Recent Posts

Post Categories

De Selfist Xavier Bettel 
De Xavier Bettel ass e Phenomeen fir sech. Hie schwätzt mat de Leit wéi wann hien mat hinnen alleguer an...
TNS-ILRES: Wiedergespills mat den Zuelen? 
D’TNS-Ilres entléisst d’CSV mat e puer Datzen an d’Vakanz. Déi konservativ Ministeren kommen am leschte POLITMONITOR gréisstendeels net gutt ewech,...
D’Elektrescht steet ënner Stroum 
Jidderee mécht esou seng Rechnung. Ech zum Beispill hunn an der Kichen 8 Halogene-Luuchten géint 8 LED ersat. Déi nei...
Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...

Blog Post

Finanzen

Kritik vun Investor Protection: de lëtzebuerger Premier hält sech net un d’Gesetz! 

Kritik vun Investor Protection: de lëtzebuerger Premier hält sech net un d’Gesetz!
gouvernement.lu

schonn zanter 6 Joer läit sech en auslänneschen Investisseur mam Commissariat Aux Assurances an den Hoer. Dobäi geet et ëm e Konflikt wéinst Investissementer, déi mat enger Versécherungsgesellschaft zu Lëtzebuerg realiséiert gi waren. 2015 huet deen Investisseur eng Reklamatioun beim CAA agereecht, deen allerdéngs net besonnesch drop erpicht war, sech an deen Zodi anzemëschen.

Wäit virum Konflikt géint de Virus huet e ferme Pabeierkrich ugefaangen. An der Schosslinn war an ass de Finanzminister Gramegna. Ma an der Lescht goungen och Kopien vum Courrier un déi ganz Regierung, un d’Chamber, un de Groussherzog, un déi europäesch Kommissiounspresidentin…

Dee leschte Bréif vun Investor Protection, datéiert op Uganks Juni, hëlt de Xavier Bettel an de Viséier. Message: de Staatsminister weess Bescheed, datt seng Regierung am Feeler ass. Well hien näischt ënnerhëlt, violéiert hie selwer d’Gesetz(er).

gk online

Et ass dovunner auszegoen, datt et och mat dësem Courrier net gedoen ass, datt deen auslänneschen Investisseur net esou séier lass léisst. An et ass wuel grad esou dovunner auszegoen, datt d’Regierung weiderhin brilléiert, andeems si glat a guer net reagéiert, trei nom Motto vun déisäits der Musel: AUSSITZEN! Jo,jo, wannn et muss sinn, huet de Politiker ganz vill Sëtzlieder….

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *