Recent Posts

Post Categories

Frank Bertemes: Der Schmetterlingseffekt 
Im übertragenen Sinn bedeutet der Begriff, dass scheinbar unbedeutende Handlungen, kleine Zufälle oder Entscheidungen in der Vergangenheit enorme und weitreichende...
Tripartite, Festival vun de gudden Affairen 
Als Rappel: D’Tripartite gouf an d’Liewe geruff an de 70-ger Joer, wéi de Stär vun der Arbed am gaange war,...
D’CSV sicht e Beroder an der Kommunikatioun 
Eigentlech misst et heeschen: “…an der Kommunikatioun vum Staatsminister Luc Frieden”. Well et ass de Regierungs- a Parteichef deen op...
Mutig! Ein Kommentar zur neuen Parteispitze der LSAP von Frank Bertemes 
Gleicht das neue Duo an der Spitze der LSAP wirklich einer Kapitulation der stärksten Oppositionspartei wie ein Kommentar eines Wort-Journalisten...

Blog Post

Divers

Schummt Ierch! 

Schummt Ierch!
Image by PublicDomainPictures from Pixabay

Jo, de léiwen Härgott oder den hällegen Darwin gouf eis Männer e puer Muskele méi ewéi de Fraen.Déi konnt ee fréier asetzen, fir op d’Juecht ze goen, haut wann een am Bausecteur schafft oder Handwierker ass; si kënnen och duerchaus Sënn maachen, wann een als Mann der schwangerer Fra hëlleft, d’Cornichongsdëpchen opzemaachen.

Ierch Bouwen, 16 – 18 Joer al, schéngt d’Natur net verwinnt ze hunn, well Dir hutt gläich zu e puer musse sinn, -zu 10!- fir fir d’éischt e Schaffner vun den CFL ze zerschloen, an duerno e Maschinist! Wow! Zu 10! Wat e Courage musst Dir an der Panz hunn. E Mënsch zerschloen, dat mécht een hautdesdaags net méi, ausser, an Noutsituatiounen, fir sech selwer ze verteidegen. Waard Dir an esou enger Situatioun: goungen déi CFL-Beamten mam Messer op Ierch duer? Haten se e Klabes bei sech? Wuel kaum. Ma Dir hutt einfach drop lassgeschloen, Dir waard jo e Grupp, an am Grupp fillt een sech staark.

Ech plädéieren ëmmer fir ‘circonstances atténuantes’, ma an Aerem Fall dinn ech mech do schwéier, fir net ze soen: et ass mir onméiglech. Wann ee jonk ass, mécht een Dommheeten! Averstaanen, mä awer an de Limitten, an déi hudd Dir iwwerschratt!

Huelt elo dat Wéinegt u Courage an de Grapp a gitt bei d’Police Ierch mellen. Duerno gidd Dir déi zwou CFL-Persounen an d’Spidol besichen an entschëllegt Ierch. Hudd Dir dee Courage?  An dann hëlleft Dir der Mamm beim Grompere-Stampfen, fir Puree ze maachen. Domadder gëtt ee grouss a staark.

 

 

Related posts

1 Comment

  1. john BISENIUS

    woumatds’dë vollkommen recht hues frank.
    pas de pitié avec les canards boîteux.zivilen dingscht,dien tooperten hiir eidel rommelskaepp gehéierlich auswaescht………..

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *