Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Gesellschaft

Corona-Virus: et ass elo un der Zäit, fir méi Transparenz! 

Corona-Virus: et ass elo un der Zäit, fir méi Transparenz!
Image par Couleur de Pixabay

D’Zuel vun den Nei-Infektiounen klëmmt zimmlech dichteg. Vun engem Dag op deen aneren ëm dat Duebelt, vun 22 op 44! Dobäi goufen vu Freides op Samschdes mol net sonnerlech vill Tester gemaach: ronn 3500. Normal datt ënnert dem Vollek an an de Sozialmedien eng Diskussioun ufänkt an zwar vun deenen zwou Säiten aus der Gesellschaft: déi eng, déi mengt, et wär alles iwwerdriwwen, déi aner, déi éischter virsiichteg ass. D’Regierung muss an der neier Woch reagéieren.

an zwar esou, datt hir eventuell Decisiounen vum Vollek verstanen, acceptéiert a mat gedroe ginn. Do ass virun allem Transparenz gefuerdert! Et geet net duer, sech mat Tester ze bretzen. Well, ween haut negativ ass, ka muer positiv sinn. Déi relativ vill Tester sinn d’Basis fir Statistiken. Dovunner krut d’Land bis dato näischt bis guer näischt ze héieren! D’Froen aus dem Vollek sinn allerdéngs berechtegt!

Image par congerdesign de Pixabay

Wou ginn et déi meeschten Infektiounen! Bei de Steemetzer oder beim Léierpersonal? Wat fir e Secteur ass am meeschte betraff? Ginn et zu Lëtzebuerg esou änlech Cluster wéi an Däitschland, mat enger Fleeschfabrék? Hate Familljen mat hirer Gaarde-Party iwwerdriwwen? Ass et tatsächlech esou, wéi et an der Stad vu Police a vu Geschäftsleit erzielt gëtt, datt sech am Quartier ronderëm de Palais de Batti gestallt gëtt?! Mat deem Quartier sinn an der Haaptsaach déi Jugendlech am Viséier.

D’Statistiken vun den Tester missten op dës Froen eng detailléiert Äntwert kënne ginn. Sinn déi 44 Infektiounen op 1 – 2 Cluster zeréckzeféieren oder kommen si breed gefächert aus alle Gesellschaftsschichten, Bureau wéi Bau, Aktiver wéi Pensionéierter?

wann d’Regierung sech selwer trei bleift, kann si op kee Fall weider Moossnamen huelen zu Gonschten vun engem deconfinement! Am Géigendeel, si misst e Schrack hannerrécks goen. E weideren lockdown ka sech eis Ekonomie net leeschten. D’Regierung muss also geziilt, sektoriell virgoen. An do muss si d’Zuelen am Detail op den Dësch leeën!

Esou war et eis versprach ginn. No enger éischter Serie vun Tester kënnt déi Zweet mat där gewëssen “Anomalien” entweder confirméiert oder widderluecht ginn. Et ass ze simplistesch, einfach mol esou der Jugend d’Schold ze ginn. Allerdéngs hënnert och keen Politik a Police drun, och op deene Plazen Kontrollen duerchféieren ze loossen!

Mam confinement goung a geet et ëm eis elementar Mënscherechter! An do ass Transparenz e strikte Minimum!!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *