Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Logement

Onnéidegt prozeduralt Geplänkels ronderëm de Logement! 

Onnéidegt prozeduralt Geplänkels ronderëm de Logement!
Image par Free-Photos de Pixabay

Et ass net ganz richteg, datt Projeten um Wunnengsmaart vu Flantermais, Schlaangen an Hecken dominéiert, dirigéiert ginn. Och d’Riichter wëllen e Wuert mat schwätzen. An esou gouf d’Prozedur ronderëm d’Virkafsrecht vun de Gemengen e Strapp méi komplizéiert, eigentlech zu enger Saach vun der Onméiglechkeet!

Deen droit de préemption gesouch bis ewell vir, datt de Propietaire vun engem gréisseren Terrain mat PAP – net fir en Eefamiljenhaus, ma fir eng substaniell Residenz drop ze bauen- prioritär ënner anerem huet mussen bei senger Gemeng passéieren, fir hir dat Grondstéck zum Verkaf unzebidden. D’Gemeng konnt guer net mat schwätzen wat de Präiss ubelaangt, konnt just e positiven oder negativen Avis ginn, d’Geschäft entweder fale loossen oder awer engkéier schlécken an de Bauterrain kafen.

Image par Free-Photos de Pixabay

Zanter dem pacte logement aus dem Joer 2008 gesäit d’Prozedur vir, datt de Schefferot den Dossier un en Notär weider gëtt, deen dann den Acte preparéiert. D’Geschäft gëtt duerno bannent zwee Méint vum Gemengerot duerchgewonk a kritt säi Stempel vum Inneministère.

zanter dem Verdikt vum Verwaltungsgeriicht vum leschten 21. Januar kritt déi Prozedur eng aner Nues. De Schefferot gëtt den Dossier eng éischte Kéier un de Gemengerot; wann deen dann averstaanen ass, geet d’Saach un den Notaire -deen och seng Zäitche brauch- an da kënnt de Verkaaf zeréck an de Gemengerot, wou schliisslech driwwer ofgestëmmt gëtt. An dat muss alles bannent zwee Méint geschéien!

Den Hoken bei der Saach ass, datt an den allermeeschte Gemengen de Conseil maximal eemol de Mont zesumme kënnt! Domatter gëtt fir si d’Virkafsrecht quasi onméiglech. Ganz dervunner ofgesinn, datt et Méint am Joer gëtt, wou de Conseil iwwerhaapt net zesumme kënnt, wéi zum Beispill am August. Den droit de préemption ass domadder zur Farce degradéiert! De Wee zu senger eegener Wunneng ze kommen, gëtt nach méi  holpereg a laang!

Image par Capri23auto de Pixabay

virun allem a kommunalpolitesche Kreesser gëtt zanter Wochen doriwwer vill diskutéiert an de Kapp gerëselt. D’Wunnengsnout ass grouss a besonnesch d’Gemengen hunn do eng Schlësselroll ze spillen. Eis Haaptstad zum Beispill huet den Ament 621 sozial Wunnengen. Net schlecht, kéint awer nach besser sinn. Vum  Knuedler héiert een, datt ee wollt nei Weeër goen, fir d’Offer ze vergréisseren. Mam Verdikt vum Verwaltunsggeriicht sinn de Gemengepolitiker zwar net d’Hänn komlett gebonnen, ma si kruten dach en onnéidege Klotz an de Wee gestallt.

Eigentlech Grond genuch fir e Gespréich tëscht dem neie Logementsminster Henri Kox an der Justizministesch Sam Tanson…

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *