Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

D’Wiel vum Engel bedeit e Schlussstréch fir d’Aera Wiseler! 

D’Wiel vum Engel bedeit e Schlussstréch fir d’Aera Wiseler!
image credits:CSV

De Frank Engel gouf neelech neie Parteipresident. Dat konnt net aaneschters sinn bei zwee Kandidaten, déi an d’Course goungen. Datt hien et gouf, an net de Serge Wilmes, ass fir déi konservativ Partei wéi e klengt Aerdbiewen. Do hu vill Delegéiert aus Frust gewielt, d’Wonne wolle lecken vun der leschter Néierlag. Ennert hinnen der vill, déi aus engem Bauchgefill géint den “weider esou” gewielt hunn, enttäuscht, zum Deel rosen iwwer d’Wahlcampagne 2018. Et héiert een allerdéngs och Stëmmen aus der Partei, déi entsaat sinn, datt d’Partei elo vum Frank Engel soll dirigéiert ginn! Deen een oder aneren denkt driwwer no, d’Partei ze verloossen. Dat bleiwt ofzewaarden, schliisslech soll een deem neie Mann eng Chance loossen.

image credits: RTL

AM RTL-Interview sot hien de Moien, datt hie sech drëm beméit, déi aner matanzebannen; domatter mengt hien net nëmmen de Serge Wilmes, ma virun allem déi 46 Prozent, déi net fir hien gestëmmt hunn. Do läit d’Kromm an der Heck! Geléngt dat dem Mann mat der flénker Zong? Oder ass sech net éischter eng Frontalkollisioun ze erwaarden tëscht dem Parteipresident an der CSV-Fraktioun? Well, et ass sech kaum ze erwaarden, datt d’Deputéierten direkt wäerten no senger Päif danzen. Schliisslech huet déi gréissten Oppositiounspartei zanter 48 Stonnen fir d’éischte Kéier e President ouni politescht Mandat, wann ee mol derfunner ofgesäit, datt den Engel nach e puer Méint am Europaparlament siegéiert.De politesche Spillraum ass net esou grouss fir hien, besonnesch, wann een den EGO vun deem engen oder anere Volleksvertrieder kennt! An de Mann dreemt elo schonn, Spëtzekandidat fir déi nächst Wahlen ze ginn. Um 100,7 soot hien:”D’Iddi, fir als Spëtzekandidat bei Chamberwahlen unzetrieden ass mir net komplett friem”. Hien huet et direkt drop zwar relativéiert, ma d’Martine Hansen als Fraktiounscheftaine weess, wat op si duerkënnt. Den Engel hätt besser gehaat, do de Mond ze halen, well, ween héich klëmmt, deen héich fällt!

Den neie Mann ass tatsächlech eckeg a kanteg; hie schwätzt eng méi direkt Sprooch. Bleiwt ofzewaarden, wéi kräfteg déi Sprooch wäert ausfalen, well just zur Erënnerung: CSV ass eng konservativ Partei. Dem Phenomän JUNCKER nozeäiferen ass e geféierlecht Spill! An ass deen nei opgestallten Nationalcomité staark genuch, deen neie President an der Gitt ze halen. Am Mee sinn Europawahlen: éischt Prouf fir d’CSV…an och fir den Engel!

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *