Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Featured

Politesch Meteo vun der DP 

Politesch Meteo vun der DP
pixabay

Bei der DP gi Still geréckelt an domadder Weiche fir d’Zukunft gestallt.Tatort: dëse Sonndeg um Kongress. D’Carole Hartmann gëtt nei Parteipresidentin amplaz vum Lex Delles. De Kulturentdeckungsminister Eric Thill réckelt da fir si erop als neie Generalsekretär vun der Partei. D’Krichministesch Yuriko Backes -och zoustänneg fir d’Mobilitéit an déi ëffentlech Bauten- kandidéiert fir de Posten als éischt Vizepresidentin amplaz vum Familljeminister Max Hahn. An, Cocorico, e gëtt e Come back! D’Corinne Cahen wëll och nees e Wuert matschwätzen an huet sech grad esou als zweet Vizepresidentin vun där demokrateschster Partei ugemellt. D’Parteispëtzt ass domadder zu 100 Prozent weiblech. Dat wërft Froen op!

Natierlech kann een argumentéieren, datt d’Männerwelt Joerzéngte laang de Beräich vun der Politik wéi e Wollefsruddel verdeedegt a fir sech an Usproch geholl huet an datt et un der Zäit ass, datt d’Mudderen iwwerhuelen. An nawell muss et erlaabt sinn, d’Roll vu männlechen Alpha-Déieren ze hannerfroen. Wisou hält de Lex Delles als Parteipresident op? Dat héiert sech bal esou un, wéi wann hien d’Bengelen déit bei d’Tromm geheien!

gouvernement.lu

De Mann ass kompetent, kënnt a Wirtschaftskreesser net schlecht un, hien ass sympathesch, erfëllt also all d’Viraussetzungen  fir bei den nächste Chamberwahlen als Spëtzekandidat unzetrieden. A wat mécht hien? Hien zitt sech aus der Parteispëtzt zeréck. Kloer, et kann een och gewielt ginn ouni Parteipresident ze sinn, an awer ass et eng Schwächung vu senger Positioun, zugläich vun der Partei.

.De Lex Delles deckt nämlech de wirtschaftsliberalen Deel of vun der DP,, an dee steet elo plakeg do. Op där anerer Säit vill zousätzlech Aarbecht fir d’Carole Hartmann, déi zanter 2 Joer als Deputéierten an der Chamber sëtzt, déi  Member ass vun der parlamentarescher commisisons des comptes an déi – esou. niewebäi gesot- Buergermeeschtesch ass vun Iechternach. D’Stëmmung bei de Liberalen wier dowéinst och net grad phantesimalesch.

Besonnesch déi eeler Joergäng wësse genee wat um Spill steet: wann d’Parteifront am Wirtschaftseck zesummebrécht, brauch de Koalitiounspartner kee Leopard-Panzer, fir do definitiv déi éischt Gei ze spillen. D’CSV kéint also op deem Plang tatsächlech déi besser liberal Partei ginn. Pastis drénken a Petanque spillen. Verschidden al Huese sinn sech dees bewosst a leien alles aneschters ewéi op där nämmlechter Ligne vun enger Yuriko Backes Mat hier sinn d’Relatiounen am Henri Funck-Äiskeller ukomm. Vläicht stécht méi dohannert…

Dee geplangten an ugekënnegte come back vun der Ex-Ministesch an Ex-Parteipresidentin Corinne Cahen. kënnt net ewéi aus dem Hutt gezaubert, ma war vun där Fra laang iwwerluecht. Et heescht, si hätt sech an de Kapp gesat, datt deen nächste Premier weiblech gëtt. Also eng Première! Am duebele Sënn! Wat ass drun un deene Rumeuren? Schwéier ze soen. Ma wien déi Persoun kennt, weess, datt si ni kleng gesäit…

Related posts

1 Comment

  1. Frank Bertemes

    No där leschter Koalitioun mat der CSV. Minus 5 Sëtz-an elo …mat esou enger “Féierung”?

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *