Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

DEUS MEUS! Le fric, c’est chique! 

DEUS MEUS! Le fric, c’est chique!
Image par Adam Hill de Pixabay

et ass engem scho bal ellen, fir an d’Stad Lëtzebuerg ze goen! Dacks héiert een schlecht Noriichten aus der Geschäftswelt. An engem Deel vun der Groussgaass wären neierdéngs 4 zousätzlech Geschäfter am gaangen sech ze iwwerleeën, fir de Schlëssel ënnert den Teppech ze tässelen. Well d’Decisioun nach net zu honnert Prozent feststeet, nennen ech keng Nimm, ma egal wéi et ausgeet, et weist, datt d’stater Geschäftswelt ëm d’Iwwerliewe kämpft! Iwwer 35 Geschäfter sinn den Ament zou! Nach just déi grouss, ganz grouss Marken kënnen sech déi extreem Loyer – an natiirlech och déi gehuewe Gehälter-, leeschten. Geschwënn trëllt een nach just vun engem Luxus-Geschäft an dat anert. Esou eng Stad hunn ech zejoert op Sardinien erliewt: Porto Cervo, eng doudeg Stad! Eidel Gaassen, eidel Luxusgeschäfter, e Chateaubriand vun 150€ konnt sech just den “Indiana Jones” opdësche loossen! Wëlle mir dat? Virun engem Poschengeschäft stoungen se gëschter an der Schlaang, Owes goung d’Stad wéi gewinnt mat de Kuebe schlofen.

Et ginn awer nach e puer Geschäfter, wou ee bëlleg, esouguer ganz bëlleg kann akaafen. Ma wéi laang nach? Op enger Blouse fir 5€ d’Stéck komme maximal 3€ Gewënn eraus. Fir e Loyer vu 7500€ de Mount ze bezuelen mussen 2500 Blousen verkaaf ginn! Plus Stroum a Brennes, plus d’Salairen etc. Eng Saach vun der Onméiglechkeet, sech do laang iwwer Waasser ze halen.

Image par Felix Wolf de Pixabay

 

ech froe mech allerdéngs och, ob d’Rechnung fir d’Proprietairen vun den Haiser an der Groussgaass opgeet? Wann e Kommerzant ophält, well hien en Eropsetzen vu 50% vum Loyer net kann verkraaften, da stinn d’Raimlechkeeten dacks 6 bis 12 Méint eidel, ier deen Näechsten ubäisst. Dat bedeit bis zu 12 Méint iwwerhaapt kee Loyer. Gutt esou! Schued deene Gollo näischt! Ma iergendwéi muss et sech fir si jo dach rentéieren! D’Politik kann nëmmen nokucken, ka selwer näischt maachen, an de marché agräifen. Just d’Kommunisten kënnen sech d’Fuerderung erlaaben, datt d’Politik e Plafong an de Locatiounspräiser sollt virschreiwen. D’Politik hat sech gewëssen Hoffnunge gemaach, datt den “Neien Hamilius” d’Wierkung vun engem Magnéit hätt, also d’Client an d’Stad lackelen. Déi Hoffnung -schéngt ës zu dësem Ablack- kann nëmmen zu engem klengen Deel erfëllt ginn.

Et geet net duer, d’Hänn an de Schouss ze leeën. Iwwerall gëtt geklot a gejéimert, och op der Plëss d’Aarem kréien si et ze spieren. Wéi wär et, wann de stater Geschäftsverband géing geschlossen demissionnéieren, Plaaz maachen fir nei Leit, déi sech net zu Schued sinn, sech d’Käpp anzehaen?! Ma kloer, am Laf vun de Joer huet d’Clientèle sech staark verännert. D’Zuel un den Awunner goung kräfteg an d’Lut, op iwwer 120.000, dovunner awer just 35.000 Lëtzebuerger….

“…oder si mir net alleguerten un där Entwécklung schold…?”

Ganz rezent war d’Land an Onrou, wéi d’Spuerkeess ugekënnecht hat, 11 vun hire Filialen zouzemaachen. Dobäi ass et déi normalste Saach vun der Welt! An et ass nëmmen en Ufank vun där Entwécklung! Mir profitéieren jo quasi alleguerten vum Web-Banking Dag fir Dag a ginn eis dann fir maximal 24 Stonnen entsaat: wat maachen elo déi al Leit an och déi méi arem, déi sech kee PC kënne leeschten?! Déi mussen dann Zuch, Tram, Bus huelen, fir an déi lescht Agence ze kommen! D’Iwerleeung ass wuel richteg, ma mir wëssen, datt deen Trend net opzehalen ass, datt mir scho längstens een Deel dovunner sinn. D’Post an d’Banken sinn dovunner betraff an ëmmer méi dacks och d’Schong- a Kleedergeschäfter.

Ding! Dong! Entschëllegt, et huet geschellt. Ech muss opmaache goen, et wäert Amazon sinn!

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *