Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Vertrauen an d’Politik ass gutt, Kontroll ass besser 

Vertrauen an d’Politik ass gutt, Kontroll ass besser
gouvernement.lu

 

Fir déi eng ass et eng Jugendsënn, fir déi aner ass et dat totaalt Gefuddels. Déi eng kucken also beim Staatsminister sengem Plagéieren duerch d’Fanger, déi aner sinn der Meenung, datt de Mann misst demissionnéieren. Et gëtt elo de Verdikt ofgewaart vun der Universitéit vun Nanzeg: fällt hien haart aus, ass et wuel och eng an d’Genéck fir d’Uni selwer. Ma, egal wéi och ëmmer, de Xavier Bettel steet extreem domm do, op Lëtzebuergesch gesot: wéi e bepisstent Hong!

Ech ginn net dovunner aus, datt de Mann sech aus der Politik zeréckzitt. Hie bleift Premier zu Lëtzebuerg, mat allerdéngs kaum Chancen spéiderhinn eng Aarbecht op der internationaler (europäescher) Bün ze kréien. Och wann hien net demissionnéiert, esou ass dach näischt méi wéi virdrun: de Mann ass politesch ugeschloen.

Ugeholl, de Mann zitt tatsächlech Konsequenzen aus sengem zwar uerge Feeler, deen awer 20 Joer zeréckläit, wien géif dann de Leadership iwwerhuelen? Och bei der DP ass d’Personaldecken zimmlech niddereg! Claude Meisch a Corinne Cahen si verbrannt, de Pierre Gramegna ass e gudden Technokrat, geréiert d’Finanzen excellent , ma huet vu Politik keng Anung.

Hoffnungsschimmer ass de Lex Delles, ma deen huet nach ze wéineg Erfarung. Bléif nach d’Lydie Polfer. D’Madamm aus der Stad mécht zënter bäino 40 Joer Politik, en “alen” Hues also. Op déi Manéier kéint och de Wee opgoen fir d’Corinne Cahen, déi sech an der Lescht verdächteg vill um Stater Makadamm weist, fir – esou oder esou- an d’Märei kënnen anzezéien.

Domadder maachen ech déi politesch Klamer zou- obwuel, nach net ganz. All Journalist stellt sech an esou Situatiounen d’Fro vum cui bono. A qui profite le crime? Well dee Plagiatsvierworf kënnt engem politesche Mord gläich, op d’mannst engem Ruffmord! Wien huet de Journalisten d’Info zougestach, datt de Student Bettel virun 22 Joer dichteg geknäipt huet? Wat waren seng Motiver? Hat déi Persoun nach eng Rechnung beim Premier opstoen? Woumadder rechent si elo, wou de Staatsminister ugeschloen ass?

och déi Froen muss sech d’Press stellen. De Xavier Bettel huet sech ouni Zweifel als Student radikal donieft beholl. De reporter.lu schreift: 2382 der auf den sechs Seiten befindlichen 2520 Wörter stammen nicht aus der Feder des Autors! Esou krasst Knäipen ass kee Kavaléiersdelikt! Ass awer domatter d’Onéierlechkeet souzesoen a senger DNA agebrannt? Aus menger Jugendzäit kennen ech Leit, déi als Student reegelméisseg iwwer den Duuscht gedronk, massiv gekifft hunn an déi Joren drop Bankdirekter waren, Affekot, Riichter, also brav an éierbar Bierger.

Ëmgedréit ass (leider) grad esou wouer. Ma déi zwou Richtungen weisen, datt de Mënsch sech duerchaus kann änneren. Dem Student Bëttel säi Plagiat läit esou laang zeréck – 22 Joer!-, datt een domadder keng politesch Konsequenzen kann afuerderen. Et ass vill éischter  un der politescher Oppositioun – an och un der Press-, d’Persoun Bettel ze observéieren, op politesche Punkten festzeneelen an him deen Ament  politesch Onéierlechkeet nozeweisen…an esou fären een an der Politik vun Éierlechkeet ka schwätzen.

De Bettel ass keen Dokumenten-Tiger, hie schafft sech net gären an d’Matière eran, ass bekannt fir seng Iwwerflächlechkeet. Dat ass geféierlech, grad an dësen Zäiten! An et gouf déi lescht Woch – wéi den Zoufall et nun ebe wëll- eng weider penibel Situatioun, déi awer am Pressebësch zu bedeitend manner Echoen gefouert huet, ewéi d’Plagiatsgeschicht.

Ausgerechent den Henri Kox huet dem Bettel seng rezent Aussoen musse korrigéieren. De Premier hat nämlech a senger Ried iwwer den Zoustand vum Land frisch-fromm-fröhlich ugekënnegt: Bis 2025 sollen déi ëffentlech Bauträger 8200 zousätzlech Logementer bauen. Wow! 2050 all Joer! Den CSV-Deputéierten Marc Lies huet sech de Blatz aus den Aen geriwwen a beim Logementsminister nogefrot.

Beim Kox senger Äntwert bleiwen engem d’Aen definitiv opstoen. Déi iwwer 8000 Wunnechten wiere konventionéiert, dat heescht, déi stinn an engem Programm niddergeschriwwen, an déi Wunnengen déi ginn dann an den nächsten 5, 10, 15 oder 20 Joer gebaut awer definitiv net bis 2025. Dat ass vum Prakteschen hir och guer net méiglech! Wann een also d’échéance hëllt vum Joer 2041, da kënnt een op 410 Logementer, déi zousätzlech pro Joer gebaut ginn!

Xavier Bettel, tricky Dick? Esou wéi an der Zäit den amerikanesche President Richard Nixon genannt gouf? Bewosst gelunn oder awer einfach mol esou eppes an d’Welt gesat? Et ass allemol un esou Aussoen, wou de Staatsminister soll gemooss, jugéiert ginn, also och gewielt ginn oder net. D’Plagiatsgeschicht geet just duer, fir hien ze blaméieren…ma villäicht goung et jo just dorëmm!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *