: wann et vill reent, sprangen d’Kanalisatiounsdeckelen an d’Luucht an d’Neiduerfer Strooss gläicht enger Baach.

Där Plazen ginn et uechter d’Land méi, an datt méi gebaut gëtt, datt hier Zuel zouhëlt. Et gëllt elo, präventiv virzegoen, onofhängeg vun der ideologesch gefierfter Diskussioun ronderëm de Klimawiessel, pragmatesch un de Phenomen erunzegoen. All Gemeng muss fir sech d’Analyse maachen, wou kann, wou MUSS an den Infrastrukturen nogebessert ginn. Also haut u muer denken! Do wou d’Pompjee am Asaz waren, fir Keller eidel ze pompelen, mussen déi Gemengeverantwortlech sech eng afale loossen, well d’Situatioun vun deenen Haiser gëtt wuel kaum vum selwe besser!

Et ass d’Gemeng, déi d’Autorisatioun fir ze bauen erstellt, also huet si mat eng Verantwortung ze droen, wat déi méiglech Konsequenzen betrëfft.

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *