Recent Posts

Post Categories

Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...
Friedrich Merz a Luc Frieden, même combat? 
D’Parallellen tëscht deenen zwee Politiker sinn erstaunlech: deen een war 7 Joer laang President vun der BIL, deen aneren Chef...
Frank Bertemes: Der Schmetterlingseffekt 
Im übertragenen Sinn bedeutet der Begriff, dass scheinbar unbedeutende Handlungen, kleine Zufälle oder Entscheidungen in der Vergangenheit enorme und weitreichende...
Tripartite, Festival vun de gudden Affairen 
Als Rappel: D’Tripartite gouf an d’Liewe geruff an de 70-ger Joer, wéi de Stär vun der Arbed am gaange war,...

Blog Post

Gesellschaft

D’ALIA gëtt reforméiert, d’ALIM gëtt deforméiert 

D’ALIA gëtt reforméiert, d’ALIM gëtt deforméiert
Photo de Emmanuel Codden: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/noir-et-blanc-gens-personnes-individus-17095445/

Déi groussherzoglech Press huet ziddereg Knéien! Aus der ALIA gëtt d’ALIM. Wiem dat näischt seet: d’autorité luxembourgeoise indépendante de l’audiovisuel soll sech an Zukunft nennen: autorité luxembourgeoise indépendante des médias. Also net nëmme Radio an Televisioun mussen d’Onzefriddenheet vun engem Grapp voll Beamten iwwer sech ergoe loossen, ma och déi aner Pressevertrieder an esou guer déi sougenannten Influenecer an de soziale Medien. D’Kromm an der Heck besteet doranner, datt de Gesetzprojet zimmlech schladdereg geschriwwe gouf an et u Präzisioun feelt.

Et heescht zum Beispill, datt de Medie-Contenu deen als Risk gëllt fir déi national Sécherheet, där neier Autoritéit ënnerläit. Dat kléngt logesch, awer et feelt och nëmmen de Soupçon vun enger Definitioun vun där eventueller Menace fir d’Sécherheet. D’Chamber vun de Staatsbeamten kënnt zur Konklusioun: dann ass de Spillraum fir d’Interpretatioun nawell grouss fir déi nei ALIM, an d’Beruffschamber erënnert drun, datt Lëtzebuerg schonn eemol vum Europäesche Geriicht fir Mënscherechter wéinst disproportionéierten Aschränkungen vun der Meenungsfräiheet condamnéiert ginn ass.

Photo de Yunus Erdogdu: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/bureau-table-sport-conference-de-presse-15920138/

Dobäi kéint déi ALIM higoen an eegestänneg Verboter  decidéieren, d’Press esou guer forcéieren, den Inhalt vun engem Artikel ze sträichen, vun der Internetsäit erofzehuelen asw. Dat geet wäit! Bis ewell war dat exklusiv d’Geschäft vun de Geriichter, ma hei gëtt op de Brieder vun der Magistratur gedanzt. Déi nei Autoritéit soll grad esou finanziell Sanktioune kënnen decidéieren, mat engem Maximum vun 250.000 Euro!

Weider heescht et an deem Projet, datt d’Situatioun vun de sougenannten Influencer soll gereegelt ginn. Dat ass zwar ze begréissen, ma och hei feelt et komplett un enger  Definitioun. Wat ass en Influencer zu Lëtzebuerg? Wéi vill followers muss een hunn, fir sech deen Titel däerfen op d’Broscht ze pechen? Ginn 100 reegelméisseg Lieser oder och nëmme Visiteuren op enger Websäit duer, oder mussen et der 500 sinn? 5000? Och dat soll déi nei ALIM selwer kënnen entscheeden. Dobäi misst et ëmgekéiert sinn: d’Gesetz leet dat am VIRAUS fest an d’Autoritéit huet sech un dat Gesetz ze halen an un näischt aneschters ewéi d’Gesetz!

D’Staatsbeamtechamber behaapt an hirem Avis zum Gesetzprojet, datt bis ewell keen eenzegen Influencer zu Lëtzebuerg ënner d’Bestëmmungen vun deem neie Gesetz déit falen. Also eng Null-Nummer? Esou gesinn, ännert sech näischt un der Bedeitungslosegkeet vun där Autoritéit.

Related posts

1 Comment

  1. Catherine Gaeng

    Manifestement, l’ALIA déplaît à certains anciens de RTL.
    Le 25 mars, à la barre de la cour d’appel, Alain Berwick a lancé méprisamment : « D’ALIA as a Jickeclub », aujourd’hui, vous décrétez la « Bedeitungslosegkeet vun där Autoritéit ».
    La « Grapp voll Onzefriddenen Beamten » appréciera…

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *