Recent Posts

Post Categories

De Xavier Bettel zaubert dem Senegal d’Entwécklungshëllef ewech 
De Premier aus dem Senegal war kierzlech op Aarbechtsbesuch zu Lëtzebuerg. Säi. Land gëtt vun der lëtzebuerger Entwécklungspolitik prioritär behandelt....
Fueren d’Gewerkschafte (weider) Kutsch mat der Regierung? 
“Kann et eppes Klengs méi sinn?”. Déi Fro kritt een normalerweis beim Monni Metzler ze héieren, ma si applizéiert sech...
Ein Gerichtshof im Fadenkreuz 
Überwachen und Strafen im Digitalzeitalter Der Franzose Nicolas Guillou, Richter am Internationalen Strafgerichtshof (IStGH) in Den Haag, wurde im August...
L’embarrassant Monsieur (Fernand) Kartheiser… 
…dat ass d’Iwwerschrëft vun engem rezenten Artikel am renomméierte franséische Magazine l’EXPRESS. D’Journalistin Charlotte LaLanne schreift vun enger Rencontre, déi...

Blog Post

Ëmwelt

Lieserbréif vum Henri Fischbach: Gesond iessen heescht ëmdenken 

Lieserbréif vum Henri Fischbach: Gesond iessen heescht ëmdenken
Image par Tracy Lundgren de Pixabay

Mat groussem Interessi hunn ech Ären Artikel iwwer de vergëfte Mythos vum gesonden Apel gelies. Och wann ech am Prinzip méi Vertrauen a Liewensmëttel hunn, déi hei zu Lëtzebuerg produzéiert ginn, wéi an Iesswueren, déi vu ganz wäit importéiert ginn, muss ech soen, datt de Rapport vum Mouvement Ecologique iwwer d’Pestizid-Belaaschtung vun de Lëtzebuerger Äppel mech dann awer schockéiert.

Ganz richteg weist Dir an Ärem Bäitrag drop hin, datt ee konsequent op déi streng kontrolléiert Bio-Äppel zeréck gräife soll.

Allerdéngs muss ech aus eegener Erfarung soen, datt dofir de Konsument mol fir d’éischt ëmdenke muss. Et kann dach net sinn, datt déi Leit, déi vun der Qualitéit vu Bio-Produiten iwwerzeegt sinn, just déi Äpel kafe wëllen, déi e bestëmmte Kaliber hunn an déi keen eenzege Schorffleck hunn. Wie bio seet, dee weess, datt d’Natur net ëmmer esou fonctionéiert, wéi een dat gär hätt an datt d’Net-Gebrauche vu Planzeschutzmëttel och mol dësen oder dee Fleck op engem Apel als Konsequenz kann hunn. Dofir hu mir awer e gesonden Appel, dee meeschtens och nach vill méi e kräftege Goût huet wéi e konventionellen Apel.

Ech stelle mir awer och Froen, wann ech konventionell Äppel aus Südafrika fir zwee Euro d’Stéck am Supermarché leie

Photo de Pixabay: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/trois-fruits-de-pomme-209339/

gesinn, ganz sécher net manner gesprëtzt wéi déi lëtzebuergesch Äppel, dofir awer dräifach am Plastik a Styropor verpaakt a mat enger dënner Schicht Wuess ageriwwen, fir schéin ze glänzen a sech méi laang ze halen.

Iwwregens ass et mat deenen anere Liewensmëttel och esou. Esoulaang de Konsument eng Preferenz fir Pouletshämmercher vun dräi Euro de Kilo amplaz e « poulet fermier » vun zwanzeg Euro de Kilo huet, brauch ee sech net ze wonneren, datt ee fir seng wéineg Suen nëmme schlecht Qualitéit kritt.

Vläicht sollte mir eis als Konsument mol d’Fro stellen, ob mir wierklech déi richteg Prioritéiten hunn. Wier et net vläicht méi richteg, manner dacks an d’Vakanz ze fueren oder e manner deieren Auto ze fueren, dofir awer e bësse méi Qualitéit op eisem Teller ze hunn, déi dann natierlech och méi kascht? Mir reegen eis op, datt mir ëmmer méi Allergien hunn, datt d’Fertilitéit besonnesch bei de Fraen ëmmer méi erof geet, datt ëmmer méi Jonker u Kriibs erkranken, asw., mee sinn d’Ursaachen dofir net vläicht zum Deel bei eise schlechten Iessgewunnechten ze fannen?  Wann et net zu engem radikalen Ëmdenke bei eisen Iessgewunnechte kënnt, bezuele mir deen héchste Präis, deen ee dofir bezuele kann : MIR BEZUELE MAT EISER GESONDHEET.

Henri Fischbach

Related posts

1 Comment

  1. Frank Bertemes

    …a genee dat schéngt deene meeschte Leit egal ze sinn-d’Haaptsaach ass :bëlleg! Traureg, wann d’Prioritéiten déck Autoën, deier Vakanzen (natierlech mam Fliiger) asw. sinn…An da gëtt gesot, Bio wär ze deier – dat kritt een da virgehäit, wann een déi liewensgeféierlech Praxis vum Sprëtze mat alle méigleche Pestiziden kritiséiert. Ëmmer méi Kriibsfäll, mä wat soll et – mir spenden jo fläisseg, fir datt “Big Pharma” sech domm an dämlech mat Chemo-Therapien ka verdéngen, eng Krankheet, déi “behandelbar” soll sinn – mat alle Konsequenzen…Wat soll et: déi perfekt Symbiose vun der agro-chemëscher – an der Pharmaindustrie-an d’Politik an deem Ganzen? De Kapp déif am Sand …

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *