Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Featured

Manif um Knuedler: Fencheltéi a Spackelter 

Manif um Knuedler: Fencheltéi a Spackelter
rtl.lu

Et huet sech erëmgeschwat: de Lëtzebuerger geet net gären op d’Strooss fir ze demonstréieren. Hie weess: wann a sengem Land gejéimert gëtt, geschitt dat meeschtens op héijem Niveau. An esou gëtt just all 10 oder 20 Joer manifestéiert. Wéi gëschter. Déi zwou Gewerkschaften OGBL an LCGB behaapten houfereg, 25.000 wäre matmarschéiert. Déi awer waren et mat Sécherheet net! Déi waren et och net, wéi d’CGFP viru 25 Joer hir Truppen  op de Knuedler convoquéiert hat, ma et waren der deemools méi ewéi gëschter!

rtl.lu

D’Police hirersäits blouf bei enger Schätzung vu 12.000 bis 14.000. Déi Meenung deelen ech schonn éischter. A fir lëtzebuerger Verhältnisser duerchaus impressionant. Allerdéngs net de groussen Erfollech fir d’Syndikater. Si behaapten, zesummen 125.000 Memberen ze hunn. Dat géing bedeiten, datt grad emol 10 Prozent  vun. hire Leit um Makadamm waren. Dat bedeit ëmgedréit, datt 90 Prozent vun de Memberen net hiren Appell héieren haten.

Iwwerhaapt huet déi ekrasant Majoritéit vum lëtzebuerger Land ganz einfach geschwänzt. Mir sinn zu 700.000 Awunner a 600.000 gi schaffen. 12.000 Demonstranten géingen eng Participatioun bedeiten vun 2 bis 3 Prozent! Gesäit esou Erfolleg aus, ëmsou méi wou all déi politesch Oppositiounsparteien -ausser eng-sech solidaresch erkläert haten? Den allgemengen Echo deen ech aus Gewerkschaftskreesser ze héiere krut, war éischter e groussen Uff!  D’Gewerkschaftsspëtzten waren iwwerglécklech, laanscht eng Blamage komm ze sinn.

rtl.lu

Trotzdeem. Wann een d’Fencheltéi-Temperament vum Lëtzebuerger mat consideréiert, wär d’Regierung gutt beroden, wann si d’Manif vu gëschter géing eescht huelen. Si huet e gewaltege Kommunikatiounsproblem, zwee Minister (op d’mannst) sinn iwwerfuerdert an de Premier kënnt iwwerhieflech eriwwer. Wat soll säi Saz: wann demonstréiert gëtt, ginn ech an där Zäit an de Bësch spadséieren? Dat heescht jo näischt aneschters ewéi: Dir kënnt mech mol, oder och: rutscht mir de Bockel erof.  Ueleg op d’Feier!

Elo muss de CEO vun der Letz GmbH zimmlech déif an d’Knéie goen, wat ville Wieler – grad deenen, déi net op der Manif ze gesi waren- net enorm gefält. Et ass wuel gutt, datt den Effendi Luc en neien Ulaf wëll huele mat de Gewerkschaften, ma hie mécht dat elo aus enger geschwächter Positioun eraus. Den Image vun der schwaarz-bloer Regierung ass ugekraazt. Fairen Dialog ass ubruecht, ma d’Regierung muss Kapitän u Bord bleiwen.,…wann et muss sinn, géint d’Syndikater!

Den ‘ ale Luc’ sot ëmmer, et wier immens spannend, Politik ze maachen. Da soll dee ‘neie Luc’ dem Land weisen, wéi dat geet….

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *