Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Gesondheet

Apdikten an der rupture de stock 

Apdikten an der rupture de stock
Photo de cottonbro: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/femme-verre-porter-medicament-8667536/

Ech hunn net schlecht gestaunt wéi mir där Deeg en Apdikter sot: vun dräi Ordonnancen ass an der Reegel ëmmer eng dobäi wou ech de Leit muss soen, datt d’Medikament en rupture de stock ass! Wourunner dat da läit, wollt ech wëssen an hu mech beléiere gelooss. Natierlech de Problem mat China an Indien, natierlech deen vun de Livraisounsschwieregkeeten, ma awer och a virun allem den Drock vun der Krankekeess, d’Präisser an de Keller ze drécken! Pardong?

Ass et net d’Pharmaindustrie déi d’Präisser diktéiert? Wat huet do eng kleng CNS ze radetten? Den Apdikter gouf mir d’Explikatioun.

Wann en neie pharmazeutesche Produit erauskënnt, sëtzen d’Pëllendréier um laangen Hiewel. Da sinn si et, déi diktéieren a loossen et och deementspriechend fluppen. Bei ale Medikamenter, déi also schonn méi laang um Marché sinn, ass et ëmgedréit an d’Krankekeesen huelen hir Revanche. An esou huet den Apdikter d’Beispill geholl vum Paracetamol fir kleng Kanner, also a Form vu Sirop.

Photo de cottonbro: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/femme-bouteilles-piece-porter-8657372/

12 Fabrikanten goufen kontaktéiert, an am Laf vun de Verhandlungen gouf sech op e Präis vun 1€20 gëeenegt. Vun deenen 12 Fabrikanten sinn der 10 ofgesprongen. Ganzer 2 sinn iwwereg bliwwen, déi bereet waren fir esou en nidderege Präis ze liwweren. De Fall gesat, vill Kënnercher ginn beieneen krank, hunn Schnapp an Houscht, kënnen net schlofen, da jurren Papp a Mamm an d’Apdikt a kafe Literweis Sirop. Déi zwee Fabrikanten sinn iwwerfuerdert, kommen net no mat produzéieren. Rupture de stock!

D’Krankekeesen spillen deemno duerchaus eng Roll an der Opstellung vun de Präisser. Wann also d’Regaler an den Apdikten op verschiddene Produiten eidel sinn, geet dat och op hir Verantwortung. Doriwwer schwätzt natierlech kee Gesondheetsminister gären. Hie misst nämlech zouginn, datt duerch seng Politik – nämlech d’Präisser aus Renditt-Grënn esou niddereg ewéi méiglech ze halen- sech d’Kaz selwer an de Schwanz bäisst!

Als Erënnerung: virun 20 Méint, matzen an der Pandemie, goung och vill Rieds vu Medikamenter, déi net méi ze kréie waren. Et gouf mam Fanger op China an Indie gewisen, déi wéinst dem Covid-Virus iwwerfuedert waren. Angela Merkel, Makron a Kompanie waren sech eens: d’Produktioun vu Medikamenter gëtt an Zukunft net méi esou vill un aner Länner geoutsourced, ma d’Pëllen ginn nees an Europa selwer hiergestallt. Net méi ewéi richteg! A firwat héiert een näischt méi dovunner?

D’Explikatioun läit op en Neits bei den Onkäschten. E Produit deen an Europa produzéiert gëtt, kascht bedeitend méi deier ewéi a China oder Indien. An europäesch Fabrikanten loossen sech net esou ënnerbotteren ewéi déi aus engem Entwécklungsland. An anere Wieder: loosse mir roueg d’Chineesen weider d’Pëllen dréien, well wann alles aus Europa kënnt, bedeit dat eng substantiell Hausse vun den Ausgaben fir eis CNS. Also pscht! Léiwer net dovunner schwätzen.

Deet mir leed. En rupture de stock! Deen nächste wannechgelift….

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *