Recent Posts

Post Categories

Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...
Friedrich Merz a Luc Frieden, même combat? 
D’Parallellen tëscht deenen zwee Politiker sinn erstaunlech: deen een war 7 Joer laang President vun der BIL, deen aneren Chef...
Frank Bertemes: Der Schmetterlingseffekt 
Im übertragenen Sinn bedeutet der Begriff, dass scheinbar unbedeutende Handlungen, kleine Zufälle oder Entscheidungen in der Vergangenheit enorme und weitreichende...
Tripartite, Festival vun de gudden Affairen 
Als Rappel: D’Tripartite gouf an d’Liewe geruff an de 70-ger Joer, wéi de Stär vun der Arbed am gaange war,...

Blog Post

Innepolitik

De Kriibsgang bei der LSAP geet weider 

De Kriibsgang bei der LSAP geet weider
paperJam.lu

Iwwerraschungsgackelchen virun Ouschteren bei de Genossen! D’Paulette Lenert ass un engem Posten am Staatsrot interesséiert. Dat kann een duerchaus novollzéien, ëmmerhin war si an engem anere Liewen Riichterin. Si kann also Gesetzer liesen an interpretéieren. D’Aarbecht am Staatsrot géing hir  Spaass maachen an d’Akommes léich och iwwer dem Mindestloun. D’Paulette misst allerdéngs der aktiver Poliik de Réck dréien. D’LSAP géif hiert wuel bekanntste Gesiicht verléieren.

Den eventuellen Depart aus der Politik gouf iwwregens ganz geschckt geleaked, d’RTL-Chefredaktioun huet sech gëéiert gefillt. D’LASEP-Memberen goufen um Radio gewuer, datt d’Madamm Lenert -déi virun zwee Jor wollt Staatsministesch ginn-an hirem Schlofveräin d’Bengele bei d’Tromm geheit; ma eigentlech duerft keen esou richteg iwwerrascht gewiescht sinn, well d’Paulette huet zanter iwwer engem Joer weider keng politesch Akzenter gesat. Si huet fleeschmaatesch gewierkt, oninteresséiert, genervt. Si war sech bewosst, datt hire Klippche schwéier Zäite viru sech hätt.

Ganz um Enn ass d’Geschicht Paulette nach net. Déi 12  Genossen sinn nämlech ënnert sech zerstridden. De fréiere Wirtschaftsminister Franz Fayot gëtt ëmmer méi an de Motzeck gedréckt, d’Liz Braz -am Süde gewielt- zitt et ëmmer méi an den Zentrum, de Mars di Bartolomeo kritt agetriichtert, datt et un der Zäit ass, déi politesch Bün ze verloossen,  d’Taina Bofferding fënnt als Fraktiounscheffin net de richtegen Takt fir déi kleng Kapell ze dirigéieren, an de Ben Polidori ass als Ex-Pirat nach net grad dréchen hannert den Oueren.

A schliisslech huet virun zwee Méint e gewëssene Ben Streff decidéiert, d’Land misst gewuer ginn, datt d’Partei och e Manager huet a gouf an där Fonktioun seng Demissioun bekannt. Sollt d’Paulette goen, géif de Ben an d’Chamber noréckelen. Dee Mann aus dem Osten, dee vill Kriticken formuléiert hat, och un d’Adress vu senger Bezierksschwëster: d’Krommroden an d’Krommrodinnen géingen sech zum Beisill net genuch um Terrain weisen. Dat war nach diplomatesch ausgedréckt!

Déi ganz Rasselband muss sech elo zesummendoen fir d’Paulette och tatsächlech fir déi héich Kierperschaft ze nominéieren. An op deem Punkt goung déi lescht Joerzéngten de Schoss méi ewéi engkéier no hanne lass. Am Sozialismus sinn se eben all Bridder a Schwësteen….

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *