Recent Posts

Post Categories

De Selfist Xavier Bettel 
De Xavier Bettel ass e Phenomeen fir sech. Hie schwätzt mat de Leit wéi wann hien mat hinnen alleguer an...
TNS-ILRES: Wiedergespills mat den Zuelen? 
D’TNS-Ilres entléisst d’CSV mat e puer Datzen an d’Vakanz. Déi konservativ Ministeren kommen am leschte POLITMONITOR gréisstendeels net gutt ewech,...
D’Elektrescht steet ënner Stroum 
Jidderee mécht esou seng Rechnung. Ech zum Beispill hunn an der Kichen 8 Halogene-Luuchten géint 8 LED ersat. Déi nei...
Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...

Blog Post

Gesellschaft

Lëtzebuerger Polizisten ginn an Däitschland prioritär geimpft! 

Lëtzebuerger Polizisten ginn an Däitschland prioritär geimpft!
Image par torstensimon de Pixabay

Beim ablécklechen Abrëllswieder schéisst de Wues esou séier an d’Luucht wéi Spargelen. Ech war just fäerdeg mat Méien, wéi a menger Bréifkëscht um Laptop eng parlamentaresch Fro vun der CSV era geflattert koum. An zwar wëll den Deputéierten Laurent Mosar vu Lëtzebuerger Poliziste wëssen, déi zwar hei schaffen, ma an Däitschland wunnen, datt si vun den däitschen Autoritéiten ugeschriwwe goufen mat der Propose, si prioritär ze impfen!

 

Dat ass natierlech Waasser op d’Millen vun der Policegewerkschaft a vun der CGFP! Déi leschte Wochen hat d’Statsbeamtegewerkschaft dorobber gepocht an nach de Moien war de Romain Wolff op RTL der Meenung, déi Uniforméiert missten éischter vaccinéiert ginn wéi anerer. Vun der Regierung awer koum ëmmer e Refus. Elo steet si zimmlech domm do.

Ënnert de Poliziste selwer kann duerchaus Impfnäid entstoen. Déi däitsch Autoritéiten hunn ongewollt d’Regierung an d’Bredouille bruecht. Et däerf een op d’Äntwert vun de Ministere gespaant sinn, ma wann si méi ewéi e puer Deeg op sech waarde léisst, wëssen déi Uniforméiert Bescheed.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *