Recent Posts

Post Categories

Friedrich Merz a Luc Frieden, même combat? 
D’Parallellen tëscht deenen zwee Politiker sinn erstaunlech: deen een war 7 Joer laang President vun der BIL, deen aneren Chef...
Frank Bertemes: Der Schmetterlingseffekt 
Im übertragenen Sinn bedeutet der Begriff, dass scheinbar unbedeutende Handlungen, kleine Zufälle oder Entscheidungen in der Vergangenheit enorme und weitreichende...
Tripartite, Festival vun de gudden Affairen 
Als Rappel: D’Tripartite gouf an d’Liewe geruff an de 70-ger Joer, wéi de Stär vun der Arbed am gaange war,...
D’CSV sicht e Beroder an der Kommunikatioun 
Eigentlech misst et heeschen: “…an der Kommunikatioun vum Staatsminister Luc Frieden”. Well et ass de Regierungs- a Parteichef deen op...

Blog Post

Divers

De Geck an den Eck! Dëse Sonndeg därfe keng Autoe fueren! 

De Geck an den Eck! Dëse Sonndeg därfe keng Autoe fueren!
Image par Pexels de Pixabay

op d’mannst déi eeler Gréng fillen sech wuel wéi an d’Kandheet zeréck versaat. Hiert Häerz wäert gluckse vu Freed: duerch d’Spannungen a kleng militäresch Ausernaanersetzungen tëscht Amerikaner an Iraner bestinn gewësse Chancen, datt d’Petrolspräisser duerch de Plafong fueren! Zwar huet den Donald Trump sech gëschter (glécklecherweis) am Grëff gehaal, zwar goung dorobberhinn de Präiss vum Barrel ëm iwwer 4 Prozent op den internationale Mäert zeréck, ma eng gewëssen Hoffnung däerf ee jo nach hunn! Ëmmerhinn gouf zu Lëtzebuerg de Präiss vum Diesel schonn ëm 6,8 Cent de Liter eropgesaat, an de Bensin gouf ëm 5,3 Cent méi deier. Domatter gëtt nach keen aarem. Bei engem Tank vu 45 Liter mécht eng Hausse vun 5 Cent just emol 2€25 aus; bei 5 Tankfëllungen de Mount sinn dat 11€25. Esouguer fir de “klenge Mann vun der Strooss” ass dat ze verkraaften, et si mol keng 2 Päck Zigaretten. An awer bleiwt ofzewaarden, wéi eng Konsequenzen den Noen Osten huet op deen ugekënnechten a bescht duerchduechtenen Ëmweltpak vun der Regierung.

Image par Falkenpost de Pixabay

D’Hären Turmes,Gramegna a Kersch hate bekannlech nach am Dezember drop higewisen, datt tëscht Februar an Abrëll d’Accisen um Spritt tëscht maximalen 3 a 5 Cent  géingen eropgesaat ginn, als spezial Taxe géint den Tanktorusimus. Dës Taxe op déi normal Präissfluctuatiounen drop geschloen, géing natiirlech schonn e bësselche méi an d’Geld schloen. Ech verweisen an dësem Kontext op e flotte Kommentar hinn gëschter (09/01/20) am Lëtzebuerger Wort, deen sech deem ralliéiert, wat ech scho viru Chrëschtdag geschriwwen hat.

 

1.mengt de Claude Feyereisen, datt d’Wierkung vun enger Hausse vun den Accisen limitéiert ass: ” Denn jene, die sich leistungsstarke und verbrauchsintensive Autos leisten können und wollen, werden sich von ein paar Euro mehr je Tankfüllung kaum zum Umstieg auf ein effizienteres Fahrzeug verleiten lassen”. Dat hätt den Energieminister selwer op enger table ronde zouginn an an Däitschland ginn se dervunner aus, datt d’part de marché vum SUV vun 32,5 op 34 Prozent dëst Joer klëmmt. 2. gëtt den Editorialist ze bedenken, datt hei déi Gréng Angscht hunn virum eegene Courage. Dobäi misst jo eigentlech de Prinzipp gëllen vum pollueur-payeur, also: datt en Auto méi Knascht mécht, datt säi Chauffeur méi déif muss an d’Täsch gräifen. Do géing d’Regieung aver net dru goen, schliisslech géing ee sech un déi politesch Läich Lucien Lux erënneren, dee mat der Autosteier an d’Sierra Nevada geschéckt gi war…”und weil DP und déi Gréng es sich nicht mit der gut situierten Stammklientel verscherzen wollen”. Konklusioun vum Feyereisen: “ Dadurch wird der soziale Graben breiter, nd die Fronten zwischen den Anhängern unterschiedlicher Sichtweisen verhärten sich weiter”.

Mä, dPolitiker sinn souwisou dacks esou wäit ewech vum sougenannte “Mann vun der Strooss”, datt hinnen einfach net an d’Bëls erageet, datt verschidde Leit op Katchëssem un den Auto ugewise sinn. Et bleiwt just nach d’Hoffnung, datt d’Sprittpräisser tatsächlech massiv an d’Lut gin, esou wéi 1973: da fiert Sonndes keen Auto méi an d’Politik ka mam Fanger op déi fräi Maartwirtschaft hiweisen. De Sputt fir reell Ëmweltpolitik géing allerdéngs hauchdënn ginn.

“…nach eng Tournee. Der Kleine zahlt die Zeche!…”

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *