Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Schnoken

Marc Thoma: Antimon-Minn zu Géisdref: E strategesche Schatz mat Potential. 

Marc Thoma: Antimon-Minn zu Géisdref: E strategesche Schatz mat Potential.

Am Kader vun der EU-Initiativ “Critical Raw Materials Act”, déi d’Zil huet, strategesch wichteg Rohmaterialien aus Europa ze sécheren, kéint Lëtzebuerg mat der Antimon-Minn zu Géisdref eng nei Roll am Rohstoffberäich spillen, huet RTL  gemellt. Antimon – e seelen Element dat hautdesdaags haaptsächlech an Batterien, Plastiks a militärescher Technologie benotzt gëtt – kéint do nees gefördert ginn. D’Reserve ginn op ronn 50 Mineralien am Site geschaat, dovu vill mat héijer strategescher Bedeitung.  De Marc Thoma hat sech scho virun e puer Joer fir dee Site mat der “seltener Erde” intresséiert an Recherchen um Terrain gemach.

Selten Erd  -Antimon . zu Géisdref

Am Dierfchen Géisdref – fréier Giesduerf genannt –, héich iwwert dem Sauerdall, gouf zanter Mënschegedenken no engem raren Erz, dem Antimon, gebuddelt. Op der  Plaz- genannt „op der Tonn“ – wat fir „Tumulus“ steet – si réeimesch Griewer an och Iwwerreschter vun enger réimescher Villa fonnt ginn. An och do  fënnt een nach ëmmer Spueren am  Buedem vu ganz ale vertikale Buerschächt.

De Lokalhistoriker John Mersch  „Si woussten och, eppes domadder unzefänken , et konnt als Legéierung mat Bläi a Koffer benotzt ginn  . D’Reimer  hu vill iwwer Erzverwendung, Erzschmëlzen a Schmieden gewosst.“

Marc Thoma

Fakt ass: Antimon war scho laang virun eiser Zäitrechnung bekannt a gouf an der Bronzezäit als Zousaz zum Koffer benotzt. Och d’Chinesen an d’Babylonier hu schonn Antimon kannt a benotzt  als Heel- an Schéinheetspolver. Et ass dofir net verwonnerlech, datt d’Reimer dee raren Erz och verschafft hunn.

Am Mëttelalter ass dat ganzt Wëssen deelweis verluer gaangen. Mee och am fréie Mëttelalter war bekannt, datt op de Koppen zu Géisdref e raren Erz am Buedem läit. De Lokalhistoriker John Mersch huet  och erausfonnt, datt Géisdref an ale Schrëften bei de Nopeschrittertümer vun Esch-Sauer, Buerschent, an Useldeng als  „Sëlwermine“  verklickert  gouf.

Jiddefalls ass schrëftlech beluecht, datt schonn 1354 eng Konzessioun fir Géisdrefer Minnen ausgestallt gi war. Am 16. an 17. Joerhonnert ass  Antimon och als Heelmëttel géint Syphilis, Pëscht, Lepra, Féiwer, Giicht an aner Krankheeten agesat ginn.  1683 huet de Schlasshär vun Esch-Sauer, den Alexis du Bost Moulin, op säi Schürfrecht zu Géisdref ausdrécklech higewisen: « …dans la terre d’Esch et autres lieux, les quelles patentes étant jusqu’à présent trouvées. »

Marc Thoma

Dofir gouf net nëmmen zu Géisdref, mee och an de Nopeschuertschaften no Antimon gesicht: an der Mensbaach bei Kaundorf, an der Schlierbaach tëscht Bitsch an Esch-Sauer, an och am Sauerdall tëscht der Rodlermillen an der Direbaach. Obwuel do Spueren fonnt goufen, war de Rendement net grouss genuch, sou datt Géisdref de wichtegste Standort bliwwen ass.

Fakt ass och, datt iwwer d’Joerhonnerten d’Besëtzer vun de Minnen dacks gewiesselt hunn an engem den anere  d’Stolleschlësselen an d’Hand gedréckt huet.

Am Industriezäitalter gouf den Antimon haaptsächlech am Bläisaz an der Dréckerei benotzt – eng Mëschung vu ronn 70 % Blei a bal 30 % Antimon.

Am 19. an 20. Joerhonnert waren et virun allem Firmen, Banken a finanziell staark Privatleit, déi d’Minnen exploitéiert hunn – bis 1939. Duerno hu si just nach als Attraktioun a Kuriosum gedéngt.

Mee zanter 2016 si Problemer entstanen: verschidde Stollen hu sech net méi gehalen, an d’Min huet misse zougemaach ginn. Zanterhier leien d’Antimon-Minnen am „Dornröschenschlof“, wéi de grousse Bewässerungsstollen. An dëse Grouwe fënnt een eng ganz speziell Atmosphär, wou ee bei all Schrëtt op Detailer stéisst, déi spierbar maachen, wéi ustrengend d’Aarbecht do gewiescht muss sinn. „ De Lokalhistoriker  Mersch : “ Et war eppes steenhaardes – an wat se deemools vläicht net esou gewosst hunn: et hat och e gewësse Prozentsaz u Gëftegkeet – haaptsächlech Arsen an Schwiefel.“

Den Antimon gouf och als Schminkpudder benotzt a gëtt nach haut als homeopathescht Mëttel agesat fir Hautkrankheeten ze behandelen  .

Marc Thoma

D’vertikal Schächter vun deelweis bis zu 70 Meter Déift an horizontal Stollen – bis zu fënnef iwwerteneen – weisen, datt hei vill lass war. Den Antimon gouf op Päerdsween an den Heischtergronn gefouert  an op der Plaz geschmolt, déi bis haut „op der Schmelz“ heescht. Duerno gouf en  op Päerdsunhänger gelueden an an d’Ausland transportéiert.

Nodeems d’Minnen 1938 zougemaach goufen, hu 1944 d’Preisen nach eng Kéier kuerz probéiert, se nees a Betrib ze huelen  fir den Antimon  a  Geschosser, analgemeng an der  Munitioun anzesetzen.

Haut gëtt dee raren Erz an der Autosindustrie, der Satellitte-Technik an och bei Handyen agesat.

De  Buergermeeschter Jean-Paul Mathay : “ Mir probéieren elo lues a lues erëm där ganzer Saach méi Dynamik ze ginn … en Deel opzemaachen a fir den Tourismus z’erwäerten … Et ass eng Freed, wann een esou en Attraktiounspunkt an der Gemeng huet.“

Marc Thoma

An grad elo  kéim esou e doudegen Tourismus – eng Aart Antimon-Renaissance – genee richteg … éier  den Trump op d’Iddi kënnt,  Géisdreff an d’Antimon Minnen  ze konfiskéieren ….an net ze vergiessen: 1935 hat Géisdref e Weltrekord  opgestallt mam gréissten Antimonblock vun 52 Kilo … deen do ausgebuddelt ginn ass.

Och an der historescher Serie “ et wor emol – Antimon ” op RTL Tëlee   kann een zwee Reportagen vum Marc Thoma  opruffen déi am Detail deen Antimon zu Géisdref behandelen.    

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *