Recent Posts

Post Categories

De Selfist Xavier Bettel 
De Xavier Bettel ass e Phenomeen fir sech. Hie schwätzt mat de Leit wéi wann hien mat hinnen alleguer an...
TNS-ILRES: Wiedergespills mat den Zuelen? 
D’TNS-Ilres entléisst d’CSV mat e puer Datzen an d’Vakanz. Déi konservativ Ministeren kommen am leschte POLITMONITOR gréisstendeels net gutt ewech,...
D’Elektrescht steet ënner Stroum 
Jidderee mécht esou seng Rechnung. Ech zum Beispill hunn an der Kichen 8 Halogene-Luuchten géint 8 LED ersat. Déi nei...
Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...

Blog Post

Innepolitik

EU-Conseilspresident? De Bettel confirméiert! 

EU-Conseilspresident? De Bettel confirméiert!

Dir waart zu enger Partie, fir mir déi net onberechtecht Kritik ze maachen, datt ech héich spekulativ wier, mat der Behaptung e leschte Méindeg, datt de Lëtzebuerger Premier am Gespréich wier, näechten EU-Conseilspresident ze ginn. An engem excellenten Interview mam Eric Ewald op Radio Lëtzebuerg huet de Staatsminister allerdéngs d’Confirmatioun dofir ginn. Zitat vun rtl.lu:

“Ech sinn effektiv déi lescht Woche gefrot ginn, ob ech Intressi hätt, fir Verantwortung an Europa z’iwwerhuelen!”: Dat huet de Premier Xavier Bettel e Freideg de Mëtten am RTL-Interview op d’Fro hi geäntwert, ob d’Rumeur stëmmt, dass de franséische President Emmanuel Macron hie fir en europäesche Spëtzeposte proposéiert hätt.Hien hätt den europäesche Kollege matgedeelt, dass hie ganz geéiert, mä net Kandidat fir sou ee Poste wär. Hie géif alles dofir maachen, dass d’aktuell EU-Kommissärin Margrethe Vestager Presidentin vun der Kommissioun zu Bréissel géif ginn, ma elo sollt een d’Leit mol fir d’éischt wiele loossen, sou de Xavier Bettel.

Et ass genee dat, wat ech geschriwwen hat. Fir EU-Conseilspresident ze ginn, ass een net onbedéngt Kandidat, ma et léisst ee sech proposéieren a wielen. An natiirlech muss de Wahlsonndeg ofgewaard ginn. Et gëtt nämlech dermadder gerechent, datt besonnesch déi grouss Volleksparteien wäerten déck Verloschter mussen astiechen, an da mussen Allianze fonnt ginn géint d’Populisten, wa méiglech ouni d’EVP. Ma esouguer mat de Konservativen kann déi jenodem wéi d’Resultat ausfält, keng ze grouss Fuerderunge stellen.

 

D at kéint dat eent oder anert politescht Erdbiewen mat sech bréngen. Geet de Matsch an Däitschland fir d’UNION dramatesch aus, ass net ausgeschloss, datt d’Kanzlerin Merkel de Moment gesäit, fir ze demissionnéieren. Gëtt de Bettel tatsächlech Conseilspresident (de Mann wollt jo eigentlech stater Buergermeeschter bleiwen), kënnt et bei eis zu engem Wiessel un der Spëtzt vun der Regierung, deen awer an den Hänn vun der DP bleiwt. An do faale mir zwee Nimm an: Lydie Polfer a Corinne Cahen. Déi éischt huet enorm Erfahrung, déi Zweet ass vill méi jonk a Parteipresidentin. De Xavier Bettel huet allemol mat deenen zwou Madammen schonn an deem Kontext Gespréicher gefouert….

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *