Recent Posts

Post Categories

De Selfist Xavier Bettel 
De Xavier Bettel ass e Phenomeen fir sech. Hie schwätzt mat de Leit wéi wann hien mat hinnen alleguer an...
TNS-ILRES: Wiedergespills mat den Zuelen? 
D’TNS-Ilres entléisst d’CSV mat e puer Datzen an d’Vakanz. Déi konservativ Ministeren kommen am leschte POLITMONITOR gréisstendeels net gutt ewech,...
D’Elektrescht steet ënner Stroum 
Jidderee mécht esou seng Rechnung. Ech zum Beispill hunn an der Kichen 8 Halogene-Luuchten géint 8 LED ersat. Déi nei...
Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...

Blog Post

Europa

Den André Steffen hätt gären en neie Prozess, an hie gëtt sech net! 

Den André Steffen hätt gären en neie Prozess, an hie gëtt sech net!
image credits:facebook.com

esozialisteschen (ex)Politiker schwätzt an dësem Kontext vu Raibergeschichten, ma den André Steffen ass e fréiere Polizist, deen an der Zäit an de Bing koum wéinst Drogenhandel. Hie behaapt haut, vu senge Kolleegen an der Police eng Fal gestallt krut ze hunn a seet, hien hätt nei Beweiser, nei Zeien, déi zu senge Gonschten géinge schwätzen. Ob et sech wierklch ëm Raibergeschichten handelt, kann ee jo nëmme feststellen, wann een dem Mann säin Uleies eescht hëllt. Ma de Mann huet Probleemer, iwwerhaapt gelauschtert ze ginn.

Seng éischt Demande en révision gouf vum Affekot Me Laurent Ries per Huissier de 26. Mäerz zejoert dem Justizministère zougestallt (cf Artikel http://3.127.214.33/e-freiere-polizist-kampft-em-seng-eier/); den 28. Mee huet de Minister Felix Braz op Grond vun den Argumenter vun enger Kommissioun déi Revisioun refuséiert. Dobäi goufen weder den André Steffen, nach säin Affekot, nach ee vun deenen neien Zeien eng eenzegkéier gehéiert; déi Kommissioun huet sech op deen ale Verdikt beruff, ouni där neier Situatioun Rechnung ze droen. Den Affekot huet doroppberhinn de leschten 19. September decidéiert, par “lettre recomandée” eng zweet Revisioun eran ze ginn an den Ex-Polizist huet dem Minister e perséinlecht Schreiwes an d’Bréifkëscht doheem gehäit, fir nach emol op säin Uleies opmierksam ze maachen. Fir hien geet et ëm e grousst Stéck Recht a Gerechtegkeet: hie wëll a senger E’ier rehabilitéiert ginn.

 

no 3 Méint keng Aentwert. De 5. Februar vun dësem Joer gouf de Me Laurent Ries déi 3. Revisioun eran. Bis haut, och do keng Aentwert, mol keen accusé de réception. Ass schonn e staarkt Stéck!

Ech perséinlech kennen den Här Steffen bal net, mir hunn eis bis ewell engkéier gesinn. Ech kann net iwwert hien uurdeelen, ma de Gedanken geet mir duerch de Kapp: et schéngt e raisonable Mënsch ze sinn a seng Motiver, en neie Prozess ze kréien, fir seng berufflech a privat E’ier nees hirgestallt ze kréien, sinn duerchaus legitim. Virwat blockt  d’Justiz komplett of?

PS: Den André Steffen huet dëse Bréif un de Minister och op senger Facebook-Säit publizéiert!

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *