Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesondheet

Pandemie: déi politesch Gewënner a Verléierer 

Pandemie: déi politesch Gewënner a Verléierer
Image par Sasin Tipchai de Pixabay

Et war vu vir eran kloer: wien un de Schalthiewelen vun der Muecht sëtzt, kann duerch d’Gestioun vun der Kris am meeschten u Popularitéit gewannen….a grad esou verléieren. En attendant d’Kris no der Kris muss ee feststellen, datt Gambia de Match esou schlecht net gespillt huet, am Verglach mat den Nopeschlänner esouguer excellent. Trotzdeem ginn et Ënnerscheeder tëscht de Regierungsparteien an tëscht den eenzelne Ministeren.

Grousse Gewënner ass d’Gesondheetsministesch. D’Paulette Lenert kritt enorm vill Sympathien aus der Populatioun fir hire perséinlechen Asaz. Si rett domadder zugläich d’LSAP virun der politescher Bedeitungslosegkeet. Obwuel, d’Genossen hu sech och kee gréissere faux-pas geleescht, wann ee mol vun der Bauzegkeet ofgesäit vum Dan Kersch vis-à-vis vun den Independanten. De sozialistesche Vizepremier servéiert zanterhier seng Clientèle, de Wirtschaftsminister Franz Fayot huet sech net ze vill gemuckst, sou datt och him keng krass Feeler virzegeheie sinn, an de Mars di Bartolomeo bleift als Rapporteur vu ville Pandemiegesetzer eng valeur sûre.

Bei deene Gréngen ass den Tour séier gemaach. Keen eenzegen vun hire Ministèren ass direkt vun der ablécklecher Kris betraff,  de politeschen Enjeu ass fir si deemno extreem begrenzt. Si spillen Tram, fuere Vëlo -mat Batterie!- a stinn trei zu der Regierung. Méi komplizéiert ass d’Bewäertung vun der gréisster Regierungspartei.

D’DP profitéiert automatesch vum Staatsminister-Bonus. De Kapitän steiert d’Land duerch ongemitterlecht Waasser. Bis ewell goung zwar bei wäitem net alles riicht aus, ma dach villes, de Xavier Bettel huet sech a breede Kreesser vun der Bevëlkerung net onbeléift gemaach a konnt u Popularitéit Punkte gutt maachen. Säi Mëttelstandsminister Lex Delles huet propper Aarbecht hannerlooss grad ewéi de Finanzminister Pierre Gramegna.

Verwurrelt gëtt et beim Educatiounsminister. Ouni deem seng Masken- an Teststrategie an de Schoulen am Detail ze analyséieren: de Claude Meisch konnt déi Partie an der Populatioun bal nëmme verléieren! Wann et ëm déi eege Kanner geet, kennen d’Elteren kee Pardong! Jiddereen ass da fir sech Schoulminister. Derbäi kënnt, datt de Mann net grad de Ruff huet als grousse Kommunikator. Nëmmen wat op der eegener Mëscht wiisst, ass gutt!No mir, d’Sinnflut! Gespréicher mat Gewerkschaften an Elterevertriedungen si just lästeg. De Meisch ass ee vun de politesche Verléierer a muss dofir och eleng d’Verantwortung iwwerhuelen.

Gréissten Affer ass allerdéngs d’Familljeministesch.

image credits: gouvernement.lu

An den Altersheemer sinn eng 340 Persounen ” un oder mam Corona” gestuerwen, an d’Madamm Cahen huet extreem spéit reagéiert. Déi gesamt Oppositioun um Krautmaart huet hir Demissioun verlaangt. Et héiert een aus hierem Ëmfeld, datt si sech pickéiert fillt, well och eng bis dohinner brav CSV sech hannert déi Fuerderung gestalt huet. Kann ee verstoen, si ass doduercher ugeschloen, an dat kann Konsequenzen hunn fir hier Zukunft.

D’Madamm Cahen luusst nämlech zanter ronn 2 Joer op de stater Knuedler. Als stater Meedchen, als stater Geschäftsfra, als fréier Presidentin vum stater Geschäftsverband gesäit si sech als Ierwinn vun der Lydie Polfer um Stull als Buergermeeschtesch. Geschwächt duerch d’Kollateralschied vun der Pandemie wäert si op d’mannst an den nächste Méint méi kleng Bréidercher baken, d’Wonschdenken bleift en Dram.

An d’Oppositioun an deem Ganzen? Grad eng CSV konnt an deem Gruewekrich géint de Virus net vill un Terrain bäi gewannen. Bedauerlecherweis war si besonnesch déi leschte Méint vil mat sech selwer beschäftegt. Hiere fréieren Obermufti Juncker huet an der RTL-Emissioun Background gegranzt, datt hien bis ewell net vun de Parteikolleegen ëm säi Rot gefrot gi war. Säi Verdikt allerdéngs war kloer: d’Partei agéiert wéi eng erwuesse Persoun mat post -pubertäre Reaktiounen. Dat seet genuch! Pas content, César. Eigentlech kann et nëmme besser goen!

An déck zwee Joer si Wahlen, national a kommunal. Bis dohinner hunn d’Politiker nach e laange Wee ze goen! Deen Ament ass d’Land just eraus aus der Pandemiekris a just matzen an der Wirtschaftskris. Politique politicienne gehéiert mat zum politesche Geschäft. Et wier awer gutt, wann d’Politik sech net dorobber limitéiere géing!

Hale mir den Ament fest: d’Regierung huet déi politesch Offensive géint de Corona net schlecht geréiert, d’demokratesch Partei ass awer déi, déi am meeschte Schréipsen erwëscht huet. D’Madamm Cahen muss sech doriwwer Gedanke maachen, och als Parteipresidentin.

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *