Recent Posts

Post Categories

De Selfist Xavier Bettel 
De Xavier Bettel ass e Phenomeen fir sech. Hie schwätzt mat de Leit wéi wann hien mat hinnen alleguer an...
TNS-ILRES: Wiedergespills mat den Zuelen? 
D’TNS-Ilres entléisst d’CSV mat e puer Datzen an d’Vakanz. Déi konservativ Ministeren kommen am leschte POLITMONITOR gréisstendeels net gutt ewech,...
D’Elektrescht steet ënner Stroum 
Jidderee mécht esou seng Rechnung. Ech zum Beispill hunn an der Kichen 8 Halogene-Luuchten géint 8 LED ersat. Déi nei...
Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...

Blog Post

Gesellschaft

Marc Thoma op apart tv: suivi an der causa Schneider 

Marc Thoma op apart tv: suivi an der causa Schneider
image credits: Marc Thoma

      

De Frank Schneider gouf virun iwwer engem Joer a Frankräich vun de Gendaarmen festgeholl op Demande aus den USA. Zanter e puer Méint däerf hien a sengem Haus a Frankräich heivir op der Grenz wunnen, muss awer permanent eng Foussfessel droen.

picture credits: Marc Thoma

 

De Mann soll un Amerika ausgeliwwert ginn an do de Prozess gemaach kréien. Mam amerikanesche Justizsystem riskéiert hien do liewenslänglech. De fréiere SREL-Spioun ass sech dees bewosst a wiert sech mat Hänn a Féiss dogéint.

Laang Méint huet säi Fall keen zu Lëtzebuerg interesséiert, weder d’Justiz, nach d’Politik, vun der Press net ze schwätzen. Bis viru Kuerzem. Du koum Beweegung an de politesche Karussell, mat enger Interventioun an der Chamber vum CSV-Deputéierten Laurent Mosar.

image credits: Marc Thoma

Ass de Mann schëlleg oder net? Dat muss sech an engem Prozess weisen, awer dann zu Lëtzebuerg! Et geet ëm de Prinzip, och ëm deen, datt Lëtzebuerg eng Verflichtung huet vis-à-vis vu senge Bierger. De Frank Schneider wunnt zwar a Frankräich, ass awer Lëtzebuerger an huet eng Sécherheetsgesellschaft am Grand-Duché.

De Marc Thoma ass op apart tv op d’Causa Schneider zeréckkomm. D’Interventioun Mosar an der Chamber plus en Exklusiv-Interview, d’Reaktioun vun der Justizministesch Sam Tanson an och en Interview mam Protagonist Frank Schneider selwer.

Vill Spaass beim Kucken a Lauschteren.

 

 

Related posts

1 Comment

  1. Jean

    Ganz schwachen optrett vun der regierung…besonnesch den ausseminister dee jo permanent de mond grouss oprappt betreffend salvini,erdogan,putin oder orban fennt zu engem Letzeburger bierger dee sech am ausland an der bredouille befennt kaum eppes ze soen.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *