Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Soziales

Caritas: et geet elo ëm d’Erhalen vun iwwer 300 Aarbechtsplazen! 

Caritas: et geet elo ëm d’Erhalen vun iwwer 300 Aarbechtsplazen!
ogbl.lu

Den OGBL war e Mëttwoch scho mam Personal vun der Caritas zesummekomm. Aus engem LW-Reportage geet ervir, datt et do mat Amenter héich hiergoung. Esou huet sech zum Beispill eng Fra eräifert, datt et an dëse schwieregen Zäiten drëm geet, sech fir d’Aarbechtsplazen anzesetzen an et net drëm geet, fir den OGBL ze kämpfen. D’Fra gouf dorobber hin vu verschiddenen aneren ausgebut, ma hir Interventioun huet mech dach stutzeg gemaach. Am Ënnertoun huet déi Fra jo wuel gemengt: d’Gewerkschaft setzt sech net onbedéngt fir d’Personal an, ma probéiert éischter Kapital fir sech selwer erauszeschloen.

Déi nei Struktur déi d’Finanzen nees wëll an d’Gläichgewiicht kréien, nennt sech HUT (Hëllef um Terrain). Si iwwerhëlt de groussen Deel vun den aktuellen 350 Salariés- ausser déi, déi am Ausland schaffen, also aktiv sinn an der internationaler Kooperatioun. Déi aner sollen all hir sozial Acquise kënne behalen a kréichen esou guer als Kiischt um Kuch een 13. Mount ausbezuelt. Héiert sech dach gutt un!

Firwat also seet den OGBL-Zentralsekretär Suljic ëmmer nees: “Et geet duer! Mi kënnen net esou weiderfueren“? Wat läit him um Mo? Schonn aus der Versammlung um Mëttwoch konnt een erausliesen, datt den OGBL zwar déi absolutt dominant Gewerkschaft bei der Caritas ass, an nawell net d’Unanimitéit ënner dem Salariat huet. Déi ablécklech Personaldelegatioun besteet zu 100 Prozent aus OGBL-Leit.

Esou wéi d’Gesetz et virgesäit, missten an där neier HUT-Struktur bannent engem Joer Sozialwahlen organiséiert ginn, a grad do léich d’Kromm an der Heck. De Syndikat wier sech bewosst, datt déi Wahlen net onbedéngt zu senge Gonschte géingen ausfalen a géif elo vun der Geleeënheet profitéieren, seng eegen Zëppchen ze kachen. Wat natierlech eng zolidd Beschëllegung ass, déi een net einfach esou schwaarz op wäiss confirméiert kritt. Ma ganz vun der Heck schéngt se net gepléckt ze sinn.

wort.lu

Eleng de Fait, datt um Mëttwoch just déck iwwer 100 Mataarbechter op där Versammlung derbäi waren, seet schonn eppes aus. An ënnert deenen 100 war déi eng oder aner kritesch Stëmm vis-à-vis vum OGBL; e Freideg dann war OGBL-Tamtam virun der Chamber, mat nach emol knapp 100 Manifestanten. Déi Participatioun war esou schlecht net, ma et muss een virun Ae behalen, dat et ëm d’Erhalen vun 300 Aarbechtsplaze geet! Datt de Gewerkschaftssekretär eng moer Kommunikatioun vun den H.U.T-Leit kritiséiert, ass an der Rei, ma trotzdeem just fir d’Galerie.

Déi kleng Demo war op engem Freideg, um Weekend ass wuel kaum vill passéiert, sou datt d’Mataarbechter haut um Méindeg nawell virun der Décisioun stinn: ënnerschreiwen oder net ënnerschreiwen? Ugeholl, si refuséieren en bloc den neie Kontrakt. Feiert den OGBL dat dann als Erfolleg?!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *