Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Ëmwelt

Lëtzebuerg op Spuerflämmchen? 

Lëtzebuerg op Spuerflämmchen?
pexels-pixabay

Déi ganz Europäesch Unioun ass an engem deegleche Kampf fir méi Gas, méi Stroum, méi Onofhängegkeet vu Russland. Tatsächlech déi ganz Unioun? Neen! Ee Land resistéiert an dëser allgemenger Hysterie: Lëtzebuerg! Dat klengt Land huet keng grouss Problemer. Op d’mannst mécht et esou wéi wann. Dobäi huet d’Spiral vun der Präisdeierecht schonn zejoert ugefaangen ze dréien.

De Bäcker gouf genéidegt, méi kleng Bréidercher ze baken well Miel, Ueleg, Schockela, Botter asw méi deier goufen. Am Restaurant goung d’Gréisst vun der Séizong vu Medium erof op Small. Mat deem klenge Gefuddels kënnen d’Präisser eenegermoossen gehale ginn, dem Client fällt et net onbedéngt op. Mol ofwaarden wéi laang datt dat gutt geet. Mam Krich schéissen elo d’Präisser vu Gas a Stroum duerch de Plaffong, deementspriechend huet de Minister Claude Turmes säi Vokabulär mussen änneren.

Viru Wochen war säi Message nach: keng Panik op der Titanik. Mir wäerten laanscht gréisser Problemer kommen. Am leschte Background op Radio Lëtzebuerg awer huet de Minister en Appell un d’Leit gemaach, och doheem Energie ze spueren, an zwar fir datt d’Industrie ka weider fonktionéieren. Also, wann den Robert Habeck an Däitschland seet: “nicht zu viel duschen”, heescht dat zu Lëtzebuerg “net ze vill Rubbarbstaart baken”. De Message ass wuel richteg – schliisslech muss jo gespuert ginn!-, ma de Minister huet d’Kéier zimmlech zackeg geholl.

mir kréien de Gas zu 4 Fënneftel aus der Belsch, de Rescht aus Däitschland. De Message war bis dohinner: dat si Länner deene kann ee vertrauen. Ma ausgerechent déi Länner hunn elo grouss Schwieregkeeten, hier eegen Gas-Reserven fir de Wanter opzestocken. Déi belsch liberal Deputéierten Marie-Christine Marghem geet esou guer dovunner aus, datt hiert Land no der Summervakanz a Punkto Stroum wäert rationéiert ginn.

Photo de Pixabay: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/low-angle-view-de-la-tour-eclairee-contre-le-ciel-la-nuit-327041/

Op 7sur7 seet si: “Les écolos belges suivent le modèle allemand qui montre ses limites: plus il y a de renouvelable, plus il faut de gaz. Vu la situation des prix aggravée par le conflit armé, l’Europe, et donc la Belgique, seront rationnés sans parler des difficultés financières énormes à affronter.” An der Dernière Heure huet si nach eng drop gesat: “Vous allez voir en septembre-octobre. Les gens (…) ne sauront pas payer leurs factures. Notre consommation de gaz va être rationnée, aussi bien pour les entreprises que pour les citoyens. Puisque la ministre veut faire de l’électricité avec du gaz, on va aussi être rationnés en électricité”.

Héiert sech net onbedéngt berouegend un fir e Land, aus deem mir Lëtzebuerger 80 Prozent vum Gas importéieren. D’Belsch kritt iwwer Pipelines de Gas aus Norwegen (8,8 Mio Tonnen), aus Holland ( 8,5 Mio Tonnen) an aus Groussbritannien. An der Europäescher Unioun ass virgesinn, datt d’Länner sech géigesäiteg hëllefen, fir de Fall wou si Problemer hunn mat der Energieversuergung. Et kéint also sinn, datt d’Belsch Gas un Däitschland liwwere muss, Gas, deen dann am eegene Land feelt fir d’Stroumproduktioun. Déi däitsch Reserven sinn dësen Ablack bis zu (nëmmen) 65 Prozent opgestockt!

Déisäits der Musel huet iwwregens eng interessant Diskussioun ugefaangen: wa muss rationéiert ginn, bei wiem gëtt domadder ugefaangen? Bis ewell housch et ëmmer, datt d’Privatstéit u leschter Plaz un der Rei wieren. Dat huet een net onbedéngt musse gleewen. De Wirtschaftsminister Robert Habeck huet sech dësen Dënschdeg géint den Energieminister Robert Habeck duerchgesat: wat méecht et fir e Sënn, wann de Bierger schuckeleg waarm doheem sëtzt an d’Industrie kann net schaffen, well et un Energie feelt?

Et soll wuel keen a senger Wunnecht schnadderen, ma wann de Putin de Krunn tatsächlech zoudréit, dann ass dat jo kaum just fir e puer Wochen de Fall, ma fir Méint, an da mussen d’Privatleit och zur Oder gelooss ginn!

Den Turmes schwätzt op alle Fall zanter 10 Deeg och vun engem warscheinlech haarde Wanter. No der Vakanz wëll d’Regierung mat enger grousser Campagne kommen fir eis ze sensibiliséieren, e bësselche lues ze fueren mat der Energie. An der Emissioun Background koum als Beispill d’Klima-Anlagen.

Photo de Rachel Claire: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/ville-restaurant-gens-rue-4997807/

Wann déi Gréng sech selwer trei wären, missten si d’Klimmen verbidden, d’nämmlecht ewéi si et mat den Hëtz-Champignonen op den Terrassen vu Café a Restaurant verlaangen an a Frankräich schonn op ville Plazen (leider) duerchgezunn hunn. Wien an den nächsten Deeg de Bus hëlt oder an e Geschäft geet, riskéiert eng fatzeg Erkältung ze kréien. Bronchitten am Summer sinn zu engem absolutt groussen Deel op d’Klima-Anlagen zeréckzeféieren: baussen 35 Grad, bannenan 15, e Keeltschock wou engem d’Zéiwenneel sech oprullen!

Regierungscampagne no der Rentrée? Näischt ze fréi, well et spuert sech am einfachsten an där Joresperiod wou et waarm ass! Ma villäicht kënnt  alles dach nach méi séier. En Dënschdeg ass eng Sëtzung vun der parlamentarescher Energiekommissioun zesumme mat där vun der Ekonomie. Et wär allemol eng gutt Geleeënheet esou kuerz virun der politescher Vakanz nächst politesch Jalonen ze setzen. Et héiert een aus Regierungskreesser, datt een den Ament net esou zefridden ass mat der Leeschtung Turmes. Et geet ëm net méi an net manner ewéi d’Land op onsécher Zäiten virzebereeden. Firwat sollen déi manner haart ausfalen wéi bei den Noper?! D’Zil ass bekannt, eleng, et feelt nach de Wee bis dohinner.

Related posts

1 Comment

  1. Phil

    Iergendwéi, wann een sech déi ganz Energieversorgungkris mol op der Zong zergoen léisst, kennt een zur Conclusioun dass et vun den westlechen Acteuren selwer induzéiert ass.
    Säit der Ouverture vun Nord Stream l am Joer 2011 huet sech d’Putin-Schroeder AG dach als verlässlechen Partner am Ravitaillement mat Gas gewissen. Ganz am contraire zu där aler Pipeline déi duerch Weissrussland an eben och duerch d’Ukraine gangen ass, an wou et méi wéi eng Kéier Buttek wéinst illegalem Ofzapen, Blockaden an net ofgeschwaten Präisdeierechten komm ass. Entretemps huet d’europäesch Klientel et sech gutt goen gelos an huet gemengt, dass sie hir Atomkraftwierker net méi bräichten. Besonnesch déi al Kanzlerin Merkel, mat tatkräfteger “grénger” Hëllef, huet hirt Volk regelrecht an Panik, Angst und Schrecken versat wéi 2011 d’Accident zu Fukoshima an Japan geschitt ass – ausgeléisst duerch meteorologesch Phänomener un enger Technologie déi et hei net gin an och net zur Verwendung kommen. Was soll’s, mir hun jo den propperen russeschen Gas. Vorwärts Leute, schalten wir die Atomdinger ab!
    Op Grond vum Amarsch vun den russeschen Truppen an d’Ukraine hun déi zwee däitsch politesch “Greenhorns” (!) Baerbock an Habeck sech virun d’Kar gespaant an hun dem Putin gesot “Vlad, mir wëllen dein Gas net méi!” En plus hun sie iwwert eng Mme. VDL vu Bréissel de Recht vun der EU an hirer Sanktionseuphorie matgerappt ouni mol déi aner ze froen. Dir hutt gefällegst matzemachen! An där Situatioun ass dat genau esou wéi wann ech zou mengem Bäcker géif soen “Hé Bäcker, ech well déi Broud net méi” ouni awer en aneren Bäcker ze kennen bei deen ech kéint kafen goen – an en plus, och nach dat selwecht vun mengem Noper verlangen!
    Kurioserweis, wann een esou am Atlas kuckt, sin déi meescht Länner déi Buedemschätz hun keng Demokratien esou wéi mir et kennen. Do ass Saudi-Arabien, do ass China, de Qatar, Nigeria, Venezuela… esouguer Algerien wou onsen Jang Asselborn kierzlech hinpedaléiert ass fir Gas ze kafen – och den Här Macron huet do um Tapis e Knéifall gemat, genau esou wéi den Här Habeck am Qatar. Wat soll dat Gedeesems? Wär et net besser, am Plaz sech energetesch ze selbstkasteien, Nord Stream ll opzemachen an esou dee ganzen Schlamassel évitéieren? Fuederungen diesbezüglech leien um Dësch. Mä do wär och den Här Scholz gefrot, dee misst do mol Kloertext schwätzen, mä dat ass net grad seng Stärkt.

    Fazit: Wann ech mat mengem Bäcker sengem Broud zefridden sin, gin ech primordial weider do kafen… och wann ech wees, dass hien Buttek mat senger Fra huet.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *