Recent Posts

Post Categories

Spillt déi jonk Generatioun an der politescher Sandkaul grad mam Feier? 
An enger ganzer Partie Länner gëtt an den nächste Méint gewielt: Frankräich, Spuenien, Däitschland, Italien, Polen, Schweden. D’Prognosen sinn iwwerall...
De Selfist Xavier Bettel 
De Xavier Bettel ass e Phenomeen fir sech. Hie schwätzt mat de Leit wéi wann hien mat hinnen alleguer an...
TNS-ILRES: Wiedergespills mat den Zuelen? 
D’TNS-Ilres entléisst d’CSV mat e puer Datzen an d’Vakanz. Déi konservativ Ministeren kommen am leschte POLITMONITOR gréisstendeels net gutt ewech,...
D’Elektrescht steet ënner Stroum 
Jidderee mécht esou seng Rechnung. Ech zum Beispill hunn an der Kichen 8 Halogene-Luuchten géint 8 LED ersat. Déi nei...

Blog Post

Schnoken

Dem Staatsbeamten seng Obligatiounen am Fall vun engem Dimmer 

Dem Staatsbeamten seng Obligatiounen am Fall vun engem Dimmer
Image by Bogdan Radu from Pixabay

Vill Blétzliicht, vill Kaméidi gëschter Owend. Den Donnerknulles huet gutt gedoen, ma ech duecht un dat, wat fréier meng Bomi sot: wann et esou richteg iwwer dengem Kapp dimmert, maach Dier a Fënsteren zou. Ass dat eng Behaaptung déi Kapp a Fouss huet oder ass et éischter Hokuspokus? Ech hu mech op d’Sich gemaach, assistéiert vu mengem neie Frënd, dem Kai och alt mol KI genannt.

Ech hunn net schlecht gestaunt. D’Regierung läit komplett op menger Bomi hirer Linn. Wann et kräfteg donnert a blëtzt, gëtt un d’Populatioun appelléiert, Fënsteren an Dieren zouzemaachen. Deen Opruff gëtt iwwer Alerte.lu gemaach, nozeliesen ënner dem sprëtzegen Titel: vigilance orange-orage. https://bit.ly/4hcfoYv Firwat dat soll gutt sinn, gëtt net weider explizéiert. De Kai mengt, et hätt wuel kaum eppes mat méi oder manner Sécherheet am Haus ze dinn, schliisslech wieren dem Blëtz déi puer Millimeter Glas oder en Zylinderschlass esou eppes vun egal.

1 : 0 fir d’Bomi. A wéi ass et mat enger weiderer Behaaptung bestallt, datt deen Aktionismus eng Obligatioun wier fir de Staatsbeamten? Am Lëtzebuerger Beamtestatut https://bit.ly/3TAVhtd kommen ech weider: et gëtt d’Suergfaltspflicht. E Beamten ass fir d’Material an d’Raimlechkeeten verantwortlech, déi him vum Staat zur Verfügung gestallt ginn [1, 2] Wann et also am Himmel e Kuerzen am Elektresche gëtt, muss de Fonctionnaire aktiv ginn: schliisslech ka wéinst enger oppener Fënster villes geschéien.

Reen a Knëppelsteng kommen an de Bureau gefall, onglécklecherweis op Computer a sos sensibelt Geschier, staark Loft

Image by StockSnap from Pixabay

fitscht alles am Raum op d’Kopp, confidentiel Dokumenter op Pabeier maachen sech selbstänneg asw. Déi verschidde Ministèren hunn iwwregens en internt Reglement, wouranner kloergestallt ass, datt de Beamten beim Verloossen vun der Aarbechtsplaz muss no Dieren a Fënstere kucken- schliisslech soll een et den Abriecher net ze einfach maachen.

War de Fonctionnaire noléisseg an et ass Schued entstanen, riskéiert hien en ordre de justification ze kréien, wou hien 10 Deeg Zäit huet, säi point de vue duerzeleeën. Selon la gravité des faits et la pertinence de la justification, le chef d’administration ou son délégué décide, soit de verser le document au dossier personnel de l’agent, soit d’en saisir l’autorité investie du pouvoir disciplinaire.De Beamten riskéiert een Avertissement oder eng réprimande, a wann et ganz schlëmm ass, eng Geldstrof – bis zu engem ganze Mountsgehalt!

Do kënnt déi nàchst Deeg a Wochen nach esou Munches op déi souwisou gebeidelt Staatsbeamten duer. Tjo, esou huet ebe jiddereen säi Kräiz ze droen…

 

 

 

 

Previous

Dem Staatsbeamten seng Obligatiounen am Fall vun engem Dimmer

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *