Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Finanzen

Manner CO2? Keng Kanner op d’Welt setzen! 

Manner CO2? Keng Kanner op d’Welt setzen!
Image by esudroff from Pixabay

Katastroph! De Weltklima gëtt e bësselchen opgehëtzt a schonn gesi mir schwaarz,pechschwaarz. D’Medien weisen eis Biller vu massivem Plastiksdreck, deen an de Mirer schwëmmt – wat effektiv eng Sauerei ass- a schonn gesi mir an all Fësch, deen op eisem Teller land, eng Reklamm vu Valorlux! Dat ass de gewinntenen Alarmismus. De Spaass héiert awer op, wann an de soziaale Medien jonk Fraen sech zu Aussoen hiräisse loossen:” Mäin ekologeschen Foussofdrock muss méi kleng ginn, also setzen ech kee Puppelchen op d’Welt!” Wat eng erschreckend Logik! Amplaz d’Schold vum Ooffall mol bei sech selwer sichen ze goen, entdeckt een d’Kand, dat nach net gebuer ass. Sou vills Dommheet deet fir d’éischt am Kapp wéi, awer duerno och am Häerz. Mier wäerten eis jo elo net alleguerten steriliséiere loossen!

D’Apocalypse ass nach net fir mar! Ma wéi de Laurent Alexandre am l’EXPRESS schreiwt:“Les Verts vont mettre nos enfants sous prozac”.

Ass normal, datt geschwënn all Jugendlechen en anti-dépresseur brauch, fir moies iwwerhaapt aus dem Bett ze kommen, sech duerno an de gratis Bus ze schleefen, fir schliisslech d’Schoul ze schwänzen fir op d’Freidesgebiet géint de Klimawiessel ze trëppelen.

Image by ambermb from Pixabay

Nach engkéier! Ech ënnerstëtzen d’Jugend an hirem Wëllen, eppes géint d’Klimaophëtzen a Beweegung ze bréngen. Mä, nach brutzele mir nach net an der Häll. De Site novethic.fr publizéirt eng Lëscht, wat een nach däerf a wat net, esou wéi senger Zäit de Moses mat sengen 10 Geboter koum:

*Reklamme gi verbueden, well déi hëtzen eis jo op, fir nees ze kaafen,

*eng Persoun däerf net méi wéi fir 1 Kilo neit Gezai pro Joer kafen, Kaffi an Théi gi rationnéiert, grad wéi exotesch Friichten,

*et soll ee just de Flieger fir an Europa benotzen; wann een de Kontinent verléisst, muss een eng gudd Uursaach kënne virweisen,

*no 10 Auer Owes mussen d’Luten an den Haiser ausgemaach ginn, esou, wéi wa grad Bommenalarm wier,

*de grénge Wues gëtt vertbueden, mir gi verpflicht, nees Gromperen ze setzen asw.

Déi perfekt gréng Diktatur also!

D’Greta Thunberg seet vu sech selwer, datt et fir si just schwaarz oder wäiss gëtt. Et ass een entweder derfir, oder dergéint. Eppes dertëscht gëtt et net! Léiw Jugendlecher, wann Dir matt op dee Wee gitt, radikaliséiert Dir Ierch komplett, op déi eng oder op déi aner Manéier. Esou fonktionéiert awer eng demokratesch Gesellschaft net! De Laurent Alexandre schreiwt zimmlech krass ausgedréckt: “N’écoutez pas les marchands de la peur….et ne soyez pas les idiots utiles du lobby des industriels des énergies renouvelables: l’économie verte est un immense fromage…”

E bësselchen erënnert et mech u meng Jugend. Do gouf esou vill Angscht rondrëm den zivillen a militäreschen Atom bedriwwen, datt och deemols Meedercher gemengt haten, et géing kee Sënn maachen, neit Liewen op d’Welt ze setzen. Haut sin se Mamm, wann net scho Boma…

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *