Recent Posts

Post Categories

De Selfist Xavier Bettel 
De Xavier Bettel ass e Phenomeen fir sech. Hie schwätzt mat de Leit wéi wann hien mat hinnen alleguer an...
TNS-ILRES: Wiedergespills mat den Zuelen? 
D’TNS-Ilres entléisst d’CSV mat e puer Datzen an d’Vakanz. Déi konservativ Ministeren kommen am leschte POLITMONITOR gréisstendeels net gutt ewech,...
D’Elektrescht steet ënner Stroum 
Jidderee mécht esou seng Rechnung. Ech zum Beispill hunn an der Kichen 8 Halogene-Luuchten géint 8 LED ersat. Déi nei...
Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...

Blog Post

Divers

Marc Thoma op apart tv: Drama vu Lausduer mat Interview mat zwee Affekoten 

Marc Thoma op apart tv: Drama vu Lausduer mat Interview mat zwee Affekoten
Marc Thoma/Steve Nilles

      

Op de Geriichter huet déi lescht 10 Deeg den Drama vu Lausduer dominéiert. Viru 4 Joer hat et jo op där Plaz eng course-poursuite vun der Police ginn. Déi Uniforméiert wollten engem verdächtegen Auto op der Wemperhaart hannendru fueren, kuerz drop- hanner Wäiswampech- koum et zu dem déidlechen Ongléck: d’Polizisten wollten mat hirem Auto d’Kéier maachen a goufen dobäi vun enger Polissecamionette gerammt, déi mat héijer Vitesse ënnerwee war.

Marc Thoma/Steve Nilles

E Polizist vun 39 Joer koum dobäi ëm d’Liewen, eng weiblech Kolleegin gouf schwéier blesséiert. E mënschlechen Drama bannent e puer Sekonnen! Wien ass schëlleg oder mat-schëlleg? De Verdikt fält eréischt am Hierscht.

De Marc Thoma huet sech op apart tv och fir dësen dach aussergewéinlechen Tëschefall interesséiert. Hien huet a sengem Reportage ënner anerem e längeren Interview mam Maître Trixi Lanners a mam Maître Dan Baulisch. Säi Reportage ass elo och op dëser Websäit ze gesinn.

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *